Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Claude Mangen am Gespréich
    Mat engem neien Numm an enger Saison, déi vum Theater iwwer Danz, Musek, Kanner- a Jugendmanifestatiounen, Ausstellunge bis bei Konferenzen an Diskussiounen e ganz villfältege Programm ubitt, wëll sech de Mierscher Theater geografesch a kulturell am Zentrum vum Land behaapten. Fir iwwer déi nei Saison an déi nei Strategie ze schwätzen, ass de Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater eisen Invité.
    16 min
  • E groussen Dag fir de Saxophon
    Et war e groussen Dag fir de Saxophon a fir Saxophonistinnen a Saxophonisten: Jonk an Al, Amateur a Professionell - all waren se wëllkomm fir zu bal 200 dee gréisste Saxophonsorchester zu Lëtzebuerg ze forméieren. Dat bréngt organisatoresch an natierlech och artistesch Erausfuerderunge mat sech: Arrangementer mussen adaptéiert ginn, et brauch een och Memberen déi zum Beispill um Tubax, engem Kontrabass-Saxophon kënne spillen, an da gouf dee komplette Repertoire just um Dag vum Concert zesumme geprouft.
    Wéi all dës Erausfuerderunge schlussendlech zum éischten Erfolleg vum 'Mega Saxophonsorchester' gefouert hunn, verroden d'Nadine Kauffman, den Andreas Mader an den Hy-Khang Dang am Gespréich mam Christophe Mirkes.
    8 min
  • "Die Traumnovelle" am TNL
    Am TNL fänkt déi nei Saison mat dem Frank Hoffmann senger Inzenéierung vum Arthur Schnitzler senger "Traumnovelle" un. Den Nicolas Calmes, de Florian Ney an de Jeff Schinker waren sech d’Stéck ukucken – a verroden iech, wéi gelongen dës Inzenéierung vum Kulttext ass.
    17 min
  • Cineast
    De Jeff Schinker, d'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn d'Filmer Minghun an Holy Week beschwat, déi an der Competitioun lafen.
    13 min
  • "Alle Menschen werden Brüder"
    Haut den Owend spillt ee Quintett vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert an der Philharmonie. Een Owend ënnert dem Motto "Alle Menschen werden Brüder".
    Um Programm stinn awer net nëmme Wierker vum Ludwig van Beethoven, ma och vun anere Komponisten aus verschiddenen Epochen.
    Ee Museker vum Quintett, den Aaron Aussenhofer-Stilz, huet am Gespréich mam Lex Kauffmann verrode wéi et zum Programm komm ass. Hien verréit och firwat et wichteg ass, dem Public ee villsäitege Programm ze bidden.
    6 min
  • Am Gespréich mam René Penning
    De Weekend huet de grousse Gebuertsdag vun der Kufa ugefaangen, 40 plus 1 Joer feiert d’Institutioun wärend engem ganze Mount. No engem ganz besonnesche Mutiny on the Bounty Concert um Freideg goung et den Dag duerno direkt weider mat de kanadesche Postrock-Legende Godspeed You Black Emperor fir ee musekalescht Erliefnis vun zwou Stonnen. De Kufa-Direkter René Penning hat also kaum Zäit, sech ze erblosen, éiert e bei eis an de Studio koum fir e Gespréich iwwert een e bëssen anere Gebuertsdag.
    12 min
  • "... gären u Limitte krazen"
    Dëst Joer ass den Echter'Classic Festival mat 4 Concerten ugesat, déi sech all däitlech vuneneen ënnerscheeden. Um Programm steet ënner anerem Tangomusek vum Piazzolla mam Stephany Ortega Trio, sinfonesch Musek vum Schubert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, experimentell bis jazzeg Musek mat Machine à Trois, a Madrigal mam franséischen Ensemble Offrandes.
    Domat sinn och vill Lëtzebuerger Interprete vertrueden, déi e wichtege Bestanddeel vum Festival sinn, wéi den Direkter vum Trifolion Maxime Bender dem Christophe Mirkes am Interview verroden huet.
    10 min
  • Albumrezensioun: "Ness" vum Hayden Thorpe
    Déi nei Plack vum fréiere Wild-Beasts-Sänger Hayden Thorpe ass eraus, heescht “Ness”, an ass eng villschichteg Affär, déi Natur, Literatur, a Geschicht an sëch vereent. De Marc Clement, deen d’Wild Beasts 2019 mengen ech bei hirer leschter Plack “Boy King” entdeckt huet, an de Jeff Schinker als Wild-Beasts-Fan zanter laangem, hu sech des Plack op d’Long gezunn, fir Iech z’erzielen, wat si vun hir halen.
    15 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners