Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Fräiheetsconcert vu Beetebuerg
    De Sonndeg, de 15. September 2024 um 17 Auer, invitéiert d'Militärmusek ënner der Leedung vum Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun zesumme mam Amstel Quartet op de Fräiheetsconcert zu Huncheréng.
    De Concert fënnt am Kader vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun vu Beetebuerg statt.
    Um Programm stinn ënner anerem Wierker vun de Komponiste Pol Albrecht, Marco Pütz, Georges Sadeler an Thomas Doss.
    Fir iwwer dësen Event ze schwätze waren de Komponist Marco Pütz wéi och den Olivier Sliepen vum Amstel Quartet am Interview beim Lex Kauffmann, fir iwwer de Programm an de Kader ze schwätzen.
    7 min
  • Rentrée littéraire (1): "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri
    Am September ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:inne fir erauszestiechen.
    Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Den Ufank mécht "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri - e Roman, deen d’lescht Woch an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt zeréckbehale gouf. Eng gutt Entscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
    18 min
  • Rentrée littéraire (1): "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri
    Am September ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier, eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:innen, erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Den Ufank mécht "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri - e Roman, deen d’lescht Woch an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt zeréckbehale gouf. Eng gutt Entscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
    11 min
  • Die Mausis - In einem blauen Mond
    Mat neie Placke vun International Music an Die Nerven am September an Isolation Berlin am Oktober, steet déi däitsch Indie-Musek grad ënner engem gudde Stär. Éier mir eis awer mat de Placke vun deene schonn etabléierte Bands beschäftegen, beschwätzt d'Claudia Klasen den Debut-Album vun der Band Die Mausis.
    12 min
  • David Gilmour - Luck and Strange
    Den David Gilmour huet an de 60er a 70er Joren als Gittarist vun der Mammut-Rockband Pink Floyd Museker op der ganzer Welt inspiréiert: mat klassesche Rhythm & Blues-Wendungen a mesuréierten, dacks sensibele Gittarsoloen, déi esou einfach kléngen, an déi him dach esou einfach keen nogemaach huet. 2024 ass de Gilmour 78 Joer al a bréngt eng Vanité eraus. Seng 5. Solo-Plack geet iwwer d’Al ginn an d’Vita Brevis, wéi kuerz also eist Mënscheliewen hei op der Äerd ass.
    7 min
  • De Konschtstudent Frank Daubenfeld tëschent Wien a Veianen
    Frank Daubenfeld ...Hm, deen Numm seet Iech näischt? Eventuell well de Frank Daubenfeld zanter gutt 10 Joer fir verschidde Konschtstudien am Ausland war: no Mainz a Stroossbuerg lieft a schafft hien zanter 2018 zu Wien. Seng Disziplin? D’Molerei. A mat där huet hien d’Membere vun der Veianer ASBL Viart nawell iwwerzeegt, esou datt si hien ufanks Summer zum Gewënner vun hirer 3. Biennale des étudiants en art et jeunes artistes an der Veiner Konstgalerie gemaach hunn. De Präis: 3 Wochen organiséiert Kënschtlerresidenz an der Veiner Konstgalerie. D’Kerstin Thalau huet um Enn mam Frank Daubenfeld Bilan gezunn.
    12 min
  • pOpera mat der Fondation EME
    pOpera, dat ass den Numm vun engem Projet, deen d’Fondation EME vum 5. August bis den 12. September organiséiert. D’Finalitéit: d’Opféierung vun enger Pop Oper den 11. an den 12. September an der Philharmonie. De Projet geet awer vill méi wäit, wéi just d’Prouwen an d’Opféiere vun enger Oper. Et ass en inklusive Projet, deen duerch déi transformativ Kraaft vun der Musek Guddes bewierke wëllt. Wat genee, dat verréit de Paulo Lameiro, Directeur artistique am Gespréich mam Marie Trussart. An och firwat hie senger Meenung no scho längst seng Ziler erreecht huet, bevir d'Oper iwwerhaapt opgeféiert gouf.
    10 min
  • Eng Trilogie française
    D’Stare vun eiser leschter “De Grousse Kino”-Sendung waren dräi franséisch Filmer, déi sozial Ongläichheeten an d’Schéier tëschent Räich an Aarm duerstellen. Bedeit an dëse Fäll, datt déi sozial Ugepasst just um Bord virkommen, an de Schwéierpunkt op déi geluecht gëtt, déi duerch d’Masche vum System gefall sinn. Zum Beispill am Christophe Duthuron senger Comédie dramatique “Fêlés”. Dozou de Jeff Schinker an d’Vesna Andonovic
    7 min
  • Mostra (3) Lëtzebuerg setzt op virtuell Realitéiten
    D’lescht Woch war déi 81. Editioun vun der Mostra de Venise, dem Venedeger Filmfestival. An der Kategorie XR Immersive hunn zwou lëtzebuergesch Produktiounen e Präis gewonnen. Dëst Joer war Lëtzebuerg mat 6 Filmer dobäi a vun de selektionéierten Oeuvrë ware 5 Wierker VR Créatiounen. Wéi dës Wierker zu Lëtzebuerg produzéiert goufen, a wéi de VR-Marché seng Weeër op Lëtzebuerg fënnt, erzielt d’Lucie Wahl an engem Reportage.
    17 min
  • Kulturagenda
    Buergfest, Hip Hop, Rousen, Oper a Foodtrucks; dat a villes méi am Kulturagenda vun der Woch. Mam Nicolas Calmes.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners