
Sign up to save your podcasts
Or


D'Ana Maria Tzekov, huet zanter Abrëll 2024 d'kënschtleresch Leedung vum CAPE iwwerholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt si, wéi een et trotz der héijer Verantwortung packt, eng gutt Work-Life Balance ze halen, wéi hir Erfarungen an der Wiener Volksoper an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg hir Visioun fir de CAPE präägt. Si erkläert wourauser d'Aarbecht vun enger Directrice artistique besteet an iwwerhaapt: wéi et hir geet.
De Conseil d’Administration vu Musek am Syrdall huet haut op der Websäit vun der ASBL matgedeelt, datt dëst Joer déi lescht Editioun vum Festival stattfënnt. De Grond wier eng positiv Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kuturzeen, déi sech “largement profesionnalisée et diversifiée” hätt. Domat wier de Festival, deen 1988 gegrënnt gouf, hautzedaags net méi an der Lag ze bestoen. De President Jeannot Waringo huet am Interview mam Christophe Mirkes méi ausféierlech iwwer d’Hannergrënn geschwat. Déi lescht Editioun vu Musek am Syrdall fänkt den 23. Mäerz 2025 un.
Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwer den Atlantik geflunn. D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel United instruments of Lucilin. D'Opféierung ass den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad. D'Albena Petrovic schreift awer net nëmmen Operen. Si ass grad erëm vun New York, wou e Concerto vun hir an der Carnegie Hall opgeféiert gouf ...
Ausser datt seng Mamm op der Lëtzebuerger Ambassade zu Wien schafft, hat de Lukas Sternath bis elo keng Relatioun mat Lëtzebuerg. Nach ewell gouf de Pianist gemeinsam vum Musikverein Wien, dem Konzerthaus Wien an der Philharmonie fir d’Serie Rising Stars nominéiert. Muer Dënschdeg, 4. Mäerz, feiert de Lukas Sternath an dëser Concertsrei säin Debut zu Lëtzebuerg.
No "Mettre au Monde" - ee Stéck iwwer Leihmutterschaft - brécht d’Realisatrice Renelde Pierlot mat engem weideren Tabou-Sujet a proposéiert mat "Les jours de la lune" ee Stéck iwwer Menstruatioun. "Pas le sujet le plus vendeur qui soit", seet eng Figur um Ufank vum Stéck. An awer - oder eebe grad - ass et een Theema, dat jiddweree betrëfft. "Les jours de la lune", geschriwwe vun der Renelde Pierlot an dem Francesco Mormino, ass eng Rees vum Obskurantismus an d’Luucht vun der Wëssenschaft an der Gläichberechtegung. De Jeff Schinker huet d’Metteuse en scène fir ee Gespréich an de Studio agelueden.
Ouni Doudesfäll geet et dann awer net: Nom Erfolleg vun den zwou Saisone vu "Capitani" ass et net méi um Luc "Capitani" Schiltz, mee um Albert Henrotin (Jules Werner) un um Léon Clemens (Timo Wagner), Fäll ze léisen. Anescht wéi bei "Capitani" interesséieren sech déi zwou fiktional Figuren awer fir Fäll, déi wierklech passéiert sinn - an eis an d’Lëtzebuerg vum fréien 20. Joerhonnert zeréckféieren. De Jeff Schinker huet de Realisateur a Showrunner Loïc Tanson esou wéi d’Schauspiller Marie Jung a Philippe Thelen bei sech an de Studio agelueden, fir sech iwwer d'Serie ze ënnerhalen.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners