Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am Gespréich mam Serge Tonnar
    Dee bekanntste Lëtzebuerger Museker ass och gläichzäiteg ee vun deene poleemeschsten, deen duerch säin Aktivismus, sief e politesch oder kulturpolitesch, ëmmer nees op sech opmierksam mécht. Viru "Viva", wat virun enger Woch erauskoum, hat de Museker d’Single "Nous sommes les hommes" a säi provokanten Ad-Hominem-Track "De Faktefred" erausbruecht a schéngt mat sengen dräi leschte Singlen och musikalescht Neiland ze sichen. Hien ass live fir en Interview mam Jeff Schinker bei eis am Studio.
    22 min
  • Joël Egloff - Ces féroces soldats
    A sengem neie Roman “Ces féroces soldats” verléisst de franséische Schrëftsteller Joël Egloff seng gewéinlech fiktional Prosa an erzielt hei d’Geschicht vu sengen Elteren. Méi prezis, d’Liewe vu sengen Eltere wärend dem Zweete Weltkrich. Seng Mamm, nach e Kand, säi Papp, e Jugendlechen, deen an déi däitsch Arméi zwangsrekrutéiert gouf.
    D'Valerija Berdi huet “Ces féroces soldats” gelies. D'Buch koum am Verlag Buchet-Chastel eraus.
    6 min
  • Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck
    Obschonn d'Summervakanz well ugefaangen huet an domat, ofgesi vun der Congés-Annulés-Programmatioun an de Rotondë vun nächstem Freideg un, dat klassescht Summerlach fir kulturell Langweil misst suergen, ware gëschter Owend direkt e puer Vernissagen uechter d'Land verdeelt. Den Nicolas Calmes war am CNA, fir sech dem éisträichesche Kënschtler Kai Walkowiak seng Ausernanersetzung mat der Zäit an der Expo "Traces of Time" unzekucken - an d'Cally Kerschen huet sech an der Méckenheck esou guer bis an de Koustall gewot, fir sech mat Organisateuren an Organisatricen a Kënschtler:innen iwwer déi kollektiv Ausstellung ze ënnerhalen.
    8 min
  • Blues'n' Jazz Rallye
    Am Kader vun hirem Summerprogramm organiséiert d’Stad Lëtzebuerg dëse Samschdeg, 20. Juli 2024 hiren traditionelle Museksmarathon, de Blues'n' Jazz Rallye an den Alstadquartiere Pafendall, Clausen a Gronn. De Michel Leruth ass Booker fir dëst Evenement, bei deem 40 Bands a Museker optrieden op enger Hellewull Bünen. Hien gëtt Detailer.
    12 min
  • Eve Guerra - Rapatriement
    Si ass 1989 am Kongo gebuer an huet hiert Land als Kand wéinst dem Biergerkrich a Richtung Frankräich verlooss. Haut ass Eve Guerra Proffessorin fir Latäin an Algriichesch an nodeems si e Gedichtband erausbruecht huet, koum elo hiren éischte Roman “Rapatriement” bei Editions Grasset eraus. E Roman, deen dann och direkt ausgezeechent gouf mam Prix Goncourt du premier roman.
    “Rapatriement” ass en autobiographescht Wierk, wou awer och Fiktioun seng Plaz huet. Fiktiv ass schonn den Numm vun der Protagonistin, Annabella, déi d’Noriicht kritt, datt hire Papp gestuerwen ass, an deem seng Läich soll rapatriéiert ginn. Si ass awer net just an totaler finanzieller Nout, si huet sech och a Lige verstréckt, esou, datt et schwéier ass en Auswee aus hirer Situatioun an de Wee bei hire Papp ze fannen. Gläich engem Bewosstsënnsstroum kommen Erënnerungen un d’Kandheet, d’Relatioun mam Papp, Momenter an Afrika op ...
    Mee bei der Eve Guerra ass net just wichteg, wat si erzielt, mee och wéi si erzielt an doriwwer loosse mir si elo erzielen ...
    16 min
  • Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.
    Am Kader vun hirem Summerprogramm organiséiert d’Stad Lëtzebuerg dëse Samschdeg, 20. Juli 2024 hiren traditionelle Museksmarathon, de Blues'n' Jazz Rallye an den Alstadquartiere Pafendall, Clausen a Gronn. De Michel Leruth ass Booker fir dëst Evenement, bei deem 40 Bands a Museker optrieden op enger Hellewull Bünen. Hien ass am Studio a gëtt Detailer.
    11 min
  • "Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
    Wärend zu Paräis déi lescht Virbereedunge fir d'Olympesch Spiller amgaang sinn, erfuerscht eng lëtzebuergesch Produktioun am Off zu Avignon déi donkel Säit vum Leeschtungssport. No "Petit frère - la grande histoire Aznavour" gouf dëst Joer déi däitschsproocheg Produktioun "Körper am Ende der Welt" vun engem vu Kultur | lx opgestallte Jury op Avignon geschéckt. Fir d'Virstellungen um weltbekannte Festival, op deem dëst Joer am Off iwwer 1.600 Spektakelen ze gesi sinn, gouf d'Stéck op Franséisch iwwersat. "Corps au bout du monde" erzielt déi deels autofiktional Geschicht vu Gymnastinnen, déi wéi d'Schauspillerin Marion Rothhaar an hire jonke Joren hire Kierper an hiert Liewen dem Diktat vum Sport afferen.
    De Jeff Schinker huet déi zwou Schauspillerinnen no hirem Optrëtt am Château de Saint-Chamand zu Avignon an een Dag no de Walen a Frankräich ausgefrot iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi d'Spillen an enger anerer Sprooch, d'Erausstiechen an enger Mass vun 1.600 Spektakelen an d'alldeeglecht Optrieden an der Hëtzt vun der Provence mat sech bréngen.
    8 min
  • Nei Saison an nei Direktioun am CAPE
    Am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck gëtt et zanter dëse Mount eng nei Spëtzt, nodeems Enn Abrëll annoncéiert gouf, datt deen deemolegen Direkter Carl Adalsteinsson géif am Kulturministère d’Roll vum Premier Conseiller iwwerhuelen. D’Ana Maria Tzekov huet virdrun an der Philharmonie am Beräich Museksvermëttlung geschafft an huet déi lescht Woch an de CAPE agelueden, fir d’Presentatioun vun der Saison 2024/25. De Marc Clement ass der Invitatioun nokomm a wollt wëssen, wouhin et geet am CAPE.
    13 min
  • "Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
    Wärend zu Paräis déi lescht Virbereedunge fir d'Olympesch Spiller amgaang sinn, erfuerscht eng lëtzebuergesch Produktioun am Off zu Avignon déi donkel Säit vum Leeschtungssport. No "Petit frère - la grande histoire Aznavour" gouf dëst Joer déi däitschsproocheg Produktioun "Körper am Ende der Welt" vun engem vu Kultur | lx opgestallte Jury op Avignon geschéckt. Fir d'Virstellungen um weltbekannte Festival, op deem dëst Joer am Off iwwer 1.600 Spektakelen ze gesi sinn, gouf d'Stéck op Franséisch iwwersat. "Corps au bout du monde" erzielt déi deels autofiktional Geschicht vu Gymnastinnen, déi wéi d'Schauspillerin Marion Rothhaar an hire jonke Joren hire Kierper an hiert Liewen dem Diktat vum Sport afferen.
    De Jeff Schinker huet déi zwou Schauspillerinnen no hirem Optrëtt am Château de Saint-Chamand zu Avignon ausgefrot iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi d'Spillen an enger anerer Sprooch, d'Erausstiechen an enger Mass vun 1.600 Spektakelen an d'alldeeglecht Optrieden an der Hëtzt vun der Provence mat sech bréngen.
    12 min
  • Jenny Erpenbeck - "Kairos"
    Si ass déi éischt däitsch Schrëftstellerin, déi elo mam International Booker Prize ausgezeechent gouf an dat mat hirem Roman "Kairos". Si erzielt hei eng Libesgeschicht an der Zäit vum Berliner Mauerfall. E Roman, dee sengesgläichen nach siche muss, mengt d’Valerija Berdi.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners