Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dana Grigorcea am Gespréich
    Hu der iech scho Gedanken driwwer gemaach, wéi vill e Villche beim fléie weit? Déi Schwäizer-Rumänesch Schrëftstellerin Dana Grigorcea huet e Roman mat Titel „ Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen“ am Penguin-Verlag erausbruecht. Do geet et awer manner ëm d‘Gewiicht, dofir méi ëm d‘Bedeitung vun der Konscht, vun der Fräiheet an ëm Léift. D‘Valerija Berdi war der origineller Schrëftstellerin op der Leipziger Buchmese begéint an huet mat hir iwwer dëst Buch geschwat.
    8 min
  • "Téhéran-Luxembourg" am TNL a "Stolen Ground" am Kapuzinertheater
    Lëtzebuerg aus der Siicht vum Mëttleren Osten oder de Mëttleren Osten aus der Siicht vu Lëtzebuerg, de Westen aus der Siicht vun de Koloniséierten an d'fréier Kolonien aus der Siicht vum Weste vun haut. An "Téhéran-Luxembourg" kuckt eng Fra aus dem Lëtzebuerger Exil aus der Distanz op hiert Land, a "Stolen Ground" stellt d'Schrëftstellerin Anna Leader sech d'Fro, wéi ee mat enger vergëftener Ierfschaft kann ëmgoen. Den Nicolas Calmes, de Florian Ney an de Jeff Schinker ware sech déi zwee Stécker ukucken - an hu se ënnert d'Lupp geholl.
    21 min
  • Kënne Plüschdéieren, déi net billen, am iwwerdroene Sënn awer bäissen?
    Muer ass déi 23. Editioun vun der Nuit des Musées queesch duerch d’Stater Muséeën. Traditionell ginn zanter enger Woch nei Ausstellungen ageweit: di grouss Retrospektiv vum Marc Henri Reckinger am Nationalmusée, “Black Air” am Casino, “Babel heureuse?” am Lëtzebuerg City Museum, Kläng vun der Biodiversitéit a geologesch Odysseeën am Naturmusée. An am Mudam? Do kënnt dir, zanter gëscht, ënnert anerem “Songs for Gay Dogs” vun der däitscher Kënschtlerin Cosima von Bonin entdecken. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge.
    13 min
  • Starchase
    Déi nei Single vun Tuys mat enger Touche "French". De Marc Clement huet mam Sam Tritz vun der Formatioun driwwer geschwat.
    6 min
  • CinEast-Festival
    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätze "Mother Mara", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun vun a mat der serbescher Actrice Mirjana Karanovic iwwer eng Mamm, déi hirem verstuerwene Fils notrauert . An dann och de serbesche Kompetitiounsfilm "78 Days", deen d'Nato-Bombardementer op Jugoslawien vun 1999 a Form vun engem gestalltenen, private Videofilm thematiséiert.
    15 min
  • I’m A Virgo
    Mir verfollegen hei de Cootie, e schwaarzen Teenager, dee véier Meter grouss ass. Jorelaang ass hie verstoppt ginn, éier hien zoufälleg entdeckt gëtt. Elo muss hien an dëser nei Welt eens ginn. De Simon Larosche stellt eis déi Serie fir.
    5 min
  • 50 Joer Les amis de l'orgue
    Les amis de l’Orgue Luxembourg zelebréieren dëst Joer hire 50. Jubiläum. A fir dat ze feieren, gëtt et de Sonnden, 13. Oktober um 5 Auer e Concert an der Mäerteskierch vu Jonglënster. Mat dobäi ass den Titularorganist vun der Paräisser Kierch St-Eustache, den Thomas Ospital. Dee gëtt begleet vum Orchestre de Chambre du Luxembourg an ënner der Baguette vum Pit Brosius interpretéieren si Wierker vum William Walton a Joseph Gabriel von Rheinberger, esou wéi eng Kreatioun vum Ivan Boumans, déi extra fir d’Occasioun komponéiert gouf. D’Marie Trussart huet mam Paul Kayser, Organist a President vun den Uergelfrënn, ënner anerem iwwer d’Vergaangenheet an d'Zukunft vum Veräi geschwat, esou wéi iwwer de Programm vum Concert.
    De Concert ass gratis, Plaze kënne per Email um [email protected] reservéiert ginn.
    12 min
  • Ënnerwee mat de Schof
    Déi Lëtzebuerger Fotografin Liz Lambert geet mat de Schof op Tour. “Transhumanz” heescht hire Projet, deen si mat der Bourse vum Centre National de l’Audiovisuel (CNA) an der Lëtzebuerger Gaardenausstellung LUGA realiséiere wäert. Iwwert déi nächst Méint wäert si dofir eng Wanderschéiferei aus dem Norde vum Land bei hiren Tier begleeden. Wéi genee wëll d’Liz Lambert déi Wanderunge fotografesch festhalen? De Joé Birchen huet bei der Laureatin vun der Bourse nogefrot.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners