Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • An der Woch: Um Radar
    Wat fir Museks- a Kulturevenementer bitt dës Schaffwoch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an deelt seng Suggestiounen. Klassik-, Agrikultur- a Foto-begeeschtert Leit kommen op hir Käschten.
    1 min
  • Wou steet de Lëtzebuerger Filmsecteur?
    Am CNA zu Diddeleng waren op dësem Freideg de Moien d’Assisen am audiovisuelle Secteur, woumat hei haaptsächlech d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg gemengt ass. Fir déi Professionnell war et d’Geleegenheet, fir sech auszeschwätzen a Fuerderungen ze stellen. Op de Secteur elo gutt oder schlecht do steet, doriwwer ginn d'Meenunge je no Bléckwénkel auserneen.
    20 min
  • Faarwen a Kontraster
    D’Ouverture vun enger Saison ass ëmmer e feierlechen Ament. Och wann et déi lescht mam aktuelle Chefdirigent ass. Erlieft den éischte Concert vum Gustavo Gimeno senger leschter Saison mat de Lëtzebuerger Philharmoniker. Den Titel "Colours & Contrasts" ass hei Programm.
    Um Programm:
    Maurice Ravel: Ma mère l'Oye. Cinq pièces enfantines pour orchestre
    Dmitri Chostakovitch: Concerto fir Piano, Trompett a Sträichorchester
    Sergueï Prokofiev: Sinfonie Nr. 3
    Interpreten:
    Simon Van Hoecke, Trompett
    Seong-Jin Cho, Piano
    Lëtzebuerger Philharmoniker
    Gustavo Gimeno, Direktioun
    De radio 100,7 an den opus 100,7 iwwerdroen dëse Concert live aus der Philharmonie den Owend (20.9.) um 19:30. Duerno bleift de Concert nach bis de 27.9.2024 an der Mediathéik op www.opus.radio disponibel.
    4 min
  • Shogun
    Eng Serie, déi een an dat antikt Japan mathëlt an do vu politeschen Intrigen a Spannunge mat europäesche Muechten erzielt. 14 Emmyen huet d'Serie dës Woch gewonnen. Wat esou gutt un dëser Serie ass, erkläert de Simon Larosche.
    5 min
  • Pieces of a Dream
    Et ass eng ongewéinlech Besetzung (Piano, Trompett/Flügelhorn a Vibrafon), déi d'Nolauschterer an déi verschidde “Pieces of a Dream” entféiert.
    Duerch de Lëtzebuerger Vibrafonist Christoph Sietzen huet dësen Album e Bezuch zu Lëtzebuerg. Mee och de Komponist gouf net wäit ewech vum Grand-Duché gebuer. De Christan Jost ass ursprünglech vun Tréier. Mat dobäi um Disk sinn nach de Pianist Frank Dupree an den Trompettist Simon Höfele.
    De Christophe Mirkes hat vill Froen iwwer d'Roll vum Vibrafon an dësem Kammermusekswierk, déi de Christoph Sietzen aus dem Brucknerhaus zu Linz beäntwert huet.
    8 min
  • "Seng Musek [...], ass mer ganz besonnesch no um Häerzen"
    Déi romantesch Epoch läit dem Museker Jean Muller ganz gutt, obwuel, wéi hie selwer seet, seng Passioun sech net exklusiv op d’Romantik beschränkt. Dem Franz Schubert seng Musek huet hien iwwer eng laang Zäit beschäftegt. No 3 Joer geet dann elo ee Concert-Zyklus op en Enn, deen dem Schubert seng Geiesonate beliicht. Am Gespréich huet de Jean Muller méi iwwer d'Gedanken hanner de Concerte verroden.
    6 min
  • Déi lëtzebuergesch Kënschtlerin Justine Blau bei Tartu 2024
    Nieft Bad Ischgl an Éisträich plus Bodø an Norwegen ass Tartu, also déi zweetgréisste Stad an Estland, 2024 Europäesch Kulturhaaptstad. Zoufälleg lieft a schafft déi lëtzebuergesch Curatrice Fanny Weinquin fir 2 Joer an Estland. Fir si war kloer: am Kulturjoer-Kontext misst een och Lëtzebuerger Konscht weisen.
    Zesumme mat der Multimedia-Kënschtlerin Justine Blau huet si also kandidéiert: an hire Projet ass ugeholl ginn. Bis Enn Juli war der Justine Blau hir Installatioun “Veil of nature” an de botaneschen Zäre vun der renomméierter Uni Tartu ze gesinn.
    Duerch d’Expo sinn nei Kontakter entstanen, esou datt déi zwou Frae momentan Deel vun der Gruppenexpo “Missing” sinn. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Justine Blau
    13 min
  • À ta mort, ce sera à moi
    BDe, Comics a Mangae gehéiere scho laang net méi nëmmen dem belschen, amerikaneschen a japanesche Kulturierwen, mee dem weltwäite Kulturierwen. An et gëtt net nëmme geierft, et ginn och vill nei an interessant Saache produzéiert.
    Fir eis dës Welten e bëssche méi no ze bréngen, huet den Nicolas Calmes eng Rezensioun vun engem italieensche Comic "À ta mort, ce sera à moi" gemaach.
    8 min
  • Kultur an der Peripherie (1) Am Gespréich mat der Teena Lange
    Mat der Rentrée aktivéiere sech déi kleng a grouss Theateren a Kulturhaiser, mee och d’Kulturzentren an der Peripherie. An den nächste Woche versiche mir, tëschent grouss a kleng, Zentrum a Peripherie ze pendelen, dat fir déi Dichotomie vläicht e bëssen opzeléisen.
    Am Studio beim Jeff Schinker ass d’Teena Lange, kënschtleresch Leederin vu Spektrum zu Rëmeleng. Rieds geet allgemeng iwwer Kultur am Süden an iwwer ee ganz besonnesche Programm vun der Journée du patrimoine.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners