Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Das inspiriert mich immer wieder."
    Et ass eng Tâche, déi dem Profi Museker Benjamin Schäfer aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vill Freed mécht. Bei där hie vun de Musekerinnen a Museker awer och d'selwecht vill verlaangt wéi am Profi-Orchester.
    Elo steet dann e weidere Concert um Programm, bei deem den Orchester vum Klarinettist Arthur Stockel, och Member bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, solistesch begleet gëtt.
    Am Gespréich mam Marie Trussart hëlt de Benjamin Schäfer eis a seng Iwwerleeunge mat, wéi eng Faktoren ee gudde Concert ausmaachen. Hei verréit de Museker och, wéi hie selwer mat Nervositéit ëmgeet.
    8 min
  • Christmas Carols 2024
    “Christmas Carols” ass e Concert, deen d’Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch.
    Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol - eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire, an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere Chrëschtconcert um Belval am Kader vum Evenement Blast into Christmas, mat feierleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
    Den Dirigent Fränz Theis huet dem Marie Schockmel méi verroden.
    10 min
  • Autumn Sweater - Adult Life
    De leschte Mëttwoch hunn Autumn Sweater an de Bouneweger Rotonden eng nei Plack presentéiert, si heescht “Adult Life”, an ass hir véiert Release zanter 2016. D’Plack ass mat 8 Titele knackeg kuerz, an zwee vun der Band sinn am Studio beim Marc Clement, de Christophe Demart, Sänger, an den Nicolas Pzeor, Gittarist.
    11 min
  • Wéi eng Zukunft fir d’Gebléishal?
    Bal iwwer dat ganzt lescht Joerhonnert gouf um Belval an der Gebléishal ënner anerem de Wand fir d’Héichiewe produzéiert. Elo, 27 Joer nodeems de Betrib agestallt gouf, läit d’Hal nach ëmmer brooch an hir Zukunft bleift ongewëss. De Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) huet ee Plang ausgeschafft, wéi den Industrieris an Zukunft dem Quartier dénge kéint. De Joé Birchen wollt vum Robert Garcia, Sekretär vum CNCI, méi iwwer de Projet wëssen.
    7 min
  • D'Uropféierung vum Wierk "Imbalance"
    D'Kompositioun “Imbalance” vum 24 Joer jonke Komponist Félix Turrion Eichler gouf nach net viru Public gespillt. Dat ännert sech elo mat engem Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg mam Dirigent Christophe König an der Dänzerin Sylvia Camarda. Bei engem Concert gëtt dëst Wierk nämlech uropgeféiert. D'Kompositioun ass dann och an Zesummenaarbecht mam Kulturministère entstanen.
    Léiert dee jonken Oboist a Komponist Félix Turrion Eichler am Gespréich mam Lex Kauffmann kennen. Hei verréit hien, wat hanner senger Kompositioun stécht, woufir seng Passioun brennt a wéi eng Hobbyen dee jonke Museker nieft der Musek huet.
    9 min
  • "Mir testen eis Bicher un eisen eegene Kanner"
    D'Diane Orban an d'Myriam Karels hu rezent mat "Et rabbelt an der Broutgaass"(Editions Guy Binsfeld) schonn hiren zweete Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch gewonnen. Déi zwou Autorinne waren an der Wonnerbarer VaLibrairie op de Walfer Bicherdeeg invitéiert.
    14 min
  • The Penguin
    Eng Serie ëm den Antagonist aus dem Batman-Universum. Mir begleeden d'Figur beim Eropklammen an der krimineller Ënnerwelt vu Gotham City. De Simon Larosche huet d'Sendung gesinn a verréit eis méi.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners