Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wéineg Trouscht, mee ganz vill Luciditéit
    An enger neier Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett rezenséiert de Jeff Schinker der australescher Schrëftstellerin hire Roman "Stone Yard Devotional", an deem eng Fra sech aus engem engagéierte Liewen eraushëlt, fir iwwer den Doud vun hiren Elteren an den Zerfall vun der Welt ze meditéieren.
    8 min
  • Oasis - De Comeback
    15 Joer nom leschte grousse Sträit tëschent dem Noel an dem Liam Gallagher hunn Oasis hire grousse Comeback annoncéiert. Wärend d'Fans begeeschtert sinn, an d'Ticketen sech wéi waarm Bréidercher verkafen, ass dës Nostalgie fir déi sougenannte Lad-Culture - déi Männer bezeechent, déi gären drénken, Fussball kucken a problematesch - dacks sexistesch - Remarquë maachen, am Kontext vun haut net ganz onproblematesch. Ee kritesche Bäitrag vun der Claire Barthelemy
    6 min
  • Déi 81. Mostra vu Venedeg (2)
    Nodeems de Marc Trappendreher eis lescht Woch “Maria” vum Pablo Larraín an “Beetlejuice Beetlejuice” vum Tim Burton virgestallt hat, verréit hien eis an enger zweeter Reportage direkt vum Lido, wisou Muechtverhältnisser de roude Fuedem vun der Competitioun sinn - an illustréiert dat un de Kuerzbespriechungen vu "Babygirl" vun der Halina Reijn, "The Room Next Door" vum Pedro Almodóvar an "The Brutalist" vum Brady Corbet.
    9 min
  • Téin a Waasser zu Esch-Sauer
    Wann een an der Géigend vun Esch-Sauer um Ufer vum Floss ënnerwee ass, stéisst een den Ament net nëmmen op Wisen, Waasser a Fielsen. Am Kader vum WaterWalls Festival sinn nämlech véier Konscht-Installatiounen un der Sauer ze fannen, déi alleguer op hier eege Manéier mam Waasser interagéieren. Eng dovun heescht “Aquacanta”, an ee vun hire Kreateuren - den Olivier Lacrouts - huet dem Joé Birchen méi iwwer d’Entsteeung vun der Installatioun verroden.
    6 min
  • "Ech hunn d'Geschicht misste verbéien, fir se net op Brutalitéit ze reduzéieren"
    A sengem neie Roman “La Contrée obscure” (Ed. Gallmeister) erzielt den Amerikaner David Vann déi bluddeg Eruewerung vu Florida am 16. Joerhonnert duerch d’Spuenier.
    Zwee Personnagë sti sech géigeniwwer: de Conquistador Hernando De Soto, dee fir seng illusoresch Sich no Gold iwwer Läiche geet; an dann de Juan Ortiz, e Spuenier, deen eng Sympathie fir déi indigen Populatiounen entwéckelt huet, obwuel hie jorelaang vun Indianer gefaange gehale gouf.
    Fir den David Vann war dee Roman d’Geleeënheet, sengen eegene Cherokee-Originnen op de Fong ze goen.
    De Michel Delage huet um Festival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo mam David Vann geschwat.
    11 min
  • Wéineg Trouscht, mee ganz vill Luciditéit
    An enger neier Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett rezenséiert de Jeff Schinker der australescher Schrëftstellerin hire Roman "Stone Yard Devotional", an deem eng Fra sech aus engem engagéierte Liewen eraushëlt, fir iwwer den Doud vun hiren Elteren an den Zerfall vun der Welt ze meditéieren.
    8 min
  • 32 Konschtwierker zum Theema “My last will” am Casino Lëtzebuerg
    Dee lëtzebuergesch-däitsche Kënschtlerduo M+M huet sech hei am Land mëttlerweil en Numm gemaach; eventuell well si, mat hirer Konscht, anescht wéi hir Homonymmen, net fir Karies, mee fir konstruktiv Gedankenustéiss suergen. Esou zum Beispill am Casino, virun 10 Joer, mat hirer komplexer Videoinstallatioun “7 Tage”, déi en Acteur a banalen, mee an engems kontradiktoresche Situatioune weist. De Marc Weis an de Martin De Mattia, déi zu München liewen a schaffen, beschäftege sech multimedial mat der Dekonstruktioun vun Identitéiten, Netzwierker, Architekturen, enger zäitlecher Linearitéit. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir am Casino an der Ënneschtgaass eng aner M+M-Facett entdecken: hir kuratoresch Aarbecht.
    16 min
  • Op de Spuere vum Thelma and Louise
    Kënnt der iech nach un „Thelma and Louise“ erënneren? De Roadmovie vum Ridley Scott aus dem Joer 1991? Wou d’Susan Saradon an d’Geena Davis op der Flucht och nach vum JD alias Brad Pitt ëm hiert Verméige bruecht ginn?
    Déi zwou franséisch Autorinnen a Journalistinne Catherine Faye a Marine Sanclemente haten sech gutt 30 Joer méi spéit op d’Spuere vum Thelma and Louise gemaach. „A la vie à la mort“ ass den Titel vum Buch, deen am Verlag Paulsen erauskomm ass an déi zwou Autorinnen zeechnen hei e Bild vun den aktuellen USA. E Bäitrag zesummegestallt vum Valerija Berdi.
    15 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners