Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am Gespréich mam Chris Maas
    De brittesche Museker Sting ass grad op enger Tour duerch Amerika, an op der Batterie bei him setzt keen anere wéi de Lëtzebuerger Chris Maas. Wéi ass et, mat dëser Legend ze spillen, a wéi gesäit d’Liewen op esou enger Tour aus? D’Claire Barthelemy huet ufanks September mam Chris Maas geschwat.
    7 min
  • Mat Keramikkonscht op de Spuere vun de Sensibilitéite vum Buedem
    Huet d’Waarde sech gelount? Mir fannen: jo, absolutt! Zanter dem Weekend a bis den 19. Januar presentéiert déi däitsch-lëtzebuergesch Keramik-Kënschtlerin Vera Kox, Joergang 1984, an der Escher Konschthal hir Ausstellung “Sentient Soil”, also sensibele Buedem. Am Virfeld war d’Kënschtlerin an eng sëlleg klimatesch extreem Naturgebidder gereest. Hir Impressiounen an Andréck, d’Verflechtungen tëschent Ëmwelt, mënschlechen an net-mënschleche Liewensforme kommen an der Expo voll zur Geltung. D’Kerstin Thalau hat d’Geleeënheet, kuerz virum Vernissage, der Vera Kox e puer Froen ze stellen.
    13 min
  • Klassik live aus der Philharmonie
    Ee Concert aus dem Kammermusekssall vun der Philharmonie mat Wierker aus der Wiener Klassik, der Romantik bis zu modernen Neikompositiounen. Et spillen de jonke Lëtzebuerger Cellist a Rising Star Benjamin Kruithof an de sardesche Pianist Marco Sanna.
    Um Programm:
    Ludwig van Beethoven (1770-1827)
    - Sonat fir Cello a Piano Nr. 5 Re Majeur op.102 N.2 (1815)
    - Allegro con brio
    Adagio con molto sentimento d'affeto
    - Allegro - Allegro fugato
    Nadia Boulanger (1887-1979)
    - Dräi Stécker fir Cello a Piano (1914)
    Sally Beamish (1956)
    - Rêverie fir Cello a Piano (commande ECHO - 2024)
    Sergueï Rachmaninov (1873-1943)
    - Sonat fir Cello a Piano a sol mineur op.19 (1901)
    - Lento Allegro moderato
    - Allegro scherzando
    - Andante
    - Allegro mosso
    6 min
  • Fokus op Emanzipatioun am TOL
    Den Théâtre Ouvert Luxembourg, kuerz TOL, ass ee vun den dräi klengen Theateren an der Stad Lëtzebuerg. Am TOL ginn d‘Stécker exklusiv op franséisch gespillt. D‘Valerija Berdi huet mat der artistescher Directrice Véronique Fauconnet iwwer déi nei Saison am TOL geschwat.
    23 min
  • Piano Poems: Musikalesch Gedichter mat der Cathy Krier
    “Piano Poems” heescht dee leschten Album vun der Cathy Krier. Si interpretéiert Wierker vu Ravel, Liszt a Prokofiev awer och vun zäitgenëssesche Komponistinnen: der Konstantia Gourzi an der Catherine Kontz. D'Marie Trussart huet mat der Lëtzebuerger Pianistin iwwer hiren Album geschwat an ënner anerem erausfonnt, wéi ee mat Musek Saachen ausdrécke kann, woufir et keng Wierder ginn. A si erzielt eis e puer vun deene Geschichten, un deene sech d'Musek aus hirem Album inspiréiert.
    8 min
  • Ee Concert mat Smetana a Janácek
    D'Pianos-Professesch Hana Robotkova aus dem Stater Conservatoire lancéiert zesumme mat weidere Kolleeginnen a Kolleegen den éischte Concert fir dës Saison vun der Serie ActArt.
    Ee Concert mat tschechesche Wuerzelen a volleksnoen, musikaleschen Aflëss. Et gëtt nämlech an enger Zort Gebuertsdags-Concert un d'Komponiste Bedrîch Smetana a Leoš Janácek erënnert.
    Mee firwat ass de Choix speziell op dës Komponiste gefall? Wéi kann een déi tschechesch Wuerzele vun de Komponisten an der Musek eraushéieren? A wat bedeit de Museker d'Concert-Serie perséinlech? Dat alles héiert Dir am Interview mat der Pianistin Hana Robotkova, déi dëse Concert an d'Liewe geruff huet.
    6 min
  • Indie-Rock, vu blénkeg bis granzeg
    Hiren Debutalbum vun 2022 huet ganz vill versprach, a mam Nofollger "Real Deal" léist d'Formatioun Honeyglaze ronderëm d'Frontfra Anouska Sokolow dëst Verspriechen an. An den 11. Dezember kann ee sech dann och live an de Rotonden dovunner iwwerzeegen.
    6 min
  • Myriam Muller a Sara Goerres am Gespréich
    Konscht, Kultur an Theater si wéi Zännrieder, déi anenee gräifen. Dat ass d'Devis vun der Ekipp vum Kasemattentheater. Wat dat konkret fir hir Programmatioun fir déi nei Saison bedeit, a wéi den Théâtre du Centaure seng nei Saison opgebaut huet, erzielen d’Myriam Muller, artistesch Directrice vum Théâtre du Centaure an d'Sara Goerres vum Team vum Kasemattentheater am Gespréich mam Valerija Berdi.
    19 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners