Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Architektur an Tätowéierungen an Argentinien
    De Schrëftsteller Guy Helminger war an Argentinien ënnerwee, a Stied, déi ausgesinn, wéi net geplangt, op Bierger, déi et a sech haten an huet Leit begéint, déi net nëmme kommunizéiert hunn, wa si geschwat hunn. Eng Rees duerch Sonn a Schnéi a Pampa
    6 min
  • Pianostrio mat Flütt a Klarinett
    Den 9. Februar spillen dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire en Triosconcert um Buerglënster Festival. Et handelt sech heibäi net ëm de gewéinleche Pianostrio mat Gei an Cello, mee hei héiert een de Piano an der Kombinatioun mat Flütt a Klarinett. De Repertoire ass kloer opgedeelt: virun der Paus Schubert, no der Paus franséisch Kläng.
    D'Flüttistin Aniela Stoffels verréit, firwat als Bléiser bei den Transkriptioune vum Schubert senge Sträichersonaten aner Schwieregkeeten optauche wéi bei der franséischer Musek, déi geziilt fir d'Klarinett a fir d'Flütt geschriwwe gouf.
    8 min
  • Eva L’Hoest - The Mindful Hand
    Wéi een Afloss hunn analog an digital Techniken op eis Perceptioun an Erënnerung? Mat där Fro huet sech déi belsch Kënschtlerin Eva L’Hoest an der Expo “The Mindful Hand” beschäftegt. Mat Objeten aus dem 3D-Drocker liwwert si Wierker, déi sech tëschent Bild a Skulptur befannen a léisst d'Grenz tëschent analogen an digitale Medie verschmëlzen. De Joé Birchen huet een Tour duerch d’Ausstellung gemaach.
    6 min
  • Les exclus du festin
    E Stéck iwwer Aarmut an engem räiche Land, "Les exclus du festin", befaasst sech mat all deenen, déi kee Stéck vum Lëtzebuerger Kuch ofkruten, a baséiert op engem Text vum Claude Frisoni, deen awer fir d’Bün ugepasst gouf. Ee Gespréich mat der Regisseurin Leonie Rebentisch an der Regieassistentin Sara Goerres.
    17 min
  • “E Krees, dee sech schléisst”
    De Jean-Paul Hansen huet iwwer 30 Joer laang am Escher Conservatoire enseignéiert, de Groussdeel dovunner fir d’Instrument vum Hautbois. Am Juli 2025 geet hien an d’Pensioun, an dëse Samschdeg spillt hie scho säin allerleschten Enseignantsconcert am Conservatoire. Um Programm steet ënner anerem Musek, déi hie schonn als Student um Mozarteum zu Salzburg opgeféiert huet.
    D’Marie Schockmel huet de Jean-Paul Hansen ënner anerem gefrot, wéi hie sech fillt no esou enger laanger Zäit säi leschten Enseignantsconcert ze spillen, an ob et heiansdo och e bëssen erausfuerderend wier, zesumme mat aneren Enseignanten an engem Concert opzetrieden.
    7 min
  • “The Things We Carry”: eng Interpretatioun vun der Julie Wagener
    D’Villa Vauban huet, als Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg, hir eege Sammlung: déi 300 Peinturë stamen haaptsächlech vun hollänneschen, belschen a franséische Moler aus dem 17. bis 19. Joerhonnert. Natierlech gëtt d’Collectioun reegelméisseg duerch Acquisitiounen an Donen erweidert: viru 5 Joer koumen iwwer 1.300 Gravuren aus dem 15. bis 20. Joerhonnert bäi. Déi gëllt et dem Public accessibel ze maachen. Momentan doduerch, datt eng Selektioun dovunner am Dialog mat Aarbechte vun der Julie Wagener ausgestallt ginn. Dowéinst huet d’Kerstin Thalau déi fräischaffend Kënschtlerin an Illustratrice an de Studio invitéiert.
    22 min
  • “Superhero Pose” virun all Concert
    D’Matilda Lloyd ass eng jonk brittesch Trompettistin, déi elo fir déi alleréischt Kéier op Lëtzebuerg kënnt. An der Philharmonie spillt si am Kader vum Rising Star-Programm vun der ECHO (European Concert Hall Organization) e Concert mat engem ganz diverse Programm.
    Éier si hir Wallis fäerdeg gepaakt huet fir hir Rees vu Berlin bis heihinner, huet d’Trompettistin dem Marie Schockmel op e puer Froe geäntwert. Ënner anerem verréit si, wat hiert Liblingswuert op Däitsch ass an hiert Ritual kuerz virun all Optrëtt.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners