Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Chrëschtconcert vun der Pianistin Younee
    “Improvisations Live in Germany“ heescht deen neien Album vun der Pianistin a Komponistin Younee. Si gouf a Südkorea gebuer a wunnt mëttlerweil an Däitschland. Hir Concerte spillt si fir den Ament virun allem an Europa, an de 14. Dezember och fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Christmas Tour trëtt si am Cube 521 zu Maarnech op - a wéi de Numm et schonn undeit, steet de Concert ganz am Zeeche vu Chrëschtdag. Am Interview beim Lori Dauphin huet d’Younee ënner anerem iwwert hiren éischte Kontakt als Kand mam Piano verroden.
    Weider Detailer zum Concert fannt Dir um www.opus.radio.
    9 min
  • 2075: Eine Odyssee durch das Weltall
    De Kënschtlerkollektiv Dadofonic féiert muer (12.12.) am Théâtre National du Luxembourg fir déi éischte Kéier hiert Theaterstéck “2075: Eine Odyssee durch das Weltall” op. Eis Stagiairin Lori Dauphin war Enn November fir eis bei Dadofonic am Atelier, fir mat de Kënschtler:innen an den Zoustännegen iwwer de Projet an d’Virbereedung ze schwätzen. Bis de 15. Dezember kann een d‘Theaterstéck an den TNL kucke goen. Méi Informatioune ginn et um Site www.tnl.lu.
    8 min
  • Porridge Radio am Interview
    Porridge Radio ass eng brittesch Indie Band, déi live ganz intensiv ass. D’Grupp ronderëm d’Dana Margolin stellt grad hiren neien Album an Europa vir. Si passéieren och hei zu Lëtzebuerg, an zwar kann ee si de 17. Dezember an de Rotondë gesinn. D’Claire Barthelemy huet mat der Dana Margolin geschwat.
    6 min
  • Così fan tutte am Groussen Theater
    Haut den Owend (10.12.) um 8 Auer ass déi lescht Virstellung vum Mozart senger Oper “Così fan tute” am Grand Théâtre. D’Marie Trussart aus der Klassik-Redaktioun war d’Oper kucken a verréit, firwat een déi haut den Owend net sollt verpassen.
    8 min
  • ENGLBRT a Compact Disk Dummies an de Rotonden
    Den Duo ENGLBRT ass den Zesummeschloss vum Songwriter a Sänger George Goerens, bekannt als Haaptstëmm vun der Indie-Folk Band Seed to Tree, a Solo als Bartleby Delicate ënnerwee; an dem Niels Engel, Batteur vun Jazz- a Pop-Formatioune wéi Klein. oder Pol Belardi’s Force.
    12 min
  • Eng Spuer vun Erënnerungen: d'Bacon-Expo "Human Presence" zu London
    Zanter Juli ass am Nationalmusée um Fëschmaart en Triptyque vum iresch-brittesche Kënschtler Francis Bacon ze gesinn, dee säi Partner, den George Dyer, duerstellt. Zu London ass elo eng grouss Ausstellung, déi dem Bacon seng komplizéiert Relatioune mam Dyer an och seng aner Sujeten analyséiert. D’Claire Barthelemy war d’Expositioun kucken.
    6 min
  • "Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, ..."
    Haut, 6.12. haten d'Primärschoulkanner fräi. A fir déi, déi sech geschéckt hunn, ass de Kleeschen och laanschtkomm an huet Schokela, Kamellen a Kaddoe bruecht. E Lidd, wat Grouss a Kleng all kennen, dat ass "Léiwe Kleesche, gudde Kleeschen, ...”. Mee wosst Dir, datt et d'Lidd schonn zanter iwwer 100 Joer gëtt? D'Michelle Barthel war an d'Vergaangenheet sichen an huet sech de Moie mam Angie Maquil iwwer d'Geschicht vum Lidd ënnerhalen.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners