Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Operette ist die ultimative Leidenschaft”

    "Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft".

    Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt.
    Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.

    10 min
  • Filmkritik: "Confidenza"
    Dem Daniele Luchetti säin Drama iwwer e Mann, dee sech selwer eng Fal gestallt huet, hunn de Michel Delage, Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi am Grousse Kino beschwat.
    11 min
  • Berlinale (9)
    Véier Lëtzebuerger Koproduktioune waren dëst Joer am Wettbewerb vun der 75. Berlinale - een absolutte Rekord. Eng dovunner krut och ee Präis, an zwar dem Radu Jude säi “Kontinental 25“, deen och an der Competitioun vum LuxFilmFest lafe wäert. De Jeff Schinker huet mam Paul Thiltges, Koproduzent vu “Kontinental 25“ geschwat - an de Palmarès analyséiert.
    17 min
  • Aircheck Session: AEM

    AEM - esou heescht de Solo Museksprojet vun der Ema Macara. Eng Musekerin, déi a Portugal op d‘Welt koum an hei zu Lëtzebuerg opgewuess ass. Et kann ee sech an hirer Aircheck Session op elektronesch Popmusek gefaasst maachen, an där Vulnerabilitéit, Danzen, an e bëssen Däischtert am Mëttelpunkt stinn. Ingredienten, déi een dann och op hirer EP “Chaga“ ze héiere kritt, déi am November 2024 erauskoum.

    20 min
  • Abléck an déi portugisesch Museksgeschicht

    Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek.

    De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.

    8 min
  • Hommage à Alexander Mullenbach

    Den 2. Mäerz 2025 ass zu Helleng um Kergerhaff e Concert zu Éiere vum Lëtzebuerger Komponist Alexander Mullenbach. Obwuel den A. Mullenbach zu Salzburg doheem ass, wäert hie fir dësen Optrëtt zu Lëtzebuerg sinn. Hien huet och de Programm selwer zesummegestallt. Um Programm sti Wierker vu lauter bekannte Lëtzebuerger Nimm, dorënner och den Alexander Mullenbach selwer. Et wäert och eng Uropféierung gespillt ginn. D'Exceptioun um Programm, dee vun ARS NOVA Luxembourg interpretéiert gëtt, ass déi franséisch Komponistin Pierrette Mari. D'Initiativ fir den "Hommage à Alexander Mullenbach" ze organiséiere geet op säi fréiere Schüler an hautzedaags selwer etabléierte Komponist Camille Kerger zeréck. De Christophe Mirkes huet ënner anerem mat him iwwer säin haitegt Verhältnes zum Alexander Mullenbach geschwat. Fir de Concert lauschteren ze goen, soll ee sech iwwer Email umellen. Weider Detailer ginn et op www.opus.radio.

    9 min
  • Berlinale (6) Am Gespréich mat der Céline Camara

    Nach virun zéng Deeg stoung si op der Bün vum Kasemattentheater an engem Stéck iwwer Aarmut zu Lëtzebuerg, e puer Deeg drop war si als eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D. am Hélène Cattet a Bruno Forzani hirem verréckte Geheimagente-Metafilm "Reflet dans un diamant mort" ze gesinn - ee Film, deen net just op der Berlinale, mee och geschwënn um LuxFilmFest am Wettbewerb leeft. Wärend de ganze Filmmilieu amgaange war, eng oder e puer Kippercher ze drénken a sech un de Schnitterchers-Plateauen zerwéiert huet, huet sech de Jeff Schinker mat der franséischer Schauspillerin ënnerhalen.

    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners