Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Réckbléck Eurosonic 2025
    Wéi ass d‘Performance vu Ryvage um Showcase Festival zu Groningen ukomm a wéi eng Decouvertë gouf et dëst Joer? De Jamie Reinert an Yves Stephany klären op.
    17 min
  • Erënnerungsconcert vun der Militärmusek
    Den Ulass ass de sougenannten Holocaust Remembrance Day. Fir dem 80. Gebuertsdag vun der Befreiung vun Auschwitz zegedenke spillt d’Militärmusek dee Concert ënner dem Jean-Claude Braun. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum E.W. Korngold an John Williams, esou wéi och vun de lëtzebuerger Komponiste Marco Pütz a Georges Sadeler. D'Marie Trussart huet mam Dirigent doriwwer geschwat, wat d'Roll vun der Militärmusek wärend dem Zweete Weltkrich war a firwat et haut nach wichteg ass sech aktiv un den Holocaust ze erënneren.
    11 min
  • De Soundatlas an Zesummenaarbecht mam Klangkënschtler Sam Erpelding
    Mir haten drop hi gewisen: d’Rubrik Soundatlas huet eng nei Plaz kritt, an zwar hannerfroen an analyséieren de Joé Birchen an d’Kerstin Thalau Kläng a Geräischer vun elo un ëmmer Sonndes moies géint 20 op 9, deemno am Joé senger Emissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéieren si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véier ginn och nach Wuerzelkräfte genannt: also hunn d'Kerstin an de Joé en Ausfluch an den Norden, souzesoen “back to the roots”, gemaach a waaren op de Klangpad zu Houschent. Awer net eleng: si haten den Touningenieur a Klangkënschtler Sam Erpelding mat agepaakt.
    17 min
  • Teaser B-Radio "Alice Frohnert, Ex-Prostituéiert"
    16 Joer laang war d’Alice Frohnert Prostituéiert. Sexaarbechterin gouf déi gebierteg Polin an den 80er an Däitschland fir domat hire Studium ze finanzéieren. No hirer Zäit um Stréch war et de Karriärswiessel an de Journalismus, bei d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Zënter deem setzt d’Alice Frohnert sech dofir an, d’Prostitutioun als Beruff ze rehabilitéieren.
    Den neien Episod vum B-Radio leeft dëse Sonndeg um 11 Auer um Radio 100,7 an op 100komma7.lu.
    5 min
  • Ryvage um Eurosonic Festival
    De Lëtzebuerger Produzent spillt haut den Owend um gréissten europäesche Showcase Festival. Am Gespréich mat Ryvage gi mir op seng Erwaardungen a Perspektiven an.
    10 min
  • Squid Game- Staffel 2
    Déi éischt Staffel ronderëm e Spill, bei dem et zwar ëm vill Sue geet, awer och dat eegent Liewen, war e risege Succès, firwat dann och direkt eng zweet Staffel an Optrag gi ginn ass. Op dës zweet Staffel do uknäppe kann, zielt eis de Simon Larosche.
    5 min
  • Pleasing Release-Party an der Escher KUFA
    De Samschde presentéiert déi Lëtzebuerger Alternative Band Pleasing an der Kulturfabrik zwou EPen, eng dovunner ganz nei, am Kader vun engem Gesamtkonzept, mat Ausstellung an engem Theaterstéck. Den ambitiéise Projet gëtt geleet vum Gittarist Patrick Miranda, deen eis méi erzielt.
    14 min
  • Lëtzebuerg beim Eurosonic Festival
    Dëst Joer ass just ee Lëtzebuerger um Festival vertrueden: Ryvage. Mam Giovanni Trono vu kultur:lx schwätze mir doriwwer, firwat dat sou ass. Mam Tun Biever vun Two Steps Twice geet Rieds iwwer seng Erwaardungen an Erfarunge beim groussen europäesche Showcase-Event. A mir soen Iech, wat um éischten Dag musikalesch iwwerzeegend war.
    13 min
  • Tëschent Concert a Studium
    En Donneschdeg (23.01) trëtt de Schengen Trio vum Orchester Les Solistes Européens, Luxembourg (SEL) zesumme mam Jean Muller zu Steesel am Kultursall op. An dësem Trio, deem seng Membere variéieren, spillt dës Kéier de jonke Geiist Yanis Grisó. Zanter 2023 ass de Student Member vum SEL. Am Interview beim Luc Boentges schwätzt hien iwwer Grenzen a säi Liewen tëschent Concerten a Studium.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners