Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Véronique Fauconnet iwwert "Sarah & Hugo"
    Fir déi éischt TOL-Produktioun 2025 inzenéiert d’Véronique Fauconnet een Auteur, deen si scho laang wollt op d’Bün bréngen. Dass Sarah et Hugo vum Daniel Keene, ee Stéck iwwert eng jonk elengerzéiend Mamm an hire 16-järege Bouf, dobäi direkt eng Weltpremière géif ginn, war u sech net esou geplangt. Am Interview mam Jeff Schinker huet d’Metteuse en scène ënnert anerem iwwert d’Zesummenaarbecht mat engem ganz jonke Schauspiller an de Respekt virum Auteur an dem Text geschwat.
    13 min
  • Marcel Beyer am Gespréich
    A sengem Wierk „Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“ setzt de Marcel Beyer sech mat der medialer Veraarbechtung vum Krich auserneen a wéi d‘Literaten domat ëmgoe kënnen.
    Mir lauschteren en Extrait aus dem Gespréich, dat d'Valerija Berdi mam däitsche Schrëftsteller an Essayist gefouert huet.
    Den däitsche Schrëftsteller ass haut den Owend Invité am Institut Pierre Werner mat sengem Buch „Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“, dat am Wallstein-Verlag eraus komm ass.
    De ganzen Interview kënnt dir dëse Sonnde lauschteren an eiser Emissioun „Déi wonnerbar Valibrairie“, wou dann och dräi rezent Lëtzebuerger Wierker beschwat ginn: Dem Guy Rewenig säi "Schelmenroman GOSS" aus dem Haus Guy Binsfeld. Aus dem Black Fountain Verlag dem James Leader säin "Into Babel" an der Carla Lucarelli hiert Gedichtband "Salztage +" zurück, bei Editions Phi publizéiert.
    12 min
  • The Bear
    The Bear erzielt d'Geschicht vun engem jonke Spëtzekach, deen nom Dout vu sengem Brudder de chaotesche Familljebetrib iwwerhëlt. Mat enger eenzegaarteger Mëschung aus Humor an Tragik, zitt d'Serie seng Zuschauer mat an d'Hektik vun enger Restaurantskichen. Brillant Kameraaarbecht, e stëmmege Soundtrack a staark Charakteren, mee kann d'Serie den héijen Erwaardunge vun den éischten zwou Staffele weiderhi gerecht ginn?
    6 min
  • Prix littéraires: "Les âmes féroces" vun der Marie Vingtras
    Éiert sech de Jeff Schinker mat der franséischer Rentrée littéraire vum Januar befaasst, rezenséiert hien nach ee vun de sëllege Literaturpräisser, déi am Hierscht vergi goufen: Fir hiren Neopolar "Les âmes féroces", dee bei den Editions de l’Olivier erauskoum, krut d’Marie Vingtras de Prix du Roman Fnac 2024.
    5 min
  • Neie Rap vu Lëtzebuerg : Octo - Kräische beim Flexen
    Am Donschtkrees vum stayfou Kollektiv an am Prodzentestall vum Turnup Tun gëtt et ee Rapper, dee mat sénger leschter EP de ganze Paradox vum Rappen op de Punkt bréngt. D'Staerkt wiesen, Schwächten äusdrécken. Muskele weisen, an dach vulnerabel sinn. Mam Marc Clement erzielt den Octo hien iwwert säin neien EP "Kraischen beim Flexen".
    8 min
  • Live aus der Philharmonie
    Haut den Owend sinn de radio 100,7 an opus 100, 7 nees live an der Philharmonie fir e Concert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann. De Guy Engels präsentéiert de Concert, an hien ass am Studio, fir eis méi iwwert de Programm ze verroden.
    8 min
  • Tarzan - L'Homme-Singe
    De franséische Scénariste Éric Corbeyran huet sech mamphilippinnesch-amerikaneschen Illustrateur Roy Allen Martinez zesumme gedoen, fir dem Edgar Rice Borroughs säi bekannte Roman als BD erausbréngen. De Nicolas Calmes huet se sech fir eis ugekuckt.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners