Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am Gespréich mam Brian Case vu FACS
    Déi amerikanesch Noise Band FACS hunn de Mëttwoch an de Rotondë gespillt. Hire leschten Album, “Wish Defense”, ass ënner anerem dofir bekannt, dat lescht Wierk ze sinn, dat de Legenden-Tountechniker Steve Albini opgeholl huet. De Sänger Brian Case huet sech virun der Show Zäit geholl mam Nicolas Calmes iwwer Songtexter, Gedichter a verstuerwe Kolleegen ze schwätzen.
    11 min
  • Vältesdag an der klassescher Musek
    Dir wollt schonn ëmmer d'Geschicht ëm dem Beethoven säin "Für Elise" kenneléieren? Ee Beispill vu villen dat weist, datt d'Léift an der klassescher Musek schonn ëmmer en Theema war. Mee och tëschemënschlech Bezéiunge goufen an der Musek zum Ausdrock bruecht.
    A wéi war et mat der bekannter Bezéiung tëschent der Clara an dem Robert Schumann?
    De Lex Kauffmann aus der Klassikredaktioun huet sech bekannte Wierker a Bezéiunge méi genee ënner d'Lupp geholl.
    4 min
  • Berlinale (1)
    Gëschter (13.02.) huet déi 75. Berlinale ugefaangen. A wéi wa Lëtzebuerg wéilt matfeieren, datt et de Berliner Filmfestival elo schonn een 3/4-Joerhonnnert gëtt, sinn dëst Joer rekordverdächteg vill - also ganzer sechs - Lëtzebuerger Koproduktiounen um Start. De Jeff Schinker ass de Mëttwoch Owend no enger sportlecher a virun allem endloser Zuchfaart mat der DB dann och iergendwann zu Berlin ukomm - a gëtt eis en éischten Abléck an den éischten Dag vum Festival.
    10 min
  • Vu Pinguin bis Papageno
    De Schrëftsteller Guy Helminger war zu Ushuaia, an der leschter Stad virun der Antarktis. Fréier hunn do am Feuerland 4 Vëlkergelieft. Haut net méi. Mee et kann een am Beagle-Kanal Pinguine kucke goen.
    6 min
  • Endlech ... Vältesdag 2025 nees mat der Bridget Jones?
    Pünktlech fir Valentinsdag ass d’Bridget Jones nees zeréck. Déi sarkastesch Brittin ass elo an engem neie Liewensofschnëtt ukomm a sicht als Wittfra am Film “Mad About the Boy” nach eemol déi grouss Léift. Ass dës 90er Romcom-Ikon awer nach zäitgeméiss? D’Claire Barthelemy kuckt op de Phenomeen zeréck.
    5 min
  • Kreativ an de Feierowend
    D’Martina Menichetti ass eng Allrounderin: Flüttistin, Pianistin, Songschreiwerin, Produzentin an och am edukative Beräich aktiv. An der Philharmonie huet si eng Partie Projeten an Atelieren entwéckelt, dorënner een neit Format: de Musical Afterwork. Dobäi geet et drëms, wéi een no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi kritt an nei Energie tankt.
    De Guy Engels huet sech mat der Martina Menichetti iwwer d’Konzept vum Musical Afterwork ënnerhalen.
    7 min
  • Rentrée littéraire (2) "Un perdant magnifique" vun der Florence Seyvos
    Nom Frédéric Beigbeder sengem "Un homme seul" rezenséiert de Jeff Schinker ee weidere Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, dee sech mat enger enigmatescher Pappefigur auserneesetzt. Am Géigesaz zum Beigbeder ass der Schrëftstellerin a Zeenaristin Florence Seyvos hei awer ee melancholeschen, empathesche Roman gelongen, deen tëschent Frankräich an der Elfenbeinküst pendelt.
    8 min
  • Immersiv, explorativ, kontemplativ
    Fir dësen Album mat engem immersive Klangerliefnes a vollem Ëmfang ze genéissen, muss ee fir d'éischt verstoen, wouranner säin Ursprong läit. Dee féiert nämlech an e fréiere Waassertuerm am australeschen Outback. Wann ee sech do an der Wüst d'Landschaft, de Stärenhimmel an d'Rou virstellt, da begräift een direkt déi atmosphäresch Spannung. Déi Klangwelt entsteet net nëmmen duerch déi analog Instrumenter vu The Noise String Quartet, mee och duerch digital vum Komponist provozéiert Verännerungen um Computer.
    De Komponist Georges Lentz huet mam Christophe Mirkes iwwer seng Visioun an iwwer seng klanglech Experimenter geschwat, déi hien am Laf vu senger neier Kreatioun entwéckelt an ausgeschafft huet.
    7 min
  • Eng gedeelte Geschicht häpperchersweis
    Viru knapps zéng Joer hu sech déi plastesch Kënschtler Nora Wagner a Romain Simian zu Lëtzebuerg an en Auto gesat, a si mat wéineg Sak a Pak duerch Ost-Europa gejauft. Do wou si spontan stoe bliwwe sinn, hu si experimentell Konschtprojeten duerchgeféiert. Zejoert huet d’Nora Wagner dës Iddi nei opgegraff, fir se zu Fouss duerch d’Groussregioun weiderzeféieren. Och déi Kéier goung et ëm d’Potential vu kollektiver Kreativitéit, spontane Renconteren, d’Zesummenerliewen. Nach bis de Sonndeg ginn d’Resultater dovunner als Konschtexpo an der Saarbrécker Stadtgalerie gewisen. D’Kerstin Thalau war kucken an huet fir d’Nora Wagner an de Studio invitéiert.
    17 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners