Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Lëtzebuerger Albumen am Réckbléck
    Och 2024 war ee produktiivt Joer, wat déi klassesch Musek ugeet.
    Net nëmmen hu mir an eisem Klassik Album vun der Woch 14 verschidde Produktioune virgestallt. Mee och gouf mat Luxembourg Classics en neie Label gegrënnt, dee vun Ufank un nei Albume lancéiert huet.
    Mee wéi eng Produktioune konnten eis Klassik-Ekipp esou begeeschteren, datt se et als perséinleche Coup-de-coeur gepackt hunn?
    Lauschtert hei den opus-100,7-Réckbléck!
    9 min
  • Kerstin Medinger - Le secret de Tadi
    "Le secret de Tadi" heescht deen zweete Roman vun der Kerstin Medinger, dee grad wéi deen éischten, "Le départ", bei Editions Phi erauskoum an ass u sech eng Fortsetzung vum dësem.
    An dëser Erzielung hu mir zwee Zäitniveauen. Engersäits d’Joer 2031, also eng no Zukunft, wou mir am Editiounshaus Grison sinn, an deem d’Isabelle Denier keen einfache Stand huet, well d’Cheffe weder fein nach besonnesch fäeg sinn, an dann 30 Joer zeréck, am Joer 2001, an deem d’Geschicht vum Lëtzebuerger Auteur Tadi Richard spillt ...
    Wie war dësen Tadi? A wat féiert zu enger Odyssee duerch Amerika? D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer dëse Roman.
    8 min
  • Zwou traureg Nouvellen aus der Konschtzeen
    Als Erënnerung un d’”Grande dame des musées” proposéiere mir en Extrait aus engem Interview vum Christian Mosar mat der Marie-Claude Beaud, vu Juni 2006, an deem et deemno ëm d’Ouverture vum Mudam geet.
    2023 war an eisem Nationalmusée eng grouss Retrospektiv: “Den Alchimist Arthur Unger” ze gesinn. De Joé Birchen hat sech an deem Kontext mam Arthur Unger ënnerhalen.
    16 min
  • Retrospektiv 2024: Eis (perséinlech) Highlights vum Joer
    Zanter Spotify oder Apple Music engem seng Highlighte vum Joer zu enger Playlist zesummestellen, verléisst ee sech op deen Algorithmus, fir dat ze lauschteren, wat ee souwisou dat ganzt Joer iwwer gelauschtert huet. Nawell sinn et d’Beschtelëschte vu Pitchfork a Co, déi et engem erlaben ze kucken, ob engem säi perséinleche Goût sech mat deem vun den Experten iwwerschneit, a wat een eventuell verpasst huet. De Marc Clement an de Jeff Schinker stellen hei ganz subjektiv déi Placke vir, déi si am Joer 2024 am meeschte markéiert hunn.
    1 min
  • En 10-Jores-Bilan mat der Kënschtlerin Catherine Lorent
    Joresréckblécker, kuerz Ausblécker op dat anert Joer ... dat bitt sech dëser Deeg un. Och well et am Beräich Konscht a Kultur e bësse méi roueg ass. Mee d'Kerstin Thalau huet d'Catherine Lorent fir en 10-Jores-Réckbléck an de Studio invitéiert. D'Catherine Lorent, Joergang 1977, lieft a schafft, no Konschtstudien an Däitschland an a Frankräich plus engem Doktorat an der Konschtgeschicht, zanter 15 Joer zu Berlin. Lëtzebuerg ass awer net vergiess: vun Zäit zu Zäit sinn hir kënschtleresch-musikalesch Aarbechten och hei ze gesinn, an ze héieren; am Kontext vun Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, hat si awer och d'Evolutioun vum Buergbrenne studéiert. Kerstin: 10 Joer an 10 Minutten ... do musst Dir awer Gas ginn?
    18 min
  • 1883
    D'Virgeschicht vun der erfollegräicher Serie "Yellowstone". Och hei begleede mir d'Famill Dutton beim Kampf ëm d'Iwwerliewen. Et spillt awer alles iwwer honnert Joer virun der Haaptserie.
    8 min
  • Chrëschtprogramm um opus 100,7
    Mir hunn Iech eng Rei u nationalen an internationale Concerten zesummegestallt, déi Dir an eiser Mediathéik zu all Moment nolauschtere kënnt. Mee och Concerten, déi mir op der Antenn iwwerdroen.
    Dir géift léiwer e Concert zu enger anerer Zäit lauschteren, wéi en um Radio leeft, oder wëllt Iech Ären eegene Programm zesummestellen? An der Mediathéik vum opus 100,7 kënnt Dir all eis Concerten no hirer Diffusioun nolauschteren, wou a wéini et Iech am beschte passt.
    6 min
  • Mandarine
    No der Orange ass dës Kéier d'Mandarine, fir déi de Schrëftsteller Jean Portante sech op seng etymologesch Rees mécht.
    Foto: Bigstock / Supertrooper
    11 min
  • Réckbléck op d'Lëtzebuerger Literaturpräisser
    D‘Valerija Berdi kuckt elo d‘Laureatinnen an d’Laureate vun de Lëtzebuerger Literaturpräisser vun dësem Joer. De Bäitrag geet mat enger Lecture un, nämlech mat de Stëmme vun den zwou Gewënnerinne vum Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerliteratur. D‘Diane Orban an d‘Myriam Karels liesen en Extrait aus hirem Buch “Et rabbelt an der Broutgaass“, dat bei Editions Guy Binsfeld erauskoum.
    5 min
  • Chrëschtdag bei Komponisten a Komponistinnen
    Duerch dee grousse Choix u klassescher Musek léisst sech d’Chrëschtzäit haut angeneem verbréngen. Mee wéi war dat fréier? Doriwwer wéi Komponisten a Komponistinne Chrëschtdag verbruecht hu ginn et tatsächlech e puer schrëftlech Quellen, déi dozou Informatioune liwweren.
    De Lex Kauffmann huet sech e puer Bréiwer duerchgelies.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners