Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung

    Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll. Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.

    10 min
  • Filmkritik: No Other Land
    E politeschen Documentaire iwwer de palästinensesche Widderstand géint déi israeelesch Koloniséierung am Westjordanland. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic haten de Film am Grousse Kino beschwat.
    10 min
  • Bach in the Subways 2025
    Bach in the Subways - dat ass de Motto ënner deem weltwäit den 21. Mäerz dem Johann Sebastian Bach säi Gebuertsdag gefeiert gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dee Mini-Festival zanter e puer Joer a fir d’Editioun 2025 ass et eng Kollaboratioun tëschent dem INECC (Institut Européen de Chant Choral), dem Ensembel Ad Libitum an der neier Bach Vereenegung Lëtzebuerg (BVL).
    Op deem engen Dag ginn et 58 Mini-Concerten op verschiddene Plazen an der Stad, um Kierchbierg an am Garer Quartier - ënner anerem am Gebai vum Kulturministère an an der Fondation Pescatore.
    Wéi all Joer gëtt och erëm de Bach Project Choir dofir organiséiert, bei deem jidderee matsange kann. Umelle kann ee sech op inecc.lu.
    De Lex Kauffmann huet sech mam Jean-Paul Hansen vum Comité BVL iwwer de Mini-Festival ënnerhalen.
    6 min
  • Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
    Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
    16 min
  • Um Radar - ënner der Woch
    Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt - a geheit zesumme mam Jo Welfringer ee Bléck op den immersive Pavillon an Neimënster.
    7 min
  • Ee Concert mam Kreisler Quartett
    2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel, deen aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker besteet, huet dobäi ee breet gefächerte Repertoire.
    Dëse Sonndeg (16.3.) spillt d'Formatioun ee Concert zu Lasauvage an der Eglise Sainte-Barbe.
    Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt den Cellist Niall Brown iwwer d'Creatioun vum Kreisler Quartett , de Concertsprogramm an d'Liewen tëschent berufflechem a private Museksliewen.
    8 min
  • D’Néckel Scholtus versicht mat der Kamera d’Realitéit ze spieren
    “Eng optimal Balance tëschent Beruff a Privatliewen ass net nëmme fir déi mental Gesondheet, mee och fir eng laangfristeg Produktivitéit vu Bedeitung, dowéinst muss een tëschent béide kloer Grenzen zéien!” fuerdere Guiden a fette schwaarze Buschtawen. Do kënne verschidde Kënschtler:inne warscheinlech just de Kapp rëselen: wéi soll dat an hirem Alldag méiglech sinn? D’Fotokënschtlerin Néckel Scholtus trennt net an doriwwer eraus ass hir Famill och reegelméisseg Bestanddeel vun hirer Konscht. Momentan zum Beispill bei der Expo “Entre réel et impalpable” am CAPE zu Ettelbréck. D’Kerstin Thalau huet d’Néckel Scholtus an de Studio invitéiert.
    15 min
  • Catch Music Festival
    "Flott Musek zesumme maachen a Freed zesummen hunn" - dat ass d'Zil vum Catch Music Festival. Dat ass ee Kammermuseksfestival hei am Land, deen dëst Joer seng 4. Editioun vum 14. bis de 16. Mäerz zu Bouneweg huet. Grënnerinne sinn zwou Lëtzebuerger Musekerinnen: d'Pianistin Cathy Krier an d'Geiistin Laurence Koch.
    Et geet haaptsächlech dorëms, deen "alen, verstëbsten, ultra steiwen Image, deen d'klassesch Musek huet, ze briechen", wéi d'Cathy Krier ë. a. erzielt am Gespréich mam Marie Trussart.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners