Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden
    Bei de Congés annulés geet et geschwënn an déi lescht Woch, awer nach fënnef Concerte sinn ze erliewe beim traditionelle Summer-Festival vun de Rotonden. No der duebeler Affiche Hannah Ida a Bartleby Delicate den 28. Juli ass et haut den Owend (16.8.) eng weider eenheemesch Duebel-Affiche zu Bouneweg. Ee Concert fir Rockfans, ganz kloer, Mutiny on the Bounty headlinen, The Cookie Jar Complot maachen op, a mat deenen huet de Marc Clement beim Soundcheck e puer Wuert gewiesselt, an dëser Reiefolleg: de Sven Schmäler an de Gilles Glesener.
    6 min
  • Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
    Wéi vill Afloss hu Viraussoen, Spekulatiounen a Simulatiounen tatsächlech op eis Zukunft? Firwat fléissen eng Onmass vu Suen a Risikomanagement, Probabilitéitsrecherche am Beräich Versécherungen, wéi vill wichteg Froe kann d’Katastrophefuerschung tatsächlech beäntwerten?
    Déi polnesch Kënschtlerin Agnieszka Kurant hannerfreet kënschtleresch de Fait, datt d’Zukunft haut e Spekulatiounsobjet ass. Wéi a mat wéi engem Output?
    Dat kënnt Dir bis ufanks 2025 am Mudam gesinn. D’Kerstin Thalau huet d’Agnieszka Kurant beim Vernissage vun hirer Installatioun “Risk Landscape” kuerz kennegeléiert.
    10 min
  • Wéi hu mir et mam Liesen?
    “Et gëtt net méi gelies”, héiert een dacks soen. Datt dat esou net stëmmt, erginn d’Resultater vun enger representativer Ilres-Ëmfro, déi de Lëtzebuerger Kulturministère an Optrag ginn huet. Erfuerscht goufen tëschent September an Oktober d’lescht Joer d’Liesgewunnechte vun de méi wéi 16 Joer ale Residenten hei am Land.
    4 min
  • Intergenerationellt Geschichtenerzielen
    Déi gefeiert amerikanesch Jazzmusekerin Esperanza Spalding huet kierzlech decidéiert, deen heelenden, verbannenden Aspekt vun der Musek an de Vierdergrond vun hirer Karriär ze stellen an huet ënner anerem ee Songwright Apothecary Lab gegrënnt. Och hiren neiste Projet ass ee Projet vum Häerz: hir laang erdreemten Zesummenaarbecht mat enge vun hire musikaleschen Idoler. D‘Resultat vun der Kollaboratioun, eng Plack mam einfachen Titel “Milton + esperanza“, huet de Marc Clement Loscht eis als Albumtipp mat op de Wee ze ginn.
    9 min
  • Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
    Wéi vill Afloss hu Viraussoen, Spekulatiounen a Simulatiounen tatsächlech op eis Zukunft? Firwat fléissen eng Onmass vu Suen a Risikomanagement, Probabilitéitsrecherche am Beräich Versécherungen, wéi vill wichteg Froe kann d’Katastrophefuerschung tatsächlech beäntwerten?
    Déi polnesch Kënschtlerin Agnieszka Kurant hannerfreet kënschtleresch de Fait, datt d’Zukunft haut e Spekulatiounsobjet ass. Wéi a mat wéi engem Output?
    Dat kënnt Dir bis ufanks 2025 am Mudam gesinn. D’Kerstin Thalau huet d’Agnieszka Kurant beim Vernissage vun hirer Installatioun “Risk Landscape” kuerz kennegeléiert.
    8 min
  • Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton
    E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d’Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d’Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
    8 min
  • D‘Liedersjackett an der Midlife-Crisis
    En Albumtipp vun enger Legend an der US-amerikanescher Indie-Rock- an Americana-Zeen: Beachwood Sparks sinn zeréck mat enger Plack, déi un d‘2010er uknäppt, dacks op d‘70er erukënnt, an dach hir Wuerzelen an den 90er huet.
    7 min
  • Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
    Eng Sammlung vu Reportagen huet de Jean-Marie Backes a sengem Buch "Alltag im Rückspiegel” publizéiert. Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d’Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier. D‘Valerija Berdi mat Detailer.
    D‘Wierk kann een an de Librairien oder direkt beim Auteur ënner [email protected] bestellen.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners