Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Chilly Gonzales – Gonzo an der Phil
    De Chilly Gonzales huet eng räich Karriär hannert sech, an där hien sech vun engem kanadeschen Neoklassik-Pianist zu engem zu Berlin a Paräis schaffenden, ganz humorvolle Piano-Rapper entwéckelt huet. Muer den Owend steet de Museker fir d’drëtt op der Bün vum groussen Auditoire vun der Philharmonie.
    8 min
  • Enseignanten op der Bün am Escher Conservatoire
    D’Lynn Orazi ënnerriicht Piano am Escher Conservatoire. Dacks spillt si awer och op Concerten. Een dovunner ass dëse Sonnden am Conservatoire selwer, zesumme mat zwee weideren Enseignanten: der Päivi Kauffmann op der Flütt an dem Romain Gross op der Klarinett.
    Um Programm steet ganz verschidde Musek, vu Barock iwwer jazzy bis Romantik – Musek, déi wéi d’Lynn Orazi seet, éischter zäitlos sinn. Si huet dem Marie Schockmel an engem Gespréich och nach méi verroden iwwert den Trio an de ganz variéierte Concertsprogramm.
    9 min
  • Griselda
    Eng Netflix-Serie iwwert d’Liewe vun der Drogenhändlerin Griselda Blanco, gespillt vun der Sofia Vergara. De Simon Larosche huet sech dës Serie ugekuckt an zielt eis méi dozou
    3 min
  • Lëtzebuerger Dirigentin um Pult vun der Militärmusek
    E Freideg den 18. September spillt d'Militärmusek ee Concert am Kultursall zu Steesel. Um Programm steet ee "Lëtzebuergesch-Éisträicheschen Owend", bäi deem déi jonk Lëtzebuerger Klarinettistin an Dirigentin Véronique Bernar an de Lieutenant Jean Thill dirigéieren.
    Am Gespréich huet eis d'Dirigentin Véronique Bernar Detailer zum Programm verroden an erzielt, wat et hir perséinlech bedeit, als eng vun den eenzege weiblechen Dirigentinnen d'Militärmusek ze leeden. Zudeem schwätzt si am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwert hir perséinlech Beweeggrënn, Direktioun ze studéieren a wéi Fraen an der Fonctioun vun enger Dirigentin generell akzeptéiert sinn.
    11 min
  • Booker Prize (6) Orbital vun der Samantha Harvey
    Mir liesen eis hei um 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher di fir de Booker Prize nominéiert sinn. An des Kéier stelle mir eent vir, dat et op d'Shortlëscht gepackt huet. "Orbital" vun der brittescher Schrëftstellerin Smantha Harvey beschreift een Dag am Liewe vu 6 Astronauten op der International Space Station. Dëst ass awer keng klassesche Science Fiction, mei éischter eng Aart Space Meditatioun. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.
    10 min
  • Booker Prize (5) Creation Lake vun der Rachel Kushner
    An enger Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett an "Headshot" vun der Rita Bullwinel goufe scho beschwat, genee esou wéi "Stone Yard Devotional" vun der Charlotte Wood an "The Safekeep" vun der Yael van der Wouden - déi zwee lescht hunn et op eng Shortlist gepackt, op där fënnef Fraen a just ee Mann stinn. Haut beschwätze mer zwee weider Bicher vun der Shortlitst: mat knapp iwwert 400 Säiten ass "Creation Lake" vun der Rachel Kushner dee längsten, mat eppes iwwert 100 Säiten ass der Samantha Harvey hiren "Orbital" dee kierzste Roman vun der Shortlist. Mir fänke mam villschichtegen, donkel-witzegen Thriller-Pastiche "Creation Lake" vun der Rachel Kushner un - dat dem Jeff Schinker immens gutt gefall huet.
    8 min
  • "Et ass mäi Séilemoment"
    Den OPUS KLASSIK gëtt als déi bedeitendst däitsch Auszeechnung an der Klassik-Industrie ugesinn. D'Désirée Nosbusch moderéiert den Nofollger-Präis vum fréieren 'Echo Klassik' zënter véier Joer an huet domat den Thomas Gottschalk ofgeléist. An och wann d'Lëtzebuergerin däitlech mécht, datt si kee Klassik-Expert wier, ass et trotzdeem ee vun hire léifste Projeten am Joer. De Christophe Mirkes huet sech no der éischter Prouf fir d'Gala vum OPUS KLASSIK mat der Désirée Nosbusch ënnerhalen.
    4 min
  • éclore vun der Aude Mermilliod
    Engautobiographesch BD, déi grad grouss Welle schléit. Mir beleedegen hei d'Liewe vun der Aude, déi fréi problematesch sexuell Erfarunge gemaach huet. Mir sinn dobäi, wann si sech do rauskämpft an dono och en neit Liewe starte kann. Eng BD, bei der och eng Planz, eng grouss Roll spillt. Firwat, seet eis de Nicolas Calmes.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners