Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Déi 81. Mostra zu Venedeg
    Den 28.8. huet déi 81. Mostra zu Venedeg ugefaangen, op där och eng lëtzebuergesch Koproduktioun, dem Wang Bing säin Dokumentarfilm "Youth (Homecoming)" am Wettbewerb leeft. De Marc Trappendreher ass fir eis op der Plaz - an huet sech schonn dem Tim Burton säi "Beetlejuice Beetlejuice" an dem Pablo Larraín säi "Maria" fir eis ugekuckt. Mir lauschtere seng Andréck.
    8 min
  • Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien: "Médecine douce" vum Nicolas Rey
    De Martin Faubert, een Hausdokter mat engem zimmlech dilettantesche Sënn fir Deontologie, verléift sech onstierflech an eng knallhaart Businessfra, déi Mann a Kanner huet. Fir si vum Mann ze trennen, léisst hie mat Hëllef vun engem Kolleeg aus dem Labo hire Blutttest fälschen a jubelt hir eng fiktiv Geschlechtskrankheet ënner.
    "Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien" ass dat anonymt Spréchwuert, dat um Ufank vum Nicolas Rey sengem 12. Roman steet. Datt et allerdéngs onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert, weist den Nicolas Rey a senger immens pechschwaarzer amoralescher Fabel. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert - a sech prächteg ameséiert.
    8 min
  • "No der Tragedie an der Farce widderhëlt d'Geschicht sech erëm eng Kéier als Tragedie"
    Firwat kéint een d’Europäer net iwwer e Referendum ofstëmme loossen, a wéi ee Joerzéngt si nees wëllen zeréckversat ginn? Deen dystopeschen Zeenario entwéckelt de Bulgar Georgi Gospodinov a sengem drëtte Roman “Le Pays du passé” (Ed. Gallimard), deen op däitsch “Zeitzuflucht” heescht. Fir déi englesch Iwwersetzung “Time Shelter” gouf de Gospodinov d'lescht Joer mam International Booker Prize belount.
    De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Georgi Gospodinov geschwat.
    17 min
  • Multimedia-Kënschtler:innen hannerfroen eis digital Infrastrukture queesch duerch Esch
    Mir beweegen eis dagdeeglech duerch digital Welten, wéi wa se keng Materialitéit hätten. Mee dat Ganzt baséiert op enger kolossaler weltwäiter Infrastruktur. Déi, plus déi verstoppt Säit vun der Virtualitéit, interesséiert eng Abberzuel vu Multimedia-Kënschtler:innen. An och Elektron, eng kënschtleresch Plattform, déi aus Esch2022 ervirgaangen ass. De ganze Summer iwwer invitéiert Elektron, queesch duerch Esch, op de Multimedia-Parcours “Cyber Structures”. D’Kerstin Thalau hat virun der Escher Konschthal Rendez-vous mat der Elektron-Directrice Françoise Poos, fir zwou vun de Strukturen ze entdecken.
    7 min
  • Multimedia-Kënschtler:innen hannerfroen eis digital Infrastrukture queesch duerch Esch
    Mir beweegen eis dagdeeglech duerch digital Welten, wéi wa se keng Materialitéit hätten. Mee am Fong baséiert dat Ganzt op enger kolossaler weltwäiter Infrastruktur. Déi, an doriwwer eraus déi verstoppte Säit vun der Virtualitéit, interesséiert eng Abberzuel vu Multimedia-Kënschtler:innen. An och Elektron, eng kënschtleresch Plattform, déi aus Esch2022 ervirgaangen ass. De ganze Summer iwwer invitéiert Elektron, queesch duerch Esch, op de Multimedia-Parcours “Cyber Structures”. D’Kerstin Thalau huet sech, mat eiser Stagiairin Ilana Joseph, op de Wee an de Süde gemaach, fir mat der Elektron-Directrice Françoise Poos, déi eenzel Statiounen ze entdecken.
    20 min
  • Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien: "Médecine douce" vum Nicolas Rey
    De Martin Faubert, een Hausdokter mat engem zimmlech dilettantesche Sënn fir Deontologie, verléift sech onstierflech an eng knallhaart Businessfra, déi Mann a Kanner huet. Fir si vum Mann ze trennen, léisst hie mat Hëllef vun engem Kolleeg aus dem Labo hire Blutttest fälschen a jubelt hir eng fiktiv Geschlechtskrankheet ënner.
    "Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien" ass dat anonymt Spréchwuert, dat um Ufank vum Nicolas Rey sengem 12. Roman steet. Datt et allerdéngs onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert, weist den Nicolas Rey a senger immens pechschwaarzer amoralescher Fabel. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert - a sech prächteg ameséiert.
    8 min
  • “Left to Their Own Fate/ See Another Sea”: e Plaidoyer fir d’Konschtbuch
    Et verwonnert ... an et freet: och am digitalen Zäitalter ass den Objet-Buch net dout ze kréien. Mee wéi ass et mam Konschtbuch? De Paul an d’Claire Di Felice, also Papp an Duechter, wollten et wëssen, an hunn zesummen d’Maison d’édition “Mai” fir dës Spart lancéiert. Dëse Summer koum hir Publikatioun “Left to Their Own Fate / See Another Sea”, an enkster Zesummenaarbecht mam Konzeptkënschtler Marco Godinho, eraus. D’Kerstin Thalau huet mam Trio, e wéineg anescht, dra gebliedert.
    7 min
  • "Er war eigentlich immer da seit dem 8. oder 9. Lebensjahr"
    Den 31. August geet et lass: de Marathon mat den insgesamt 11 Sinfonië vum Anton Bruckner. Déi ginn all der Rei no op der Diddelenger Uergel am Kader vum Festival International de l'Orgue opgeféiert. Déi Fassunge fir Uergel hunn awer fir d'éischt Mol misse geschriwwe ginn. A bei esou grousse Wierker ass dat net just ee Projet fir e puer Méint.
    De Christophe Mirkes huet den Eberhardt Klotz, deem seng Uergel-Transkriptioune vum Bruckner senge Sinfonien zu Diddeleng gespillt ginn, getraff. Um Duxall vun der Kierch St. Martin zu Diddeleng krut hien all Froen zu deem Mammut-Projet, deem den Organist sech verschriwwen huet, beäntwert.
    9 min
  • "Mat enger Zeechnung kann ech e Moment besser festhale wéi mat enger Foto"
    Miereslandschaften a Schëffer si Motiver, déi de renomméierten Zeechner Jacques de Loustal ëmmer erëm gären op Pabeier bréngt. Rezent Beispiller sinn déi biografesch Bande dessinée “Simenon, l’Ostrogoth” (Dargaud) oder och “D’après Anita Conti” (Locus Solus), e Buch, fir dat sech de Loustal u Fotoe vun där bekannter franséischer Ozeanografin inspiréiert huet.
    De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Loustal geschwat.
    15 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners