Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kulturagenda vun der Woch
    Karaoke am MUDAM, Liesunge bei der Gëlle Fra, an dräi Vernissagen um selwechten Dag: dat a villes méi am Kulturagenda vun der Woch, geschriwwe vun engem grippege Nicolas Calmes am Homeoffice, ageschwat vum Joé Birchen.
    4 min
  • "Kéis"
    Wou kënnt dat Wuert hier? De Jean Portante hëlt eis nees mat op eng eetymologesch Rees.
    9 min
  • Samuel Hamen a säi Servais-Präis
    Den Dënschdeg Owend huet de Samuel Hamen bei der zeremonieller Präisiwwerreechung am Nationale Literaturarchiv zu Miersch säi Servais-Präis entgéintgeholl. “Wie die Fliegen” ass den Titel vum Roman, deen de Jury ënner der Presidentschaft vum Sébastian Thiltges ausgewielt huet.
    D’Valerija Berdi mat Andréck vun deem Owend.
    9 min
  • Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik
    D’Séraphine Mirage, Drag Queen Personnage vum Tom Hecker, hat an der Escher Bibliothéik virun enger gudder Dosen Nolauschterer e sougenannten Diva Storytelling Owend. Wat gelies gouf a wéi dat war, erzielt Iech den Nicolas Calmes. An engem kuerzen Interview kënnt den Tom Hecker och op säi rezenten RTL Face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig ze schwätzen.
    5 min
  • Banal a wéineg couragéiert Medienanalys
    Mat sengem Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive" (Editions Guy Binsfeld) stéisst de Laurent Moyse oppen Dieren op a geet politesch ze brenzlegen Erklärungen aus dem Wee, mengt de Michel Delage a senger Buchkritik.
    6 min
  • Impressioune vum Vernissage vum Lëtzebuerger Foto-Projet zu Arles
    Op Initiativ an Engagement vun der ASBL Lët’z Arles ass Lëtzebuerg, zanter dem 3. Juli a bis Enn September, fir déi 7. Kéier op de renomméierte Rencontres d’Arles vertrueden; dës Kéier mat der Foto-Expo “L’odre des choses” vum Michel Medinger. De Michel Medinger, Joergang 1941, gehéiert hei am Land, mat senge schwaarzwäissen Nature-mortes-Inszenéierungen, zu de bekanntste Fotokënschtler, a war och erfollegräiche Liichtathleet. Aus gesondheetleche Grënn konnt hien awer virun enger Woch net beim Vernissage mat dobäi sinn, och am Virfeld keen Ausstellungsprojet entwéckelen. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Duechter Isabelle Medinger, déi hire Papp zu Arles vertrueden huet.
    20 min
  • Helen Bucholtz: tëschent zwou Welten
    D'Noemi Deitz ass Musekswëssenschaftlerin, Museksautorin a Museksredakteurin. 2021 huet si iwwer d'Komponistin Helen Buchholz promovéiert. Hire Fokus bei all deene Projeten ass Musek, Gender a Lëtzebuerg. Am Abrëll dëst Joer koum hiert Buch “Helen Buchholtz. Komponieren zwischen zwei Welten” eraus. Si erzielt dem Marie Trussart ënner anerem, wat d'Helen Buchholz als Komponistin esou spannend mécht, a wéi si eréischt Joerzéngten no hirem Doud iwwerhaapt entdeckt gouf.
    11 min
  • Chroegraphical Talks déi Drëtt
    Am drëtte Band vun de Choreographical Talks, eng Serie vu Bichelcher, déi den nationale Literaturzentrum erausgëtt, ass d’Anne-Mareike Hess een oppent Buch. Firwat genee, weess de Marc Clement, dee sech d’Bichelchen ugelies huet.
    5 min
  • Fari Khabipour: "Innerer Frieden, äusserer Wandel.“
    “Innerer Frieden, äusserer Wandel.“ heescht d‘Buch, dat de Fari Khabipour publizéiert huet. An dësem Wierk befaasst sech de Psycholog mat Erzéiungsmethoden, déi dozou féieren, eis zu zefriddenen an esou och friddleche Mënschen ze maachen. De Konschtfotograf Gery Oth huet d‘Buch illustréiert an d‘Valerija Berdi huet mat hinnen zwee iwwer dëst Wierk geschwat. Hei en Extrait aus dem Gespréich. De ganzen Interview ass an eiser Mediathéik ze lauschteren.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners