Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • “Sols et sous-sols”: d’Resultater vun enger kollektiver Recherche als Gruppen-Installatioun
    Viru gutt 7 Joer hu Kreativer, Wëssenschaftler, Handwierker, Interesséierter den DKollektiv gegrënnt, fir sech um Site vum fréieren Diddelenger Walzwierk mat Industriekultur ze befaassen. De Feedback war positiv, esou datt aus der Initiativ 2022 den Tiers-Lieux culturel VeWa ervirgaangen ass: eng Plaz tëscht Schaff an Doheem, wou Leit Kenntnisser, Fäegkeeten, en Espace, Material a Ressource gemeinsam fir kreativ Zwecker deele kënnen. Zanter hier stinn d’Saisonen ënnert engem gewësse Sujet. Iwwert dee gëtt recherchéiert an um Enn eng Expo op d’Bee gestallt. Jo, a fir 2024 steet se ewell: d’Kerstin Thalau huet sech vum Serge Ecker duerch “Sols et sous-sols” guidéiere gelooss.
    13 min
  • Lone Wolf vum Isaac Bush an der Anne Simon
    Fir hir nei Produktioun hunn d’Anne Simon an den Isaac Bush Sprooch all Handlung iwwer Bord geheit, fir eng donkel-witzeg theatralesch Aventure iwwer Ausgrenzung an Herdenmentalitéit. Dat erstaunlecht dobäi, et versteet ee méi wéi a munch Text- an Handlungslastege Stécker. Eng Rezensioun vum Florian Ney a Jeff Schinker.
    10 min
  • Ee (kuerzen) Hommage un de verstuerwene Paul Bertemes
    De Paul Bertemes ass 1953 net einfach just als dem Moler Roger Bertemes säi Fiss op d’Welt komm an an der Kultur a Konschtzeen opgewuess, hien huet sech och spéider zumools am Saarland als Konschthistoriker, -expert a Kulturjournalist ee Virnumm gemaach. Ee kuerzen Hommage un de verstuerwene Paul Bertemes.
    5 min
  • Interview mam Alborz Teymoorzadeh
    De 6. Oktober huet den iranesche Fotograf Alborz Teymoorzadeh d’Land misse verloossen, well seng Openthaltsgeneemegung op en Enn koum an den Inneministère refuséiert huet, se ze erneieren. Déi Entscheedung huet an der Kulturzeen Welle geschloen, vill Institutiounen hunn sech entsat gewisen, de Kulturministère selwer seet, e wier net gefrot ginn an huet sech vun der Entscheedung distanzéiert. D'Françoise Keller huet sech mam Kënschtler ënnerhalen.
    6 min
  • "Man ist dem Publikum sehr nah"
    Ënnert dem Motto "Auf der gleichen Saite" presentéieren d'Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ee Concert-apéritif am Kammermusekssall an der Philharmonie.
    Um Programm steet Kammermusek mat Piano a Straicher vun de Komponiste Robert Schumann a Frank Bridge.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet d'Braatschistin vum Concert an och Solo-Braatschistin am Orchester vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, Dagmar Ondracek iwwert de Programm an de Kader geschwat. Si erzielt donieft, wat fir si Concerten ausmaachen, wéini ee mierkt dass de Fonken iwwerspréngt a wéi ofwiesslungsräich d'Aarbecht als Solo-Braatschistin ass.
    5 min
  • Jackie Moontan - All My Friends Are Totalitarians
    De 15. November kënnt deen éischte Jackie Moontan-Album eraus. Déi zweet Advance-Single läit haut op eisem Plackenteller, an de Mann hannert dem sympathesche Bünepersonnage, den Alain Schumann, erzielt eis d'Geschicht hannendrun, mee och méi zu de Collaboratiounen, déi déi nei Plack wäerte prägen.
    10 min
  • Dana Grigorcea am Gespréich
    Hu der iech scho Gedanken driwwer gemaach, wéi vill e Villche beim fléie weit? Déi Schwäizer-Rumänesch Schrëftstellerin Dana Grigorcea huet e Roman mat Titel „ Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen“ am Penguin-Verlag erausbruecht. Do geet et awer manner ëm d‘Gewiicht, dofir méi ëm d‘Bedeitung vun der Konscht, vun der Fräiheet an ëm Léift. D‘Valerija Berdi war der origineller Schrëftstellerin op der Leipziger Buchmese begéint an huet mat hir iwwer dëst Buch geschwat.
    8 min
  • "Téhéran-Luxembourg" am TNL a "Stolen Ground" am Kapuzinertheater
    Lëtzebuerg aus der Siicht vum Mëttleren Osten oder de Mëttleren Osten aus der Siicht vu Lëtzebuerg, de Westen aus der Siicht vun de Koloniséierten an d'fréier Kolonien aus der Siicht vum Weste vun haut. An "Téhéran-Luxembourg" kuckt eng Fra aus dem Lëtzebuerger Exil aus der Distanz op hiert Land, a "Stolen Ground" stellt d'Schrëftstellerin Anna Leader sech d'Fro, wéi ee mat enger vergëftener Ierfschaft kann ëmgoen. Den Nicolas Calmes, de Florian Ney an de Jeff Schinker ware sech déi zwee Stécker ukucken - an hu se ënnert d'Lupp geholl.
    21 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners