Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wou fënnt ee beim radio 100,7 seng Rou?
    “Alle Jahre wieder ... stille Nacht”?? An eisem Soundatlas isoléieren de Joé Birchen an d’Kerstin Thalau eenzel Kläng a Geräischer aus dem Alldag a sichen no Lienen zu Konscht, Kultur, Traditiounen a Wëssenschaften. Eis Onlinerin Morgane Weidig war der Meenung, datt déi zwee sech, fir de leschte Soundatlas vum Joer, emol mat der Stëllt befaasse sollten, schonn eleng well dëser Deeg iwwerall de Kaméidi dominéiert. Also huet den Trio bei eis am Haus Dier no Dier, wéi Adventskalennerdierercher, opgemaach an d’Ouere gespëtzt.
    10 min
  • Zwangsrekrutéierter a Fräiwelleger
    An dësem fënneften Deel vun eiser Visite guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg.
    Mir kucke méi prezis op déi schwiereg Situatioun vun den Zwangsrekrutéierten an och op d‘Zuel vun deenen, déi fräiwëlleg op der Säit vun den Nazie gekämpft hunn. D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt. All Infoen zu dëser Expo an iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
    12 min
  • Notre-Dame de Paris: E Lëtzebuerger bei de Restauratiounsaarbechten
    Virun annerhallwer Woch war et esou wäit: d’Notre-Dame zu Paräis ass gutt 5 Joer nom Brand nees op fir de grousse Public. Et war eng opwenneg Restauratioun, un där ronn 250 Entreprisë bedeelegt waren. D’Uergel war net ofgebrannt, mee se huet komplett nees missen opgebaut, gebotzt a restauréiert ginn. Ëm 8.000 Päifen huet sech misse gekëmmert ginn a responsabel war dofir ënner anerem och ee Lëtzebuerger: de Laurent Anen. De Christophe Mirkes huet beim Uergelbauer nogefrot, wéi seng Aarbecht konkret ausgesinn huet.
    8 min
  • “Trashy” Konscht reimt net onbedéngt op tatsächlechen “trash”
    Haut si mer Mëttwoch: Wednesday. “The trash goes out on Wednesday” steet grouss um Pop-Up-Store op der Nummer 43 an der Groussgaass. Duerch d’Vitrinn mécht een als Passant eng ganz Rei Peinturen a verschiddene Formater aus. Ënner dem “trashy” Titel steet nach een Numm: Lara Weiler. Dat ass dach déi jonk Molerin, déi ufanks November, kuerz no hirem Ofschloss op der Konschthéichschoul zu Saarbrécken, um traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique, onerwaart mam Prix Pierre Werner ausgezeechent gi war ... An elo gëtt där hir Konscht scho verrammscht? Respektiv mëttwochs als “trash” virun d’Dier gesat? D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Lara Weiler an der Pop-Up-Galeristin Lou Philipps.
    14 min
  • Die Katze Eleonora
    An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Uropféierung war am Fréijoer am Kaleidoskop zu Hunchereng. D‘Valerija Berdi hat mat der jonker Theaterregisseurin iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat. All weider Informatiounen iwwer Reservatioune sinn op kasemattentheater.lu ze fannen.
    7 min
  • Porridge Radio am Interview
    Porridge Radio ass eng brittesch Indie Band, déi live ganz intensiv ass. D’Grupp ronderëm d’Dana Margolin stellt grad hiren neien Album “Clouds Will Always be There For Me” an Europa vir. Si passéieren och hei zu Lëtzebuerg, an zwar kann ee si haut, de 17. Dezember an de Rotondë gesinn. D’Claire Barthelemy huet am Virfeld vum Concert mat der Dana Margolin geschwat.
    7 min
  • Vu Montfort op Saint Germain
    An der Concert-Serie ActArt presentéieren Enseignanten aus dem Stater Conservatoire ee Museksprogramm, dee ganz kloer den Impressionismus erëmspigelt. Mat Wierker vu Claude Debussy a Maurice Ravel féieren de Pianist Grégoire Baumberger, de Geiist Emilio Mecenero an den Cellist Stéphane Giampellegrini duerch déi verschiddenst Klangfaarwen.
    De Concert ass den 19. Dezember um 19h00 am Stater Conservatoire.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Pianist vum Owend iwwer déi bildlech Musek an de roude Fuedem vun dëser musikalescher a geografescher Rees.
    7 min
  • D'Enn vum Siren's Call?
    Datt de Siren’s Call ënner kengem gudde Stär stoung, konnt een d’lescht Joer live materliewen, wéi de Festival net just metaphoresch an d’Waasser gefall war a vill Leit sech iwwer dee spéiden Desistement vun der Kim Gordon opgereegt hunn, wärend de Public am Melusina wéi op enger Arche Noah ouni Déieren, mee mat ze vill Mënsche stoung. Een Artikel vu Virgule huet fir Opmierksamkeet gesuergt, an deem den Atelier Booker Michel Welter kloer gemengt huet, datt et 2025 eventuell keng Editioun kéint ginn. Mee och där klenger Hoffnung, datt de Festival nawell stattfënnt, wëllt d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vun Neimënster, keng Chance méi ginn, déi eis verséchert, datt et 2025 kee Siren’s Call wäert ginn. Wisou? Dat verroden de Marc Clement an de Jeff Schinker.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners