Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Graines de voyous
    De mëttlerweil aachten Deel aus der Ser Serie "Les Vieux Fourneaux" vun den Auteuren Wilfrid Lupano a Paul Cauuet. Et geet ëm d’Duerfliewen am Süde vu Frankräich, ëm Toulouse, wou eeler Häre mat de Schwieregkeete vum moderne Liewe confrontéiert ginn.
    6 min
  • "Witness" an der Lobby vun de Rotonden
    “Witness” vum Kënschtler Milo Hatfield gëtt aktuell am Cube an der Buvette vun de Rotonden ausgestallt. Duerch d’Glas vum Cube gesäit een eng Dauf. Eng Ketten ass hir ëm d’Strass gewéckelt. Mat quasi-zentrifugal Motorskraaft gëtt d’Dauf duerch de Raum gejummt a bedreckst wäiss Mauere riets a lénks mat Blutt. Am Public soll doduerch souwuel Degoût wéi Baarmhäerzegkeet ausgeléist ginn. “Witness” vum Milo Hatfield an “Uncycle” vun der Zohra Mrad sinn nach bis dëse Weekend mat abegraff an de Rotondes ze gesinn. Den Nicolas Calmes huet d’Wierk ge-witnessed a sech mam Milo Hatfield doriwwer ënnerhalen.
    10 min
  • Kollaborateuren, Kollateralschued a Konsequenzen
    Wéi ass Lëtzebuerg mat senge Kollaborateuren ëmgaangen a wéi ass iwwerhaapt op d’Matleefer gekuckt ginn?
    An dësem weideren Deel vun eiser Visitt guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres duerch d’’Geschicht vum 2. Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg.
    D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt.
    All Infoen zu dëser Expo an iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
    13 min
  • Mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dat neit Joer 2025
    Den Owend ab hallwer aacht live aus der Philharmonie.
    Um Programm:
    • Edvard Grieg:
    - Morgenstemning i ørkenen op.46/1 (Peer Gynt. Suite Nr. 1)
    - «Våren» op.33/2 pour voix et orchestreChanson de Solveig (Peer Gynt)
    - Dans l'antre du roi de la montagne (Peer Gynt. Suite op.46/1)
    • Richard Wagner: Tannhäuser - "Dich, teure Halle"
    • Richard Strauss: Till Eulenspiegels lustige Streiche
    • Johann Strauss (Sohn): An der schönen blauen Donau
    • Emmerich Kálmán: "Heia, heia, in den Bergen ist mein Heimatland" (Die Csárdásfürstin)
    • Leonard Bernstein: "I Feel Pretty" (West Side Story)
    • Johann Strauss (Sohn):
    - Perpetuum mobile
    - Tritsch-Tratsch-Polka
    Interpreten:
    Elisabeth Teige, Sopran
    Lëtzebuerger Philharmoniker
    Pietari Inkinen, Direktioun
    10 min
  • Eng Videoinstallatioun fir Filmbiller ze lauschteren an hiren Toun ze kucken
    “Dis-Placed” ass den Titel vun enger Gruppenexpo, déi Dir nach bis den 19. Januar an d’Escher Konschthal kënnt kucke goen. Eng Dosen international an national Kënschtler:inne vun Omer Fast bis Lisa Kohl thematiséieren, a verschiddene Konschtdisziplinnen, den Deplacement, de Verloscht vum Doheem, also net just vun enger Architektur oder engem Territoire, mee och vum Gefill vu Sécherheet, vun Zougehéieregkeet zu engem Grupp an all de Konsequenzen. Mat dobäi och de Guillaume Delaperrière mat senger Videoinstallatioun “Lisboa Orchestra” op 4 Ecranen, déi esou guer net bei de Sujet ze passe schéngt. D’Kerstin Thalau ass vum Paräisser Realisateur méi dozou gewuer ginn.
    16 min
  • D'Akademie vun der Philharmonie
    Aktuell bereede sech 10 Musiker:innen zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op eng professionell Orchester-Karriär vir.
    D'Akademie vun der Philharmonie gouf 2021 an d'Liewe geruff a konnt rezent dem éischte Joergang fir d'Reussite felicitéieren.
    Mee wéi eng Chancen huet een duerch d'Akademie a fält de Bilan och fir d'Akademie selwer positiv aus?
    De Lex Kauffmann huet sech mam Patrick Coljon, Head of Orchestra, doriwwer ënnerhalen.
    7 min
  • Guy Koenig - Vergissmeinnicht
    E Kommissär, e Verbriechen, eng Rei Verdächteger - dat alles mécht u sech e Kriminalroman aus. Am Guy Koenig sengem Roman “Vergissmeinnicht“, deen am Verlag Op der Lay erauskoum, geet et awer ëm vill méi wéi just ëm d‘Opkläre vun engem Verbriechen. D‘Valerija Berdi huet d’Buch gelies.
    6 min
  • Nei Musek, ongewinnt Situatiounen
    Am zweeten Episod vum Podcast “Hanner den Téin” huet de Pit Brosius d’Lëtzebuerger Pianistin Cathy Krier invitéiert. Si erzielt vun hiren Erfarungen an der Wichtegkeet vun neier Musek. Am Gespréich léisst d’Pianistin eis materliewen, wéi eng amüsant oder skurril Situatiounen zäitgenëssesch Musek mat sech ka bréngen.
    7 min
  • Dräimol Marc Henri Reckinger
    Just e puer Deeg no der Annonce, datt hie mam Lëtzebuerger Konschtpräis 2024 ausgezeechent géif ginn, koum d’Nouvelle, datt de Kënschtler Marc Henri Reckinger gestuerwe wier. Dat war den 31. August 2023. Bis de 16. Mäerz 2025 éieren den Nationalmusée um Fëschmaart, zesumme mat den Diddelenger Kulturhaiser Dominique Lang an Nei Liicht de Moler mat dräi verschiddenen Ausstellungen. De Joé Birchen huet eis Impressiounen aus dem Nationalmusée matbruecht a wollt vun der Marlène Kreins, Curatrice vun den Ausstellungen zu Diddeleng wëssen, wéi et zu den dräi separaten Expoe koum.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners