Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Water, Water Everywhere, Nor Any Drop to Drink": "L'origine des larmes" vum Jean-Paul Dubois
    "Il n'y a que deux dates qui comptent dans une vie. Celle de ta naissance et celle de ta mort."
    Bal fënnef Joer nom Prix Goncourt 2019 verëffentlecht de Jean-Paul Dubois mat "L'origine des larmes" ass een donkele Portrait vun engem Mann, dee säi Liewen am Schiet vum Doud verbréngt.
    Ee Roman iwwer e Mann, dee säi Papp esou intensiv haasst, datt hien de Mann erschéisst - obwuel dee längst dout ass. En enigmatesche Roman, deen net op allen Niveaue funktionéiert, fënnt de Jeff Schinker.
    7 min
  • “Left to Their Own Fate / See Another Sea”: e Plaidoyer fir d’Konschtbuch
    Et verwonnert ... an et freet: och am digitalen Zäitalter ass den Objet-Buch net dout ze kréien. Mee wéi ass et mam Konschtbuch? De Paul an d’Claire Di Felice, also Papp an Duechter, wollten et wëssen, an hunn zesummen d’Maison d’édition “Mai” fir dës Spart lancéiert. Dëse Summer koum hir Publikatioun “Left to Their Own Fate / See Another Sea”, an enkster Zesummenaarbecht mam Konzeptkënschtler Marco Godinho, eraus. D’Kerstin Thalau huet mam Trio, e wéineg anescht, dra gebliedert.
    22 min
  • "Feminine Isolation" - Fotosaustellung vun der Anna Krieps
    D'Fra an d'Weiblechkeet stinn am Mëttelpunkt vun der Anna Krieps hirer ablacklecher Fotosaustellung "Feminine Isolation", déi nach bis den 1. Oktober am Stater Restaurant Mesa Verde ze gesinn ass. Am Gespréich mam Simon Larosche erkläert déi 37-järeg Kënschtlerin, datt och hir bekannte Schwëster Vicky ëmmer nees op hire Biller ze gesinn ass. Och wa si sech dëser Deeg allebéid net méi esou dacks géife gesinn.
    Dëse Sonnden (25.08.) mécht d'Kënschtlerin, déi hir Zäit tëschent Lëtzebuerg an der Schwäiz opdeelt, tëschent 16:00 an 19:00 eng perséinlech Féierung duerch d'Expo.
    7 min
  • Horse Jumper of Love
    Horse Jumper of Love hu virun aacht Joer hiren Debut erausbruecht. Hire Sound ass dobäi East Coast, wéi et nëmme geet. Wärend déi Dräi bedächteg op hir eege Schung kucken, galvaniséiert de Power-Trio ronderëm dem Dimitri Giannopoulos seng Songs ëm Konflikter an der Séil an hëlt sech dobäi hei an do agoniséierend vill Zäit - Slowcore eben - ouni datt d’Lauschteren dofir géing wéidoen, ganz am Contraire. No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo sharmoneschsten.
    5 min
  • Horse Jumper of Love
    Horse Jumper of Love hu virun aacht Joer hiren Debut erausbruecht. Hire Sound ass dobäi East Coast, wéi et nëmme geet. Wärend déi Dräi bedächteg op hir eege Schung kucken, galvaniséiert de Power-Trio ronderëm dem Dimitri Giannopoulos seng Songs ëm Konflikter an der Séil an hëlt sech dobäi hei an do agoniséierend vill Zäit - Slowcore eben - ouni datt d’Lauschteren dofir géing wéidoen, ganz am Contraire. No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo stëmmegsten.
    6 min
  • Gros Coeur a Chaton Laveur: Déi belsch Zeen an der Rotonden
    Gros Coeur heeschen esou, well si genee dat, een an deem aneren erkennen: ee grousst Häerz. Hiren Debut “Gros Disque” koum d’Lescht Joer eraus, mat véier laangen, danzbaren, psychedeelesch ugehauchte Rockstécker, an deene sech dat Séisst an dat Haart ofwiesselen, fir der Welt Liewensfreed entgéintzestellen. Déi véier Belsch stinn den Owend (21.8.) op der Bün vun de Rotonden zu Bouneweg, an zwee vun hinnen hu sech bei hirer Arrivée an e Gespréich mam Marc Clement agelooss: de Gittarist a Perkussionist Jimmy, an den Adrien, dee séngt an och Gittar spillt.
    9 min
  • "Les Voyeuses“ an de Rotonden
    Wien et an der Lescht bis an d’Rotondë verschloen huet, fir d’Congés annulés oder een Drink, deen huet vläicht grouss Apparater an der Géigend stoe gesinn, déi soss net do waren. Wien ee Bléck dra wot, gesäit Archivfotoe vun ale Statiounen, wou Lokomotiven ënnerhale goufen. Wien nach un der Kierb riets un de Apparater dréit, kritt, wéi bei alen Diasbrëllen, weider Fotoe gewisen: Neiinterpretatioune vun den Archivfotoe vun haitege Kënschtler:innen, déi an der Lëtzebuerger Zeen aktiv sinn. Genee dee Bléck huet den Nicolas Calmes gewot.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners