
Sign up to save your podcasts
Or


Fir de Joresufank presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden traditionell eng Expo zum Theema “Illustréiert Buch an all senge Variatiounen“. Wéinst den Ëmbauaarbechte war dat 2025 net méiglech. Kee Grond fir komplett op d’Aktioun ze verzichten. Déi jonk Illustratrice Viki Mladenovski, Joergang 1993, krut den Optrag, e Wimmelbuch ze entwerfen. Doranner sollten d’Rotondë selwer, mat hiren Aktivitéiten an alldeegleche Geschichten, am Zentrum stoen. D’Buch ass mëttlerweil an de Rotonden, an och an de Librairien, ze gesinn an ze kréien, an dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Viki Mladenovski an de Studio invitéiert.
Gëschter (6.3.) war d’Ouverture vum LuxFilmFest - dëst Joer mat engem Ouvertures-Film, an deem d’Vicky Krieps matspillt an deen och op der Berlinale am Wettbewerb gelaf ass. “Hot Milk” vun der Rebecca Lenkiewicz ass eng Verfilmung vum Roman vun der Déborah Lévy - a verhandelt ënner anerem eng toxesch Relatioun tëschent enger Mamm an hirer Duechter. Dernieft ass haut um Freideg deen éischte Film am Dokumentarconcours ugelaf – “A Fidai Film” vum Kamal Aljafari erzielt op eng experimentell, wéineg narrativ Manéier d’Geschicht vum palästinensesche Vollek mat Hëllef vun Archivbiller, Prosa vum Auteur Ghassan Kanafani an der “Kamera vun den Depossedéierten”. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker hu sech déi zwee Filmer ugekuckt.
D’Harf ass e ganz duusst, rouegt a langweilegt Instrument, dat dacks just da genotzt gëtt, wann et drëm geet, datt d’Musek eng verdreemte Stëmmung kritt. Mee stëmmt dat? “Nee”, seet d’Catherine Beynon. Fir déi verschidde Facettë vun hirem Instrument ze weisen, trëtt d’Harfenistin vun de Lëtzebuerger Philharmoniker e Sonndeg um 11 Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie op a proposéiert mat anere Membere vum Orchester e Programm ronderëm den Titel Harp in Harmony. De Luc Boentges huet mat der Solistin iwwer d’Harf an d’Affiche vun dësem Concert apéritif geschwat.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners