Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
    Eng Sammlung vu Reportagen huet de Jean-Marie Backes a sengem Buch "Alltag im Rückspiegel” publizéiert. Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d’Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier. D‘Valerija Berdi mat Detailer.
    D‘Wierk kann een an de Librairien oder direkt beim Auteur ënner [email protected] bestellen.
    4 min
  • Weltoppene Postpunk vu Berlin
    Oum Shatt ass eng Post-Punk-Band vu Berlin, déi vu laut.de mat Talking Heads a Franz Ferdinand an een Dëppe geheit gëtt. Hiren Numm hu si sech bei enger Plaz an der tuneesescher Wüüst geholl an domat gläichzäiteg d’Oum Kalthoum referenzéiert, déi grouss ägyptesch Sängerin, déi nieft aner mëttel-ëstlecher an arabescher Musek scho laang beim Frontmann Thomas Poppe an dem Batteur Chris Imler um Plackenteller läit. Hir zweet Plack koum Ufank vum Joer eraus an heescht “Opt Out”. Mat deem Programm si si den Owend an de Rotonden am Kader vum Congés-annulés-Festival. De Jonas an de Chris hu sech ënnerwee op enger Autobunnraststätte Zäit geholl dem Marc Clement am Virfeld vum Concert den Owend (8.8.) iwwer déi nei Plack, an hir Musek, ze erzielen.
    5 min
  • Wéi hu mir et mam Liesen?
    “Et gëtt net méi gelies”, héiert een dacks soen. Datt dat esou net stëmmt, erginn d’Resultater vun enger representativer Ilres-Ëmfro, déi de Lëtzebuerger Kulturministère an Optrag ginn huet. Erfuerscht goufen tëschent September an Oktober d’lescht Joer d’Liesgewunnechte vun de méi wéi 16 Joer ale Residenten hei am Land an hir Bezéiung zu den ëffentleche Bibliothéiken.
    6 min
  • De Rencontres-d'Arles-Direkter Christoph Wiesner iwwer de Michel Medinger
    Fir d’Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Hie souz schliisslech och mat am internationale Jury, deen d’Expo “L’ordre des choses” vum Michel Medinger, selektionéiert huet. Dofir gouf eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert.
    D’Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d’Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.
    6 min
  • Foreigners an Ninon
    Déi jonk Lidderschreiwerin Ninon huet 23 Joer a stellt een héijen Originalitéitsusproch un hir Lidder, vun deenen der schonn eng Partie erauskoumen, an Zesummenaarbecht mat enger Rei Produzenten. Foreigners koumen zesummen, nodeems der venezuelanescher Produzentin Ilyana an dem Kevin Hinna hir Zesummenaarbecht sech verselbststännegt an dunn agebiergert hat. Een Track mam Ema Macara, och bekannt als Aym, huet de Line-Up komplett gemaach.
    Mat Foreigners hat de Marc Clement deslescht um Siren‘s Call geschwat, wou si esouguer ee Karaokestéck gespillt haten, an d‘Ninon war viru Kuerzem am Studio.
    10 min
  • Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin
    De Yoann ass e franséische BD-Auteur, dee fir de BD-Festival zu Conter war. Fir de Verlag Dupuis huet hien d’Episoden 51-55 vun “Les aventures de Spirou et Fantasio” gezeechent an domat d’Vermiechtnes vum André Franquin weidergeféiert, an de Figure vu Marsupilami, Gaston Lagaffe a Compagnie neit Liewen agehaucht. Weiderhin huet hien och de Spirou Superhelde Spinoff SuperGroom geschaaft. Den Nicolas Calmes hat mam Yoann iwwer de Franquin zu Conter geschwat.
    9 min
  • "Juste Jackson" vum José Ando
    Ee QR-Code op engem T-Shirt gëtt der Haaptfigur vun "Juste Jackson" fatal a féiert véier jonk homosexuell Männer dozou, sech un enger homophober a rassistescher japanescher Gesellschaft wëllen ze rächen. Dem afro-asiatesche Schrëftsteller José Ando säin Debut ass een elliptesche Roman, deem et och formal geléngt, eng Gesellschaft ze portraitéieren, an där digital Iwwerwaachung zu enger glater, duerch Haass an Exklusioun hetero-normativéierter Welt féiere soll. De Jeff Schinker huet de Roman beschwat.
    5 min
  • Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
    D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
    20 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners