Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Concerts apéritif
    Ënner dem Motto "Clarinet and company" spillen e Sonndeg, den 22. September, fënnef Museker aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, deen éischte Concert fir dës Saison aus der Serie Concerts apéritifs.
    Um Programm sti Wierker fir ee Quintett vun zwee Komponisten: dem Franz Krommer an dem Robert Fuchs.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann verréit de Klarinettist Arthur Stockel méi iwwer de Choix vun de Wierker an d'Roll vun der Klarinett wärend de leschte Joerzéngten.
    6 min
  • Déi nei Saison am TNL
    Am TNL, dem Théâtre National du Luxembourg geet et dës Saison ëm de politeschen Ënnergang vun eiser Gronddemokratie, awer och ëm Fräiheet, déi ee sech mëttlerweil schafe muss, dat wärend enger Spillzäit, déi sech divers gëtt - an tëschent bekannten Nimm an neien, jonke Stëmme pendelt. Ee Gespréich mam TNL-Dramaturg Florian Hirsch.
    16 min
  • "Endless Rüttenscheid" vun International Music a "Wir waren hier" vun Die Nerven
    Lescht Woch hu mir eis mat den Newcomer Die Mausis befaasst, hei sinn et scho méi konfirméiert Bands aus dem däitschsproochegen Indie-Rock, där hir nei Placke mir analyséieren. Tëschent der Weltmiddegkeet an dem Aktivismus vun der Postpunk-Band Die Nerven hirer neier Plack "Wir waren hier" an dem deels dadaistesche Rock-Pastiche vun International Music hirem "Endless Rüttenscheid" kënne sech Gréisste wéi Tocotronic waarm undinn.
    9 min
  • Ryvage um Eurosonic
    All Joer huet de radio 100,7 d’Éier, een heemesche Museksprojet auszewielen, fir zu Groningen um Eurosonic Showcase-Festival seng Aarbecht ze presentéieren. Fir d’Editioun vun 2025, déi vum 15. bis den 18. Januar ass, ass d’Recommandatioun vun der 100,7-Museksredaktioun op den elektronesche Museker Ryvage gefall. Zäit, Iech de Museker méi nozebréngen, beim Marc Clement um Mikro.
    10 min
  • Theaterfest
    Am September ass net just Schoul-, mee och Kultur-Rentrée, an et huet Traditioun, datt all Theaterhaiser, déi dat am Mee a Juni net gemaach hunn, hir nei Saisone virstellen. Eng aner Traditioun wëllt, datt den Theater sech an der Stad selwer feiert, am Kader vum Theaterfest, dat vun der Theater Federatioun organiséiert gëtt an e bëssen d’Ouverture vun der Saison symboliséiert. Ee Gespréich mam Sascha Dahm, President vun der Theater Federatioun
    8 min
  • Klassik aktuell
    Albert Dietrich: "Ein Komponist, den ich schon lange auf dem Radar hatte" - Christoph König
    De Christoph König an d'Solistes Européens, Luxembourg hunn e ganzen Disk der Musek vum Albert Dietrich dediéiert.
    10 min
  • D'Soundgewulls vun der Schueberfouer entflecht an nei opgewéckelt
    No der Schueberfouer ass virun der Schueberfouer. Mee wat fir Erënnerunge bleiwe vun der gréisster Kiermes am Land hänken, wann den Hierscht bis un d’Rulle kënnt? Mat Sécherheet d’Gerécher vun de gebrode Mandelen an de Grillbuden, déi vill faarweg Luuchten an natierlech de Kaméidi. Genee mat deem hu sech eis zwee Sounddetektive Kerstin Thalau a Joé Birchen an deem éischte Soundatlas fir déi nei Rentrée auserneegesat. Spëtzt Är Ouere fir eng Rei Skurrilitéiten, a lass!
    13 min
  • Filmkritik - "Tatami" vum Guy Nattiv an der Zar Amir Ebrahimi
    Leschte Samschdeg goufen am Grousse Kino mam Tim Burton sengem "Beetlejuice Beetlejuice", dem Daniel Auteuil sengem "Le fil" an dem Guy Nattiv an der Zar Amir Ebrahimi hirem "Tatami" dräi Filmer rezenséiert, déi mir kënne recommandéieren. Eng Rezensioun dovunner, déi iwwer deen israeelesch-iranesche Judo-Film, an deem eng jonk iranesch Judo-Kämpferin sech géint de repressive Regimm vun hirem Land wiert, lauschtere mir eis elo nach eemol un.
    11 min
  • Booker Prize (3) - Headshot vun der Rita Bullwinke
    An enger Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett a "Stone Yard Devotional" vun der Charlotte Wood beschwätzt de Jeff Schinker dës Woch "Headshot", den Debutroman vun der Amerikanerin Rita Bullwinkel - ee Roman, dee sech mat der Welt vum Fraeboxe beschäftegt.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners