Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Tëschent Vitrinnen a Skulpturen - Luxembourg Art Week
    Nächste Weekend (vum 22.-24. November) fënnt déi 10. Editioun vun der Konschtfoire Luxembourg Art Week statt. Nieft der Expo an engem temporairen Espace um Glacis gëtt och an enger Hellewull u Muséeën a Galerien ausgestallt. Mee net alles spillt sech hei bannent véier Wänn of: Mat dem “Sculpture Trail” an “Capsules” invitéiert d’Art Week nämlech eraus op d’Stroosse vun der Stad. De Joé Birchen huet den Tour gemaach a wollt vum Alex Reding, Galerist a Grënner vun der Art Week wëssen, wéi d’Wierker dobaussen hir Plaz fonnt hunn.
    9 min
  • Trentemøller Live an der Kufa
    Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d’Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d’Bün ze goen.
    Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d’Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!
    8 min
  • Concert LIVE
    An engem Privatconcert léisst de jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, d'romantesch Musek an der Philharmonie opliewen. Si spillen, ënner der Leedung vum Gaaschtdirigent Martin Rajna, ee Programm mat Wierker vu Wagner, Tschaikowski an Dvorak.
    De Jeff Schinker schwätzt mam Presentateur vum Owend, dem Lex Kauffmann doriwwer, wat Iech bei dësem Concert haut den Owend erwaart.
    5 min
  • Yellowstone
    A “Yellowstone” geet et op den éischte Bléck ëm d’Cowboyen, déi hir Kéi an der Gidd halen, et geet ëm oppe Prairien an d’Liewe mat der Natur. Dohannert verstoppe sech awer Politik, Muecht-Spillercher a ganz philosophesch Froen.
    5 min
  • Booker Prize (7) "James" vum Percival Everett
    En Dënschdeg goung de prestigiéise Booker Prize un der Samantha Harvey hire schlanken, poetesch-apokalyptesche Weltraumroman "Orbital", dee mir op dëser Platz scho beschwat haten. Déi englesch Schrëftstellerin huet sech mat hirem zwar excellente Roman géint deen anere Favorit, de Percival Everett, duerchgeschloen, nawell mengt de Jeff Schinker a senger Rezensioun vum Everett sengem Roman "James", datt déi Entscheedung net ganz glécklech ass. Mir lauschteren eng Bespriechung, déi gläichzäiteg och ee Plaidoyer fir dem Everett säi Wierk ass.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners