Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • La harpe à Paris
    Den Dënschdeg, 26. November ass erëm Concert ActArt am Stater Conservatoire. Dat ass eng Concertsrei, bei där d’Enseignantë selwer Concerten zesummespillen. Hei sinn et am Ganze siwen Enseignanten, déi op der Bün vum Stater Conservatoire stinn. Um Programm steet 100 Prozent franséisch Musek, mat Wierker vu Claude Debussy, André Caplet a Maurice Ravel.
    D'Harfenistin Dina Nimax verréit am Interview beim Marie Schockmel méi, ënner anerem doriwwer, datt d'Harf bei dësem Concert wéi e Solist agéiert.
    8 min
  • En Duo wéi en Diamant
    "Glass Two" heescht deen neien Album vum Pascal Schumacher. Als zweeten Deel u säi "Glass One" huet de Pascal Schumacher elo zesumme mat der däitsch-griichescher Pianistin Danae Dörken Wierker vum Philip Glass an eege Kompositiounen opgeholl.
    Déi zwee hu sech viru ronn engem Joer kennegeléiert an et huet direkt "gefonkt". Viru Kuerzem war de Release-Concert fir den Album an der Elbphilharmonie zu Hamburg, an an nächster Zäit sti weider Projeten um Plang.
    Wat nach alles komme wäert, wéi et zu dëser Kollaboratioun koum, a firwat de Philip Glass am Vierdergrond steet, dat hunn d'Pianistin an de Vibraphonist dem Marie Schockmel an engem Gespréich verroden.
    13 min
  • Luxembourg Art Week
    77 Galerien a Kënschtlerkollektiver erwaarden d’Visiteuren dëse Weekend op der Luxembourg Art Week. Ausgestallt gi Wierker vu Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi d’Galerien an d’Kollektiver selwer ausgewielt hunn. Och dëst Joer sinn nees nei Gesiichter derbäi, dorënner de Muka Collective, dee fir d’éischte Kéier deelhëlt.
    8 min
  • Les prix littéraires: "Le Bastion des larmes" vum Abdellah Taïa
    D’Rentrée littéraire vum September an Oktober ass eriwwer, am November goufen elo eng sëllege Präisser decernéiert. De Prix Goncourt, de Médicis an de Renaudot hu mir schonn op de Leescht geholl. Vun dëser Woch u verréit Iech de Jeff Schinker all Donneschdeg, ob sech d’Liese vun engem vun den anere gekréinte Bicher lount. Den Ufank mécht den Abdellah Taïa, dee fir "Le Bastion des larmes", en deels staarke Roman iwwer Homophobie a sengem Heemechtsland, de Prix Décembre krut.
    5 min
  • New Wave op Spuenesch
    Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“.
    Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Formatioun Melenas zu Lëtzebuerg zu Gaascht ass. Mat hirem drëtten Album "Ahora" brénge si awer och en neie Sound mat.
    12 min
  • "Et ass elo schonn ee Succès"
    Déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz ass zanter Ufank November am Bridderhaus zu Esch amgaangen. Et ass eng Concertsserie, bei där d'Escher Komponistin a Musekerin Helen Buchholtz ganz am Mëttelpunkt steet.
    De 24. a 27. November sinn déi nächst Concerten, an den 1. Dezember steet dann eng Table ronde a Kollaboratioun mam opus 100,7 um Programm. Vill vun den nächste Concerte si schonn ausverkaaft. Den Directeur artistique Claude Weber seet, datt een elo an der Hallschent vum Salon schonn erëm vun engem Succès schwätze kann.
    Dem Marie Schockmel huet de Claude Weber verroden, wat nach alles op der Affiche steet, a wéi et fir hie selwer ass mat dobäi a mattendran ze sinn.
    9 min
  • De Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter
    Zanter Mäerz ass am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter eng nei permanent Ausstellung ze gesinn. D‘Expo behandelt d‘Sujete ronderëm den Zweete Weltkrich, ënner anerem d‘Liewen ënner der Diktatur a Repressioun, d‘Reaktioun vum Vollek, d‘Nazi-Strukturen zu Lëtzebuerg, d‘Konzentratiounslageren, den Holocaust, de Widderstand an d‘Nokrichszäit.
    De Jim Goerres féiert mat exhaustiven Erklärungen duerch déi ganz Ausstellung. Dir héiert hei den éischten Deel vun der Visitt vun dëser Expositioun. D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt.
    All Infoen iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
    12 min
  • Naturgewalten als Museker? Jo, dat kléngt ënner Ëmstänn richteg gutt!
    Wann op de Koppen de Wand bléist oder d’Mierwaasser spruddelt, da sinn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen mat hirem Opnamgerät net wäit. Schliisslech hu si mat hirer Rubrik Soundatlas d’Ambitioun, all méiglech Geräischer a Kläng eenzel fir Iech anzefänken, an eventuell Lienen zu Konscht, Alldagskultur, Wëssenschaften opzeweisen. Allerdéngs ass et bei verschiddene Phenomeener guer net esou evident, se esou an d’Këscht ze kréien, wéi ee se dobaussen héiert ...
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners