Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E Liewen tëschent "primitiver" a "ziviliséierter" Welt
    35 Joer laang huet déi brasilianesch Ethnologin Aparecida Vilaça d’Amazonas-Ethnie vun de Wari studéiert. Iergendwann gouf si vun engem Member vun de Wari "adoptéiert". An hirem Essai “Paletó et moi. Souvenirs de mon père indigène” (Marchialy) erzielt d’Fuerscherin d’Geschicht vun dëser aussergewéinlecher Renconter.
    Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, hat de Michel Delage sech mat der Aparecida Vilaça ënnerhalen. Ënner anerem iwwer dem Mann säin Iwwergang tëschent zwou radikal verschiddene Liewensweisen.
    1 min
  • Bolis Pupul op de Congés Annulés
    De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
    Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
    Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.
    8 min
  • "La main qui tient le stylo ne peut pas tirer."
    A sengem autobiographesche Roman “Guerre et pluie“ (Gallimard) schwätzt de franséisch-bosnesche Schrëftsteller Velibor Čolić déi éischte Kéier iwwer seng Erliefnesser als Zaldot an der kroatesch-bosnescher Arméi, aus där hien desertéiert ass. A sengen Erënnerunge begéine sech d‘Grausamkeete vum Krich mat der Schéinheet vun der Natur a vun der Léift. D‘Valerija Berdi huet mam Velibor Čolić iwwer seng Biografie a seng Literatur geschwat.
    14 min
  • Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
    Wa Summer an der Stad ass, ass och déi alljärlech Expo vun der Stater Fotothéik am Cercle Cité. 2024 esouguer am Kontext vun engem ronne 40. Gebuertsdag: 1984 war d’Institutioun gegrënnt ginn, fir Fotoen, déi d'Verännerungen an der Stad iwwer d’Zäit dokumentéieren, ze archivéieren, awer och zougänglech ze maachen. Zum Beispill duerch eng Summerexpo, déi dëst Joer ënner dem Motto “Put it on!” steet. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Gaby Sonnabend, Responsabel vun der Fotothéik, plus de Christian Aschman, Fotograf bei der Fotothéik: also déi zwee hanner dem “put on display”.
    7 min
  • Zur Bloer Stonn
    Et ass Summervakanz an domat och un der Zäit fir eng kleng Rees. Bevir aus der Nuecht de Moie gëtt, befanne mir eis matten an der Bloer Stonn. Genee zu deem Zäitpunkt war de Joé Birchen mam Paleontolog a Schrëftsteller Robert Weis op een Tour, an dat an den Hiwwele vun der Stad. Si hunn ee méi genee Bléck dorop geworf, wéi aus der Nuecht Dag gëtt, a wéi Natur a Stad matenee verschmëlzen. Hei geet et iwwer d’Grenzen eraus - eng Rees, an där eis och e puer Iwwerraschungen erwaarden.
    10 min
  • Zaeren Vol. 2 - Hiphop-Concert an de Rotonden
    Haut den Owend (30.7.) stinn op der Bün vun de Rotondë fënnef Hiphop-Acts - een aus Daitschland a déi aner vun heiheem. Fir d’Programmatioun vun dësem Owend am Kader vun de Congés annulés ware fir eemol net d’Rotondë selwer zoustänneg, mee eng nei Partnerassociation, Zaeren. Alles iwwer hir Aarbecht an d’Soiree haut den Owend huet de Marc Clement bei de Kär-Membere Banjo Rock a Charel Even nogefrot.
    8 min
  • "Hiren Doud ass wéi eng Bibliothéik ze verléieren"
    35 Joer laang huet déi brasilianesch Ethnologin Aparecida Vilaça d’Amazonas-Ethnie vun de Wari studéiert. Duerch reegelméisseg Openthalter huet d’Fuerscherin no an no hire Liewensstil ugeholl - iergendwann gouf si vun engem Member vun de Wari "adoptéiert". An hirem Essai “Paletó et moi. Souvenirs de mon père indigène” (Marchialy) erzielt d’Aparecida Vilaça d’Geschicht vun dëser aussergewéinlecher Renconter.
    Um Festival Etonnants voyageurs, am Mee zu Saint-Malo, hat de Michel Delage sech mat der Aparecida Vilaça ënnerhalen.
    23 min
  • Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton
    E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d’Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d’Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
    7 min
  • Filmkritik: "Die Ermittlung"
    Extrait aus dem Grousse Kino, an deem de Michel Delage an d'Vesna Andonovic d'Adaptatioun vum Peter Weiss sengem berüümten Auschwitz-Prozess-Stéck beschwätzen.
    13 min
  • Sladjana Perkovic - Dans le fossé
    Aus Bosnien ass d’Schrëftstellerin Sladjana Nina Perkovic, an hire Roman “Dans le fossé” ass mat enger Mention spéciale vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun belount ginn. D’Buch, dat a franséischer Iwwersetzung bei Editions Zulma erauskoum, zeechent mat ganz vill Humor an Authentizitéit déi aktuell Gesellschaft um Balkan.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners