Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Op der Bün: "Winterreise“ vun der Elfriede Jelinek a "Peaky Blinders“ vun der englescher Compagnie Rambert
    Eng Netflix-Serie an een Text vun der wichtegster Avantgarde-Stëmm aus Éisträich - den Théâtres de la Ville de Luxembourg kann een den Ament kaum ze wéineg Diversitéit virwerfen. Den Nicoals Calmes, d'Lori Dauphin, den Tom Haas an de Jeff Schinker rezenséieren “Winterreise“ vun der Elfriede Jelinek an enger Mise en scène vum Jakob Arnoldi a “Peaky Blinders“ vun der englescher Compagnie Rambert.
    19 min
  • Albumrezensioun: Tyler, the Creator
    All Plack vum Tyler, the Creator ass een thematescht Wonnerhorn vu kreativer Selbstreflexioun - eng bestänneg Mythologiséierung vu senger Liewenserfarung.
    Et goung ëm jugendlech Rebellioun op sengem éischte richtegen Album, “Goblin”, mat engem fiktionale Psycholog als Gespréichspartner. Op “Cherry Bomb” huet hie seng Flilleke gespaant, mat Positivitéit bis ënner de Kënn. Eng éischt Oppenheet zum Analyséiere vu sexuelle Gefiller huet sech fir dee selwer ernannte Spätzünder op “Flower Boy” gewisen, an eng Bezéiung mat engem Mann, deen eng Frëndin hat, war op “Igor” den Objet vun déiwem Gruewen. Éischt Gespréicher mat der Mamm dauchen op “Call Me If You Get Lost” op, an elo geet de Wee wierklech zeréck heem un d’Wuerzelen, um afrikanesch inspiréierte “Chromakopia“.
    11 min
  • Filmkritik: "Trois amies"
    Déi dramatesch Comedie aus Frankräich hunn de Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker am leschte Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun
    12 min
  • Ausbléck op Walfer Bicherdeeg an de Lëtzebuerger Buchpräis
    Den nächste Weekend ass et erëm esou wäit. D‘Gemeng Walfer invitéiert op déi gréisste Bicherfoire vu Lëtzebuerg. Zwee Deeg laang sinn Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun op der Plaz fir dem Grand Public hir nei Publikatioune virzestellen. Donieft och eng ganz Rei Rencontere mat Autorinnen an Auteuren, Liesunge fir Grouss a Kleng a weider Manifestatiounen. Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg, gëtt dësen Donneschdeg och de Lëtzebuerger Buchpräis annoncéiert. Fir iwwer dës Eventer ze schwätze sinn eis Invitéen d‘Lynn Klein vun der Walfer Gemeng an de Ian De Toffoli, Vizepresident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.
    18 min
  • Beethoven am Rittersall
    Hie wier frou gewiescht, datt esou erfuere Museker wéi de laangjärege Konzertmeeschter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Philippe Koch an de Pianist Johan Schmidt, hie gefrot hätten, e Concert ze spillen. Zesumme mat béide Museker interpretéiert den Cellist Stéphane Giampellegrini e Sonndeg, 10. November, zu Buerglënster am Schlass Pianostrioen vu Ludwig van Beethoven, Sergei Rachmaninoff a Felix Mendelssohn.
    De Luc Boentges huet mam Cellist iwwer de Programm an de Kader vum Concert geschwat.
    8 min
  • Years and Years
    E Science Fiction Drama, a sechs Deeler, an deem mir d'Famill Lyon an engem dystopesche Setting begleeden. D'Serie weist eng brittesch Gesellschaft, déi ëmmer méi zu enger Diktatur gëtt.
    5 min
  • Rentrée littéraire (6) Vun Zivilkricher a Genoziden: "Houris" vum Kamel Daoud a "Jacaranda" vum Gaël Faye
    De Méindeg (4.11.) goufen de prestigiéise Prix Goncourt an deen e bësse manner prestigiéise Prix Renaudot verginn - an et koum zu kenge groussen Iwwerraschungen. De Favorit Kamel Daoud krut de Goncourt fir säi pechschwaarze Roman "Houris" an de Gaël Faye, zweete Favorit, gouf mam Renaudot fir säi stilistesch méi liichten, thematesch awer änlech donkele Roman "Jacaranda" ausgezeechent. De Jeff Schinker huet déi zwee Bicher gelies - a verréit eis, ob d'Jurye sech richteg entscheet hunn.
    9 min
  • Den Dram vum Grunge
    Keen huet méi Zäit, d'Welt dréit sech ëmmer méi séier ... Frustréiert vun ze vill Hektik, wënscht sech déi Lëtzebuerger Musekerin Florence Besch zeréck an d'1990er. A kreéiert dofir op hirem neien Album "Gathering Hearts" e Sound, dee si “Dream Grunge” gedeeft huet.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners