Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • L'Histoire de Souleymane
    Zu Cannes krut "L'histoire de Souleymane" - ee Film iwwer Immigratioun aus der Siicht vun engem jonken Demandeur d'asile - an der Selektioun Un certain regard de Präis vun der Jury an de Präis fir de beschten Acteur. Mir lauschteren nach eemol d'Rezensioun aus dem Grousse Kino vum Samschdeg.
    8 min
  • Chrëschtlidder mat de Lëtzebuerger Philharmoniker
    Haut (20.12.) um 19:30 Auer iwwerdroen den opus 100,7 a radio 100,7 deen traditionelle Chrëschtconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker live aus der Philharmonie. Wéi all Joer sti bekannte Chrëschtdagslidder fir matzesangen um Programm. Op der Bün sinn d’Lëtzebuerger Philharmoniker, de Choeur de Chambre an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire an de Maurice Clement op der Uergel ënner der Leedung vum Ivan Boumans an dem Pierre Nimax.
    Op wat kënnt et dem Ivan Boumans bei Chrëschtdag un? A wäert hien d'Leit am Publikum animéieren fir matzesangen? Froen, déi de Luc Boentges him am Viraus vum Concert gestallt huet.
    8 min
  • Musekspräisser 2024 an der Philharmonie
    Gëschter Owend (19.12.) goufen an der Philharmonie op Initiativ vum Kulturministère d’Lëtzebuerger Musekspräisser verginn. De Jury huet de Präis fir d’Liewenswierk dem Komponist, Posaunist, Tenor an Dirigent Camille Kerger decernéiert, deen iwwer Joerzéngten déi Lëtzebuerger Museks- a Kulturlandschaft gepräägt huet: ënnert anerem als Member vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek, als Leeder vu verschidden Ensembelen, als Grënnungsmember a musikaleschen Direkter vum Théâtre National an als Direkter vum Institut Européen de Chant Choral INECC.
    12 min
  • Scian - Trying To Feel
    Scian ass eng alternativ Metal-Band, déi zu Lëtzebuerg baséiert ass. Den Track, aus deem Dir en Extrait héiert, heescht “Trying To Feel” an ass nei eraus. Fir doriwwer ze schwätzen ass den Ethan Carey am Studio.
    15 min
  • Prix littéraires: "Le rêve du Jaguar" de Miguel Bonnefoy
    Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, zanter e puer Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng, mee dacks literaresch méi relevant Juryen, entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker "Le rêve du jaguar" vum Miguel Bonnefoy, fir deen den Auteur de Prix Femina an de Grand Prix du Roman de l'Académie française krut. Eng Entscheedung, déi eise Kritiker absolut net novollzéie kann, esou kitscheg an iwwerflächlech huet hien de Roman fonnt.
    7 min
  • Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder
    Virun e puer Deeg huet de Georges Urwald zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Debbie Marinkovich an dem Ivan Boumans en Album mam Titel “Lidderflupp” digital erausbruecht. Lidderflupp ass och den Titel vun engem Projet, deen de Georges Urwald zesumme mat der MIL ASBL op d'Bee gesat huet. Op deem Album kann een 10 Medleye lauschteren, déi sech jeeweils ëm ee Komponist, eng ganz Epoch oder eng bestëmmten Thematik dréien. D’Marie Trussart huet mam Georges Urwald ënner anerem iwwer d’Volleksmusek zu Lëtzebuerg geschwat, wat se esou besonnesch mécht, an hien huet och verroden, firwat hien esou begeeschtert ass vun eisem Musekspatrimoine.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners