Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Musek aus der "schéiner Zäit"
    Den däitsche Pianist Joseph Moog huet e ganze Concertsprogramm der Belle Epoque gewidmet. Dee féiert hie muer (11.1.) den Owend am Conservatoire zu Esch op. De Christophe Mirkes huet sech mam Joseph Moog iwwert d'Konzept vun dëser Programmatioun ënnerhalen. Seng éischt Fro war, ob een d'Belle Epoque iwwerhaapt musikalesch kann zesummefaassen. Ëmmerhi ginn um Concert 8 Komponisten aus verschidden Epoche gespillt.
    9 min
  • Reacher
    Eng Serie an der et ëm en Ex-Militärpolizist geet, deen an e Mordfall eragezu gëtt an eng korrupt Stad géint sech huet. Eng Serie déi op der Buchréi vum Lee Child baséiert, dee mëttlerweil schonn 29 Bicher iwwert de Jack Reacher geschriwwen huet.
    5 min
  • Éischten Interview mam neie Chefdirigent
    Den ungareschen Dirigent Martin Rajna (29) gouf haut de moien um 11 Auer an der Philharmonie als neie Chefdirigent an artisteschen Direkter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker virgestallt. De Kontrakt fänkt am Hierscht 26/27 un an ass fir eng Dauer vu véier Saisone virgesinn.
    De Martin Rajna huet insgesamt réischt fënnef Deeg mam Orchester verbruecht, an deemools dräi Opféierungen dirigéiert. Dat war viru knapp zwee Méint, am November 2024.
    Iwwer d'Hannergrënn vun der éischter spontaner Decisioun fir dës Collaboratioun ënnerhält sech de Christophe Mirkes mam Marc Clement.
    9 min
  • Curatrice Michelle Cotton iwwer hir Expo “Radical Software”
    Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Muséeën, déi sech fir d’Entwécklung vu Computerart interesséieren, respektiv Konschtwierker aus deem Beräich sammelen. Allerdéngs geet et dobäi meeschtens ëm Aarbechten, déi no 1990, an also no der Aféierung vum Internet entstane sinn. Bis den 2. Februar proposéiert de Mudam sech emol mat de Joren 1960 bis 1991 ze beschäftegen, deemno souzesoe mat analoger Computerkonscht. “Radical Software” ass den Titel vun der Curatrice Michelle Cotton hirer Expo.
    D’Kerstin Thalau ass vun hir méi iwwer d’Konfrontatioun tëschent “radikal” a “soft” gewuer ginn.
    14 min
  • Den “Noise” ass iwwerall
    De Soundatlas kritt am neie Joer eng nei Plaz: Vun elo u kënnt Dir och sonndes moies um 9:20 en Episod am Joé Birchen senger Emissioun “Am Buedmantel” lauschteren.
    Fir déi, déi eis Soundserie nach net kennen: Am Soundatlas ginn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen de verschiddensten Téin op d’Spuer. Dobäi analyséieren si d’Kläng bis an den Detail a fannen och ëmmer nees Verbindungen zur Alldagskultur, Konscht a souguer der Wëssenschaft. Ob dat haut wuel och geléngt?
    Déi zwee haten am Virfeld iergendeppes vun “Noise”, also Kaméidi, gefuebelt ...
    9 min
  • Prix littéraires: "Tarentule" vum Eduardo Halfon
    An der virleschter Episod iwwert déi sëllege franséisch Literaturpräisser huet de Jeff Schinker de Prix Médicis étranger ënnert d'Lupp geholl. Dem Eduardo Halfon säin "Tarentule" ass eng kuerz, awer intensiv Ausernanersetzung mat der Fro, wéi een haut Antisemitismus bekämpfe kann - a wéi eng Mëttelen dofir dierfe benotzt ginn.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners