Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • 40+1: Gebuertsdag vun der Escher Kulturfabrik
    D’Kulturfabrik feiert 40+1 Joer, 41 Joer. Et ass kee ronne Gebuertsdag, trotzdeem gëtt d’Feier ganz grouss opgezunn - et gëtt een Hommage un d’Vergaangenheet vun der Kufa, eng Festegung vun hirer aktueller Roll an der Lëtzebuerger Kulturzeen, an et gëtt ee Bléck an d’Zukunft gewot. Geplangt fir Oktober an ufanks November si Concerten, Spektakel, Workshoppen, Filmseancen, Liesungen, Ausstellungen, a villes méi.
    6 min
  • “Et ass ëmmer spannend zeréck ze kommen”
    De Vadim Gluzman ass e Geiist, dee vill ronderëm d’Welt reest fir seng Concerten. Den nächste Méindeg (30.09.) verschléit et hien erëm op Lëtzebuerg fir e Concert an der Philharmonie. Do steet hien zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg op der grousser Bün.
    Dem Marie Schockmel huet de Vadim Gluzman ënner anerem verroden, datt hie sech wéi een Theaterschauspiller fillt beim zweete Geieconcerto vum Sergei Prokofiev, an datt hie sech freet elo erëm mat de Solistes Européens, Luxembourg ze spillen.
    11 min
  • Kulturagenda - De Weekend
    Wat fir Museks- a Kulturevenementer bitt dëse Weekend? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt. Esou vill sief gesot: Festival-, Danz- a Konschtbegeeschtert Leit kommen op hir Käschten.
    5 min
  • "[...] wo man alle Register ziehen muss."
    Och dëse Samschdeg steet nees Uergelmusek zu Diddeleng am Kader vum Festival International de l'Orgue um Programm. Mat dobäi ass dës Kéier déi slowakesch Organistin Bernadetta Sunavska. Si interpretéiert bei dësem Concert dem Bruckner seng 4. Sinfonie, och nach als "Déi Romantesch" bekannt. Eng Interpretatioun mat engem Arrangement vum Eberhart Klotz.
    Mee wéi ass dat, fir d'éischte Kéier op enger Uergel ze spillen, déi een nach net kennt? A wéi gutt kann een op enger Uergel Naturgeräischer nomaachen? Dat alles fannt Dir am Interview mat der Organistin eraus!
    7 min
  • Kanner- a Jugendprogramm CNA
    1989 ass de Centre national de l’audiovisuel gegrënnt gi mam Optrag den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg ze konservéieren an ze valoriséieren.
    Weider soll dëse Patrimoine och dem Grand public zougänglech gemaach ginn an dofir ginn net just Ausstellungen, Publikatiounen, Konferenzen asw. fir Erwuessener organiséiert, mee och dee méi jonke Publikum soll do sensibiliséiert ginn. A fir d’Aarbecht vum CNA mat Kanner a Jugendleche virzestellen, sinn d’Mylène Carrière an de Sébastian Thiltges am Studio.
    All Informatiounen iwwer Workshoppen an och aner Manifestatiounen am CNA sinn op der Internetsäit cna.public.lu ze fannen.
    22 min
  • Tindersticks, déi Véierzéngt
    Wann eng Band eng kloer Visioun huet, vun där Musek, déi si maachen a wëlle maachen, da schéngt dat ëmmer duerch. Et kann een et zum Beispill un enger konsequenter Diskographie erkennen.
    D’Tindersticks, de Quintett vun Nottingham, deen 1991 mat der EP “Old Horse” hiren Debut erausbruecht huet, hunn definitiv e roude Fuedem an hirem Schafen. Zanter hirem éischten Debut 1993 hu si ouni midd ze ginn hir Musek weiderentwéckelt a verfeinert. 31 Joer méi spéit si si bei hirem 14. Studioalbum ukomm, d’Plack “Soft Tissue“, erauskomm virun 11 Deeg. An nach un enger anerer Saach weist sech, datt eng Band mengt, wat si mécht: datt et iwwer d’Joren ëmmer méi schwéier gëtt, si an e Genre-Tirang ze quëtschen. D’Tindersticks kléngen ëmmer no sech selwer, a keng aner Band kléngt wéi si.
    “Soft Tissue“ vun Tindersticks ass eraus op City Slang, de Marc Clement hëlt mat duerch den Album.
    15 min
  • Eng Vereenegung fir de Johann Sebastian ...
    De Johann Sebastian Bach ass weltwäit ëmmer nach ee vun de meescht representéierte Komponisten an eise Concertshaiser. An hei zu Lëtzebuerg gouf elo decidéiert, dem Bach eng nei, zentral Plattform ze bidden. Ënner anerem fir "Bach in the Subways" kéint dat eng Erweiderung erméiglechen. Mee och un neien Iddie feelt et net, wéi d'Grënner Rosch Mirkes, Arend Herold an Noah Mayer am Gespréich mam Christophe Mirkes verroden hunn.
    7 min
  • De Soundatlas fir Schinnegejiips an Zukunft anescht ze héieren
    Mir si bei Kultur um 5 permanent op der Sich no originelle Kläng a Geräischer, déi mir da fir Iech op- an ausenaner huelen, bal verfriemen, an an e Kontext setzen, fir op eventuell Lienen zur Konscht, Alldagskultur, a souguer der Wëssenschaft hinzeweisen. Fir fir d’Rentrée e Knuppert op Lager ze hunn, waren d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen extra op de virleschte Schueberfouerdag. Do hu si effektiv genuch Material fir e puer Soundatlas-Episoden agefaangen. Wéi sinn déi Zwee vum Radio bis op de Glacis gereest? Natierlech mam Tram, dee jo och schonn eppes vun engem faarwege Karussell fir Kanner huet. An doriwwer eraus hat d’Bunn op der Héicht vun der Fouer e spezielle Sound ze bidden.
    10 min
  • Och Hellegestatue brauchen alt emol e Lifting
    Tëschent dem Freideg, 27. September, a Sonndeg, 6. Oktober si queesch duerch Lëtzebuerg déi traditionell Journées du patrimoine. Esou invitéiert de Spektrum zu Rëmeleng zum Beispill op de Projet “Minett Metabolisms”, also op eng Zort Porte ouverte mat enger Hellewull Aktivitéite fir all Alter.
    De Spektrum versicht, sech als Zentrum fir multimedial an digital Konscht en Numm ze maachen, als Uert fir Kënschtlerresidenze plus Hotel; dat Ganzt mat Bezuch zum Passé: schliisslech war dës Plaz fréier als Hames-Haus bekannt. De Kënschtler a Sculpteur Albert Hames hat do och säin Atelier. Zanter sengem Doud 1989 vollgepaakt mat Skulpturen a Studien, mat sengem Aarbechtsgeschier. D’Konschtrestauratrice Laura Di Mola gouf domat beoptraagt, dëse Schatz en valeur ze setzen. D’Kerstin Thalau huet si kennegeléiert.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners