Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Anna Erhard an de Rotonden
    Delikaten Humor, deen op mënschlech Widderspréch hiweist, ass eng vun den definéierende Charakteristike vun der Anna Erhard hirer Musek. Heirauser ensteet eng déif Emotionalitéit an hire Songs otemt. Fans vu Wet Leg a Singer-Songwriterinne wéi der Fiona Apple dierften hei op hir Käschte kommen. Haut den Owend spillt déi gebierteg Schwäizerin an der Bouneweger Rotonde, a mir haten Geleeënheet haut de Moie virun hirem Depart mat hir ënner Anerem iwwert déi nei LP “Botanischer Garten” ze schwätzen.
    6 min
  • Mezzo-Sopranistin Naama Liany
    D'Mezzo Sopranistin Naama Liany spillt dëse Freideg zesumme mat Sträichquartett ee "concert de midi" an der église protestante an der Stad.
    Um Programm sti Wierker aus dem 20. Joerhonnert. Eng Epoch, déi der Musekerin immens gutt läit a wou si sech och spezialiséiert huet.
    Am Gespréich schwätzt d'Musekerin iwwert hir Passioun fir dës Musek. Si erzielt och vun hirem Kandheetsdram, Musekerin ze ginn a verréit hire perséinlechen Tipp, wéi een sech dat traut ze maachen, wat engem um Häerz läit.
    De kompletten Interview mat der Sängerin fannt dir hei fir nozelauschteren.
    8 min
  • Am Gespréich mam Jo Kox
    De Jo Kox war jorelaang Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère un der Säit vun der Kulturministesch Sam Tanson an duerno vum Kulturminister Eric Thill. De Mann, dee vill Kulturschafender aus dem Casino a vum FOCUNA kennen, ass och den Architekt vum berüümte Kulturentwécklungsplang. No enger Transitiounsphas huet hien d’Funktioun vum Premier Conseiller u säi Successeur de Carl Adalsteinsson ofginn – an haut ass hie live bei eis am Studio fir am Laf vun engem Interview eng Zort Bilanz ze zéie – eng Bilanz iwwert eng ganz Rei u Joren am Déngscht vun der Kultur(politik).
    25 min
  • Triana y Luca - Paseo
    E bëssen Nuevo Foklore aus Spuenien, wou de Luc Vaillancourt Originnen huet, e bësse südamerikanesch Museksformen, vu wou d’Triana Segovia hierkënnt. Jazz kënnt mat dran, an eng Faszinatioun mat de Geschichten, déi des Museken erzielen - dacks vu Léift, Resilienz, a Verloscht. Och déi nei Single “Paseo” ass ee Libeslidd.
    4 min
  • “Den Cello huet mech ausgewielt”
    De Petar Pejčić ass 22 Joer jonk a spillt Cello zanter sengem 4. Liewensjoer. Concerte gëtt hie ronderëm d’ganz Welt, an den 22. Oktober kënnt hie fir d’alleréischte Kéier op Lëtzebuerg. An der Philharmonie trëtt hien zesumme mam Ensemble Esperanza vu Liechtenstein op, an dat ass och hiren alleréischte gemeinsame Concert. Am Mëttelpunkt vum Owend stinn dem Tchaikowsky seng Rokoko Variatiounen.
    De Petar Pejčić huet dem Marie Schockmel ënnert anerem verroden, wéi hie sech physesch a mental op Concerte virbereet a firwat hien als Kand den Cello gewielt huet.
    11 min
  • Filmkritik: "L'Amour ouf"
    Dem Fransous Gilles Lellouche säi romanteschen Drama huet d'Ekipp vum Grousse Kino de leschte Samschdeg beschwat. Hei d'Diskussioun mam Michel Delage, Valerija Berdi a Vesna Andonovic.
    9 min
  • 39. Saison vun der Kammerata Luxembourg
    Déi 39. Saison vun der Kammerata Luxembourg geet den 31. Oktober lass – ganz passend mat engem Halloween-Concert ënnert dem Motto “Halloween – an evening with Dracula”, als Optakt fir de Festival "MusicDays Vianden". Do si net nëmmen d’Museker.innen vum Lëtzebuerger Ensembel verkleet, mee och d’Nolauschterer an Nolauschterinnen. De Rescht vun der neier Saison bitt dann e ganz variéierte Programm, mat vill Theater an och Programmatioune spezifesch fir Kanner.
    Eng grouss Neierung fir déi 39. Saison ass datt de Marc Jaboby elo no ville Joren seng Plaz vum Präsident weider gëtt. Nei Präsidentin vun der Kammerata ass elo d’Sandrine Cantoreggi.
    D’Marie Schockmel huet sech mat deenen zwee iwwert den Halloween-Concert, déi nei Saison an déi nei Präsidentschaft ënnerhalen.
    12 min
  • Am Gespréich mat der Sophie Langevin
    No hirer Mise en scène vum Laurent Mauvignier sengem "Ce que j’appelle oubli" huet d’Sophie Langevin mat der Rebecca Déraspe hirem "Les glaces" ee weidert Stéck iwwert Gewalt inszenéiert – déi Kéier geet et ëm sexuell Gewalt. Wéi hire Bouf wéinst engem Viol soll ugesicht ginn, erënnert sech d’Marianne un ee Virfall aus hirer Jugend – ee Virfall, deen zwar 25 Joer al ass, een Dreier ouni Consentement hirersäits, dee si elo nees wëll op d’Tapéit bréngen. Dëst gefält den zwee betraffene Männer guer net, déi et grad iwwerhaapt net arrangéiert, dass déi an hiren Aen harmlos Geschicht nees ausgebuddelt gëtt.
    17 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners