Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Sektoriell Assise vum Danz
    Wéi steet et mat der Professionaliséierung vum Danz a wéi eng Bedeitung huet d‘Maison pour la danse?
    Déi lescht Woch waren déi sektoriell Assisë vum Danz am Escher Ariston. Wéi steet et mat der Professionaliséierung vum Danz, a wéi eng Bedeitung huet d‘Maison pour la danse: dat waren d‘Sujeten, déi an den zwou Table-ronden diskutéiert goufen. D’Valerija Berdi mat Detailer.
    6 min
  • Op der Bün
    Wéi sënnlos ass zäitgenëssesch Konscht, wéi brieche mir aus dem Alldagsliewe vun enger Groussstad aus, a wéi brénge mir eng vun den urbanen Disziplinne schlechthin - d’Skaten - op eng Bün?
    De Jeff Schinker an den Nicolas Calmes rezenséieren déi dräi Stécker "Art", "La Ville Ouverte" a "Skatepark".
    17 min
  • International Music - Placken aus dem noen a wäiten Ausland
    D'Grousstadliewen an Däitschland, eng Plack iwwer Trauer, déi sech der Trauer refuséiert an een Album, dee Kënschtlech Intelligenz op eng ganz eege Manéier verflecht: de Marc Clement, d'Claudia Klasen an de Jeff Schinker rezenséieren d'Hierschtplacken "Electric Babies" vun Isolation Berlin, "White Roses, My God" vum Alan Sparhawk an "Honey" vu Caribou.
    28 min
  • Fauré: méi a manner bekannt
    Den 2. November séngt de Choeur Saint-Michel, och Méchelschouer genannt, säin traditionellen Allerséileconcert. D’Haaptwierk vum Concert ass de Requiem vum Gabriel Fauré, dat 2 Deeg virum 100. Joresdag vum Komponist sengem Doud opgeféiert gëtt. Eise Klassik-Redakteur Christophe Mirkes huet och déi manner bekannte programméiert Stécker vum Fauré net aus den Ae verluer an huet och déi méi genee ënner d’Lupp geholl am Gespréich mam Dirigent vum Méchelschouer, dem Gerry Welter.
    8 min
  • Zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz
    De Claude Weber ass Directeur artistique vum Salon de Helen Buchholtz. Eng Concertserie, déi am Kader vun Esch2022 an d'Liewe geruff gouf an déi un d'Escher Komponistin a Musekerin Helen Buchholtz erënnert.
    Dëst Joer geet d'Concertserie vum 6. November bis den 1. Dezember am Bridderhaus zu Esch.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Claude Weber iwwert de Succès vun der éischter Editioun an och iwwert de Programm vun dësem Joer geschwat. Hie verréit och, wat de Salon zu anere Concertshaiser ënnerscheet.
    7 min
  • Drife
    Drife sinn eng Band vu Fouren aus dem Norde vum Land, déi mir um 100,7 esou ëm 2021 entdeckt hunn. Dat war, wéi hir éischt EP “On My Mind” erauskoum, mat fënnef richtegen Ouerewierm drop. Si waren och dunn am Radio fir een Interview. Laang ass dat hier, dat waren nach méi oder wéineger Pandemiezäiten. Wëllkomm zeréck am Studio Jeff Petry a Michel Schumann.
    9 min
  • Dräimol Marc Henri Reckinger
    D’lescht Joer am Summer gouf bekannt, datt de Moler Marc Henri Reckinger mam Lëtzebuerger Konschtpräis 2024 ausgezeechent sollt ginn. Just e puer Deeg no der Annonce koum dunn d’Nouvelle, datt de Kënschtler verstuerwe wier. Elo éieren den Nationalmusée um Fëschmaart, zesumme mat den Diddelenger Kulturhaiser Dominique Lang an Nei Liicht de Moler mat dräi verschiddenen Ausstellungen. De Joé Birchen huet eis Impressiounen aus dem Nationalmusée matbruecht a wollt vun der Marlène Kreins, Curatrice vun den Ausstellungen zu Diddeleng, wëssen, wéi et zu den dräi separaten Expositioune koum.
    7 min
  • Ultranothing Debut-EP
    Muer (26.10.) den Owend ass um Belval am MK Bar en Highlight fir all Fans vun haarder, bal Hardcore Post-Punk-Musek. Déi nach nei Band Ultranothing presentéieren do hir Debut-EP. Ervirgaangen ass de Power Trio aus Membere vun Office of Weird an dem Batteur Pit Jacobi, mat deem mir iwwer dat neit Wierk geschwat hunn.
    3 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners