Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Um Wee an d'Paradis
    Mat der Opféierung vum “Requiem” vum Fauré gëtt net nëmmen un de Centenaire vum Komponist sengem Doud erënnert, mee och déi dräi Joer laang Aarbechte vun de Fresken an der Diddelenger Kierch hu virun 100 Joer ugefaangen. A wéi den Zoufall et wëllt, gëtt et tëschent de Molereien an dem Requiem thematesch eng staark Verbindung.
    Den Alessandro Urbano, deen d'Orchestratioun vum Fauré sengem Requiem fir de Concert vum 10. November extra fir Uergel ëmgeschriwwen huet, gëtt am Gespréich mam Christophe Mirkes Ablécker an dës Parallelen.
    8 min
  • Déi "nei Pappen": Realitéit oder Wonschdenken?
    Déi franséisch Journaliste Stéphane Jourdain a Guillaume Daudin relativéieren de Mythos vum moderne Papp, dee sech neierdéngs ëm d'Kanner géif bekëmmeren. Hir vum Lëtzebuerger Zeechner Antoine Grimée illustréiert BD "L'Arnaque des nouveaux pères. Enquête sur une révolution manquée" (Glénat) huet de Michel Delage gelies.
    5 min
  • Rentrée littéraire (5) "Madelaine avant l'aube" vun der Sandrine Collette
    Fir sech am Dschungel vun den iwwer 400 Romaner, déi dëse September am Frankräich erauskoumen, erëmzefannen, ass net evident. Esou guer wann ee just d'Shortliste vun de sëllege Präisser wéi de Goncourt, de Femina, de Renaudot, de Médicis an den Interallié, fir der just e puer ze nennen, liest, huet ee méi wéi genuch ze dinn. De Jeff Schinker huet "Madelaine avant l'aube" vun der Sandrine Collette gelies - ee vun de véier Finaliste vum Prix Goncourt, deen de Méindeg decernéiert gëtt. Ganz begeeschtert war hien net.
    5 min
  • Eng nei Identitéit duerch kleng “kosmetesch” Agrëffer bei der Stëmm
    Si hunn déi musikalesch Fäegkeete vun engem Rullkoffer getest, dem Tram säi Lamentéiere laanscht d’Schueberfouer eescht geholl, an eng italieenesch Mokakan mat kachendem Espresso iwwer Zuchschinnen dämpe gedoen. Fir eise Soundatlas fänken de Joé Birchen an d’Kerstin Thalau eenzel Geräischer a Kläng an, experimentéieren domat a weisen op Lienen zu Konscht, Alldagskultur, de Wëssenschaften hin. Déi mënschlech Stëmm huet bis ewell keng Roll gespillt, mee dat soll sech hei änneren.
    11 min
  • Halloween an Allerséilen um opus 100,7
    Haut den Owend (31.10.) gëtt et am Veianer Schlass e Concert mam Motto "Ein Abend mit Dracula". Hei si net nëmmen d'Musekerinnen a Museker vun der Kammerata Luxembourg passend verkleet, mee och de Public kann a grujelege Kostümer kommen. Um Programm steet ënner anerem dem Philip Glass seng Filmmusek vun “Dracula” an eng Liesung aus dem Bram Stoker sengem Roman. De Concert ass den Optakt fir de Festival MusicDays Vianden vun der Kammerata Luxembourg.
    A passend fir de grujelegsten Dag vum Joer huet de Christophe Mirkes aus der Klassik-Ekipp eng Halloween-Playlëscht erstallt, déi een op www.opus.radio lauschtere kann. Perfekt, wann een onheemlech Musek léiwer ouni onheemlech Biller lauschtert.
    No Halloween kënnt dann ëmmer séier Allerhellegen an Allerséilen. Um Owend vun Allerséile gëtt et an der Méchelskierch an der Stad scho fir déi 32. Kéier den traditionelle Concert vum Méchelschouer. Am Mëttelpunkt steet dëst Joer dem Gabriel Fauré säi weltberüümte Requiem.
    7 min
  • Sektoriell Assise vum Danz
    Wéi steet et mat der Professionaliséierung vum Danz a wéi eng Bedeitung huet d‘Maison pour la danse?
    Déi lescht Woch waren déi sektoriell Assisë vum Danz am Escher Ariston. Wéi steet et mat der Professionaliséierung vum Danz, a wéi eng Bedeitung huet d‘Maison pour la danse: dat waren d‘Sujeten, déi an den zwou Table-ronden diskutéiert goufen. D’Valerija Berdi mat Detailer.
    6 min
  • Op der Bün
    Wéi sënnlos ass zäitgenëssesch Konscht, wéi brieche mir aus dem Alldagsliewe vun enger Groussstad aus, a wéi brénge mir eng vun den urbanen Disziplinne schlechthin - d’Skaten - op eng Bün?
    De Jeff Schinker an den Nicolas Calmes rezenséieren déi dräi Stécker "Art", "La Ville Ouverte" a "Skatepark".
    17 min
  • International Music - Placken aus dem noen a wäiten Ausland
    D'Grousstadliewen an Däitschland, eng Plack iwwer Trauer, déi sech der Trauer refuséiert an een Album, dee Kënschtlech Intelligenz op eng ganz eege Manéier verflecht: de Marc Clement, d'Claudia Klasen an de Jeff Schinker rezenséieren d'Hierschtplacken "Electric Babies" vun Isolation Berlin, "White Roses, My God" vum Alan Sparhawk an "Honey" vu Caribou.
    28 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners