Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Don’t fear it, feel it!
    Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D’Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm an der Anne-Catherine Feltgen iwwer d’Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Editioun geléiert hunn a wéi eng Erausfuerderungen op een duerkommen, wann een dem Public Nei Musek wëll méi no bréngen. An si verroden natierlech och wat de Numm 33,7 eigentlech bedeit.
    10 min
  • Wat zielt eis de Bëschbuedem am Éislek?
    An eiser Rubrik Soundatlas analyséieren an hannerfroen d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen eenzel Kläng a Geräischer, sichen hier Lienen zu Alldagskultur, Konscht, jo och zur Wëssenschaft. Dat elo och Sonndes Moies um 20 op 9 am Joé Birchen senger Émissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéiere si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véier ginn och nach Wuerzelkräfte genannt: also hunn d'Kerstin an de Joé en Ausfluch an den Norden, souzesoen “back to the roots”, gemaach a waren op de Klangpad zu Houschent, vu wou se fantastesch Opname matbruecht hunn, well se mat spezielle Mikroe schaffe konnten.
    7 min
  • Wat zielt eis de Bëschbuedem am Éislek?
    An eiser Rubrik Soundatlas analyséieren an hannerfroen d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen eenzel Kläng a Geräischer, sichen hier Lienen zu Alldagskultur, Konscht, jo och zur Wëssenschaft. Dat elo och Sonndes Moies um 20 op 9 am Joé Birchen senger Émissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéiere si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véier ginn och nach Wuerzelkräfte genannt: also hunn d'Kerstin an de Joé en Ausfluch an den Norden, souzesoen “back to the roots”, gemaach a waren op de Klangpad zu Houschent, vu wou se fantastesch Opname matbruecht hunn, well se mat spezielle Mikroe schaffe konnten.
    7 min
  • Stomm Filmer an e Piano, dee schwätzt
    Dëse Sonnden, 26. Januar organiséiert d'Philharmonie e Ciné-Concert. Ënner dem Motto “L’humour en noir et blanc”, gi schwaarz-wäiss Filmer projezéiert. De Jean-François Zygel, deen de Stommfilm live begleet, ass Pianist, Komponist, Improviséierer an en sougenannten “Vulgarisateur” vu klassescher Musek. D’Marie Trussart huet ënner anerem mat him iwwer seng laangjäreg léift fir Stommfilmer geschwat an doriwwer wéi een Humor musekalesch ausdréckt. Mat Hëllef vu sengem Piano erzielt de Jean-François Zygel déi eng oder aner Witzer a weist datt een déi och ouni Wierder erziele kann. An et ass net déi éischte Kéier datt de Fransous an der Philharmonie spillt, et kéint ee scho bal soen, datt hien e Stammgaascht ass...
    9 min
  • Bal radikal, bal soft: d’Rebecca Allen an d’AMVK am Mudam
    Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Muséeën, déi sech fir d’Entwécklung vu “Computerart” interesséieren, respektiv Konschtwierker aus deem Beräich sammelen. Allerdéngs geet et dobäi meeschtens ëm Aarbechten, déi no 1990, an also no der Aféierung vum Internet entstane sinn. Bis den 2. Februar proposéiert de Mudam, sech emol mat de Joren 1960 bis 1991 ze beschäftegen, deemno souzesoe mat analoger Computerkonscht. “Radical Software: Women, Art & Computing 1960-19191” ass déi aktuell Expo iwwerschriwwen. D’Kerstin Thalau hat Geleeënheet, verschidde Computerkënschtlerinne kennen ze léieren: zum Beispill d'Amerikanerin Rebecca Allen an d'Belsch Anne-Mie Van Kerckhoven.
    14 min
  • Tatty Macleod
    D’Tatty Macleod ass eng franséisch-brittesch Komikerin déi mat hiren Observatiounen iwwert hir zwou Kulture Leit aus der ganzer Welt zum Laache bréngt. Si stellt hir Show en Donneschdeg och zu Lëtzebuerg vir.
    (Foto: Tatty Macleo)
    7 min
  • "Den Interpret ass maximal gefuerdert."
    Nodeems de Jean Muller bäi de leschte Produktiounen de Fokus op Komponiste wéi de Beethoven, Bach, Chopin a Liszt geluecht huet, goufen elo dem Mozart seng Pianossonaten op CD erausbruecht.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Jean Muller iwwert d'Gedanken an d'Schwieregkeete vun dëser fënnef-Deeleger CD-Produktioun geschwat.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners