Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E Melting Pot Album
    Mat sengem éischte Solo-Album "Roots" geet den Cellist Pierre Fontenelle op d'Spuere vun der musikalescher Identitéit. Net nëmme vun der eegener, mee och där aus dem 21. Joerhonnert an den USA.
    Den Album ass souzesoen en Hommage un déi amerikanesch a musikalesch Gesellschaft an hir Villfältegkeet.
    De Release verbënnt souwuel klassesch Musek, wéi och en europäeschen Touch an Aflëss aus dem Blues, Jazz a Rock.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann gitt Dir iwwerdeems gewuer, wéi de Pierre Fontenelle als Autodidakt mam Cello ugefaangen huet, an a wéi enger Stilrichtung de Museker sech selwer am meeschte "verwuerzelt" fillt.
    8 min
  • Antoine Goetschel - En Affekot fir Déieren
    Zanter méi wéi 30 Joer ass de Schwäizer Affekot Antoine Goetschel am Déiererecht aktiv. Als weltwäit éischten “Tieranwalt” huet hien a senger Karriär iwwer 700 Déiere viru Geriicht vertrueden, dorënner souguer ee Chamäleon, ee Pony an eng Boa. Mee wéi gesäit et an Europa a Saachen Déiereschutzrecht aus, an a wéi eng Richtung entwéckelt sech d’Relatioun tëschent Gesellschaft an Déier weider? Den Déierenaffekot huet an der Nationalbibliothéik ee Virtrag iwwer méiglech Weeër gehalen, an de Joé Birchen huet mat him iwwer dës geschwat.
    11 min
  • Froen als Guide fir den eegene Wee
    Wéi ënnerriicht een engem Komponéieren? Ënner anerem dëser Fro geet de Pit Brosius am drëtten Episod vum opus 100,7-Podcast “Hanner den Téin“ op d‘Spuer. Als Dirigent huet hie vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:inne verwéckelt. A sengem Podcast stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Am drëtten Episod trëfft hie sech mam Marcel Reuter, Komponist an Enseignant fir Kompositioun am Conservatoire du Nord.
    6 min
  • American Primeval
    Eng Serie, déi eis mat an d'Joer 1857 hëlt. Et geet ëm eng manner bekannte Period vun den USA, ëm de sougenannten Utah-Krich, bei deem mormonesch Siidler géint d'US-Militär gekämpft hunn. De Simon Larosche stellt d'Serie vir.
    5 min
  • Fauré op CD
    Et ass eng Zesummenaarbecht tëschent dem Kammerchouer vun Namur, der Sopranistin Caroline Weynants, dem Bariton Samuel Namotte, dem Organist Baptiste-Florian Marle-Ouvrard an dem Arrangeur an Dirigent Alessandro Urbano: E Release mam Gabriel Fauré sengem Requiem op.48 - ee Projet, deen am Kader vum Centenaire vum Komponist an och den Aarbechte vun de Fresken an der Diddelenger Kierch entstanen ass.
    Am Gespréich schwätzt de Museker doriwwer, wéi wichteg et ass dem Fauré seng Musek fir d’Éiwegkeet festzehalen.
    6 min
  • Dokumentarfotoen als Bréck zu Albdram änleche Bestiairen
    Haut den Owend (30.1.) um 6 ass an der Galerie Reuter-Bausch an der Ënneschtgaass de Vernissage vun der Expo “Jim Peiffer curated by Christian Aschman”. Béid Hären si bekannt: de Christian Aschman haaptsächlech als Architekturfotograf, mee ewell och als Ausstellungscurateur; de Jim Peiffer als Moler vun neien Albdram änleche Bestiairen, an intensive Faarwen, op deene verschiddenste Supporten, vun Toile iwwer Holz bis Blech. Béid Hären si sech och nawell zimmlech bekannt: de Christian Aschman ass dem Jim Peiffer säi Monni. D’Kerstin Thalau war virun e puer Deeg beim Montage vun der Expo mat dobäi an huet mat allen Implizéierte geschwat.
    14 min
  • No Metal In this Battle, Tvesla an Odds Ratio
    D'Téitenger Schungfabrik proposéiert eng oft ganz alternativ Programmatioun. Dräi lëtzebuergesch Bands, deenen hiren dénominateur commun amerikaneschen DIY Rock direft sinn, stinn de Samschden den Owend do op der Bün. Ee Gespréich mat zwee Gittaristen, dem Pierre Bianchi vun No Metal in this Battle an dem David André vun Odds Ratio.
    9 min
  • Ravel + am CAPE
    De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners