Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Um Radar - De Weekend
    Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dëse Weekend? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt iech, wat op iech zoukënnt. Sou vill sief gesot: Post Rock-, Hip Hop- an theaterbegeeschtert Leit kommen op hir Käschten.
    9 min
  • The Regime
    Eng Serie iwwer eng Diktatorin vun engem fiktiven osteuropäesche Land, déi ëmmer méi paranoid gëtt an hiert Land esou an de Biergerkrich dreift. An der Haaptroll ass et d’Kate Winslet, déi hei och komplett iwwerzeegt, wéi de Simon Larosche fënnt.
    4 min
  • Rentrée littéraire (2): "Que du vent" vum Yves Ravey
    Am Hierscht ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier, eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:innen, erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Nom excellenten "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri rezenséiert de Jeff Schinker dem Yves Ravey säi wéi gewinnt minimalisteschen a verstéirende Roman "Que du vent".
    5 min
  • Booker Prize (4) "The Safekeep" vun der Yael van der Wouden
    An enger Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner vir, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn. "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett an "Headshot" vun der Rita Bullwinel goufe scho beschwat, genee esou wéi "Stone Yard Devotional" vun der Charlotte Wood - deen eenzege vun den dräi Romaner, deen et op d'Shortlist gepackt huet. Och op der Shortlist ass der Yael van der Wouden hire Roman "The Safekeep" - ee Roman, deen deels u "Call Me By Your Name" erënnert, deen awer nieft der lesbescher Coming of Age Story och nach eng méi tragesch Geschicht iwwer Spoliatioun an Antisemitismus erzielt. Ee sensibele Roman, deen de Jeff Schinker iwwerzeegt huet.
    6 min
  • Lëtzebuergerin bei de BBC Proms
    D'Julie Scheuren huet sech viru 5 Joer dofir decidéiert, professionell Perkussioun ze spillen. Zanter 5 Joer ass si Studentin um renomméierte Royal College of Music zu London.
    Rezent eréischt huet si bei engem Concert op de BBC Proms an der Royal Albert Hall zu London matgespillt. Eng grouss Erfarung fir d'Musekerin, iwwer déi si am Interview mam Lex Kauffmann geschwat huet.
    Mir hunn dee Concert och iwwerdroen a kann an der opus 100,7 Mediathéik nach bis den 1.11. gelauchtert ginn.
    8 min
  • Klëmmt e Bamstamm e Kullang erop
    An eisem Soundatlas werfen eis Sounddetektive Kerstin Thalau a Joé Birchen een Ouer op all Zort vu Geräisch. Déi verschiddensten Téin a Kläng ginn aus hirem Kontext gerappt, verännert an a Relatioun mat anere Geschichten aus dem Alldag bruecht. Wëll Erzielungen a skurril Entdeckunge sinn hei virprogramméiert. Dës Kéier geet et mat enger Attraktioun vun der Schueberfouer bis op eng Rees, an déi fänkt direkt mat dem Geräisch un.
    9 min
  • Peter Pan de Kensington
    “Peter Pan de Kensington”, esou heescht de leschte Comic vum José-Luis Munuera. Hien huet sech awer hei fir seng Interpretatioun net op dem James Barrie säi Roman oder Theaterstéck baséiert, mee de spuenesche Comic-Auteur war méi déif gruewen.
    5 min
  • Ouverture vum CinEast-Festival
    De mëttel- an osteuropäesche Film steet erëm am Mëttelpunkt: déi 17. Editioun vum CinEast-Festival fänkt dësen Donneschdeg un. De Michel Delage huet sech am Virfeld mam Direkter vum Festival Radek Lipka ënnerhalen.
    9 min
  • Math Rock mat Chouer fir 41 Joer Kufa
    De Freideg den Owend ass de groussen Aweiungsowend vun engem Programm, wéi déi Escher Kulturfabrik en nach net gesinn huet: ee Mount laang feiert dee fréiere Squat 40+1, also 41 Joer. De Programm vum Owend selwer fänkt u mat der Ouverture vun engem spezielle Parcours mat Konschtinstallatiounen, enger Virstellung vun der Biergerbün, deenen übleche Rieden an engem Buffet. Um véierel fir 10 owes spillt dann eng Band ee Concert, déi op der Kulturfabrik hirer Mëscht gewuess ass. Mutiny on the Bounty hu vun 2004 un an der Kulturfabrik geprouft, an der Originalbesetzung eng Mëschung aus Europaschoul-Absolventen a Minettsdäpp. Vum Kufa-Proufsall goung et 3 Joer méi spéit eraus an d’Welt, op Bünen a Kanada, de Vereenegte Staate a Japan, an ee Plackevertrag beim Label New Romance for Kids huet hir Musek iwwerall hin transportéiert ...
    15 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners