Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • “It is like going on a girls trip”
    tenThing Brass spillt fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer. tenThing Brass ass een 100 Prozent weiblechen Ensembel - et sinn 10 Musekerinnen aus Norwegen. Si spillen elo hiren alleréischte Concert als Grupp hei am Land, an dat am Artikuss zu Zolwer (Gemeng Suessem). 2007 huet d’Tine Thing Helseth de Grupp gegrënnt an hiren éischten Nonumm ass dofir och am Numm vum Grupp erëmzefannen.
    Si huet dem Marie Schockmel méi verroden, ënner anerem, wéi si et hikréie sech aus allen Ecke vun Norwegen ze treffen, a wéi wichteg et hinnen ass Musek vu Komponistinnen ze spillen.
    12 min
  • Op der Bün: "Leuchtfeuer" a "Sarah et Hugo"
    Wéi esou dacks am Februar ass an de klengen a groussen Theateren uechter d’Land esou vill lass, datt et bal onméiglech ass, alles kucken ze goen. D'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker rezenséieren hei zwee vun de Stécker, déi am Februar ugelaf sinn: "Leuchtfeuer" vun der Nancy Harris an enger Mise en scène vum Fabio Godinho, dat am Kapuzinertheater opgeféiert gouf, an déi nei TOL-Produktioun "Sarah et Hugo". Hei handelt et sech ëm en Text vum Daniel Keene, deen d’Véronique Fauconnet inzenéiert huet.
    16 min
  • Nika Schmitt an Ego/Egal
    2023 war déi Bréisseler Kënschtlerin Eva L‘Hoest als Haaptlaureatin vum Edward-Steichen-Award-Luxembourg wärend sechs Méint op Kënschtlerinneresidenz zu New York. Dësen Openthalt hätt hiert Liewen an hir Praxis déifgräifend verännert, esou de Statement vun der Eva L‘Hoest no hirem Retour. Momentan kann ee sech e Bild dovunner maachen: d‘Bréisselerin stellt nämlech am Casino an der Ënneschtgaass aus. Ee Beitrag dozou fannt Dir an eiser Mediathéik. D‘Kerstin Thalau ass vun der zweeter Laureatin, der Lëtzebuergerin Nika Schmit, gewuer ginn, wéi si dann hir Zäit zu New York erlieft huet.
    13 min
  • Filmkritik: "Riefenstahl"
    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dësen Documentaire iwwer d'Nazi-Vergaangenheet vun der däitscher Cineastin Leni Riefenstahl. Extrait aus dem Grousse Kino
    8 min
  • Jonken Duo an der Philharmonie
    Paräis-Lëtzebuerg - Zich mat där Verbindung huelen de Cyprien Keiser an den Ilan Zaijtmann nawell dacks. De Lëtzebuerger Cellist an de franséische Pianist hu sech viru ronn 8 Joer beim Studium um Paräisser Conservatoire kennegeléiert. Den Donneschdeg, 13. Februar, spillt den Duo e Recital an der Philharmonie, bei deem Musek vu Schumann, Prokofiev a Mendelssohn am Virdergrond steet.
    D'Marie Schockmel huet sech mat deenen zwee ënnerhalen, ënner anerem iwwer hiren neien Album, deen an e puer Méint erauskënnt.
    9 min
  • Lambrini Girls - Who Let the Dogs Out
    D’Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband vu Brighton, déi sech duerch hir live Optrëtter en Numm gemaach hunn, éier si iwwerhaapt en Album verëffentlecht haten. Hir éischt Plack ass haart, politesch an och zimmlech witzeg. Virun allem mécht se onheemlech Spaass, seet d’Claire Barthelemy, wat eragelauschtert huet.
    6 min
  • IFFR 2025 och online accessibel
    Tëschent dem 30. Januar an dem 9. Februar ass den 53. internationale Filmfestival vu Rotterdam, also e Festival, dee sech zanter sengen Ufäng 1972 experimentell an independent op d‘Filmklapp geschriwwen hat. Dat ass couragéiert, mee ass et an ekonomesch méi enke Joren nach realistesch? Vläicht mat Online-Proposen? Dozou de Joé Birchen an d‘Kerstin Thalau
    15 min
  • "De Beethoven ass eise Leuchtturm"
    Dëse Sonndeg, 9. Februar, kann een am Cube 521 zu Maarnech de Ludwig van Beethoven op eng ganz Intim Art a Weis kenneléieren. Ënner dem Titel Beethoven und seine Zeitgenossen gëtt e Portrait vum Bonner Komponist un Hand vu Bréiwer a Kompositioune vu senge Zäitgenossen am Cube 521 zu Maarnech gezeechent. D'Geiistin Sandrine Cantoreggi erkläert am Gespréich mam Marie Trussart, firwat de Beethoven grad am Europa vun haut nach esou wichteg ass a fir si e wichtegen Unhaltspunkt bleift.
    Tëschent deenen eenzelne Wierker liest d’Schauspillerin Brigitte Urhausen och Bréiwer vir, déi dem Beethoven säi Liewen an de Kontext setzen. D'Schauspillerin ass och Spriecherin, ënner anerem bei Arte a bei der ARD. Si verréit wien dem Beethoven seng Zäitgenosse waren, ob de Komponist elo wierklech esou granzeg war, wéi hien ëmmer duergestallt gëtt, an ob si e Sonndeg éischter als Spriecherin, als Schauspillerin, oder als eng Mëschung vu béide Rollen optriede wäert.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners