Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Yellowstone
    A “Yellowstone” geet et op den éischte Bléck ëm d’Cowboyen, déi hir Kéi an der Gidd halen, et geet ëm oppe Prairien an d’Liewe mat der Natur. Dohannert verstoppe sech awer Politik, Muecht-Spillercher a ganz philosophesch Froen.
    5 min
  • Booker Prize (7) "James" vum Percival Everett
    En Dënschdeg goung de prestigiéise Booker Prize un der Samantha Harvey hire schlanken, poetesch-apokalyptesche Weltraumroman "Orbital", dee mir op dëser Platz scho beschwat haten. Déi englesch Schrëftstellerin huet sech mat hirem zwar excellente Roman géint deen anere Favorit, de Percival Everett, duerchgeschloen, nawell mengt de Jeff Schinker a senger Rezensioun vum Everett sengem Roman "James", datt déi Entscheedung net ganz glécklech ass. Mir lauschteren eng Bespriechung, déi gläichzäiteg och ee Plaidoyer fir dem Everett säi Wierk ass.
    6 min
  • D'Finall vum Prix Anne et Françoise Groben
    D'Finaliste vum Prix Anne et Françoise Groben sinn tëschent 18 an 22 Joer al a wäerten zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie optrieden. Den 100,7 iwwerdréit d'Finall aus der Philharmonie live vun halwer 8 un. De Christophe Mirkes gëtt eng Iwwersiicht iwwer dat dat, wat den Owend um Programm steet a wien optrëtt.
    7 min
  • Nom erfollegräichen Ofschloss vum Konschtstudium direkt Prix-Pierre-Werner-Laureatin
    An eise Kulturnews hate mir Iech schonn doriwwer informéiert, datt, am Kontext vum Vernissage vum traditionellen Hierschtsalon vum CAL, de Prix-Pierre-Werner 2024 un d’Molerin Lara Weiler, Joergang 1999!, goung. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir hir priméiert Aarbechte plus déi vu weidere 45 Kënschtler:innen am Tramsschapp um Lampertsbierg entdecken. D’Kerstin Thalau war natierlech do, huet zesumme mat der Lara Weiler en Tram bis op de radio 100,7 geholl, fir hei am Studio hir Diskussioun weiderzeféieren.
    19 min
  • Kënne mir de Wiessel vun Dag op Nuecht, respektiv vu Summer op Wanter, och héieren?
    Mir reagéieren am Prinzip relativ sensibel op Temperaturënnerscheeder oder op de Wiessel vun Dag an Nuecht. Mee bedeit dat, datt mir déi verschidde Saisonen tatsächlech klanglech, also mat Hëllef vun eisen Oueren, auserneen hale kënnen? A ginn et Ënnerscheeder tëschent den auditive Kapazitéite vu Land- a Stadmënschen? An eisem Soundatlas, an deem mir reegelméisseg ee Klang analyséieren an d’Lienen zu Konscht, Alldagskultur a Wëssenschaft sichen, wollt de Joé Birchen et wëssen an huet d’Kerstin Thalau getest.
    14 min
  • Filmmusek tëschent Bach an Techno
    Dëse Samschdeg Owend (16.11.) verwandelt sech de grousse Sall vun der Philharmonie an e Kino aus der Stommfilmära. Um 19:30 begleeden zwee international unerkannt Pianisten - de Francesco Tristano an den Hayato Sumino - de Stommfilm “Asphalt” (1928) vum däitsche Realisateur Joe May mat Pianoen a Synthesizer.
    Am Gespréich mam Marie Trussart huet de Francesco Tristano ënner anerem verroden, wéi een d’Zäit am A behält, wann ee live Musek zu engem Stommfilm spillt, wéi Musek d’Géigewaart a Fro stellt an iwwerhaapt: ëm wat et beim Film eigentlech geet.
    13 min
  • "Virun allem fillen ech staark Léift"
    Mat 6 Joer huet de Johan Perdigão mam Piano ugefaangen. Elo mat 20 Joer studéiert hien dat Instrument zu Wien an de Sonndeg spillt hien e Concert zu Lëtzebuerg. Am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher steet hien zesumme mat der Luxembourg Philharmonia op der Bün. Eréischt d'lescht Joer hu si zesummen dem Edvard Grieg säi Concerto fir Piano gespillt, an elo steet dee vum Robert Schumann op der Affiche. Bei deem Wierk fillt de jonke Pianist virun allem staark Léift. Dem Marie Schockmel huet hie méi verroden.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners