Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D’Art-Week-Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award” ënner anerem mat der Marianne Villière
    Offiziell ass tëschent dësem Freideg, 22. November, an dem Sonndeg, 24. November, déi 10. Luxembourg Art Week. D’Zelt um Glacis steet, a vu muer un huelen d’Art-Week-Evenementer rasant zou. Esou kënnt Dir muer (21.11.) tëschent 14 a 15 Auer an der Art Talks Area d’Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award Luxembourg” lauschtere goen. Mam Award ausgezeechent goufe jo ufanks November d’Performerinne Clio van Aerde vu Lëtzebuerg plus d’Marianne Villière vun Nanzeg. Bedeit fir déi éischt 4 Méint Kënschtlerinne-Residenz zu New York, fir déi zweet 6 Méint. D’Clio van Aerde war doropshi scho Live-Invitée bei Kultur um 5. D’Kerstin Thalau hat elo och Geleeënheet mat der Marianne Villière ze schwätzen.
    14 min
  • “J’existe“
    Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
    Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.
    6 min
  • "Sie ging ja nur vorbei"
    Den 23. November 2024 proposéiert den Trio Dora am Mierscher Theater e Concert, an deem d'Komponistin Dora Pejačević am Mëttelpunkt steet.
    Wärend d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege Texter vun der Komponistin liest, spillt den Trio Wierker vun der kroatescher Musekerin. Déi zwou Musekerinnen Annalena Castagna a Carole Mallinger-Leyers schwätzen am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwer d'Iddien, d'Ëmsetzung an d'Zil vun dësem Projet.
    8 min
  • AEM
    Am Studio zu Gaascht ass d’Sängerin a Produzentin AEM, déi den 30. November an de Rotonden hir Debut EP “Chaga” presentéiert. D'Plack ass ganz vun hir selwer produzéiert an handelt vu Wonnen, déi een am Liewe kann dovundroen. D'Release Show an de Rotonden ass den 30. November, a wäert vun Animatioune begleet sinn.
    15 min
  • Advent mam Bruckner
    Motetten, de Magnificat WAB 24 an d'Missa Solemnis WAB 29 séngt d'Maîtrise um éischten Adventssonndeg (1.12.) an der Kathedral. Domat steet deen traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" ganz am Zeeche vum Anton Bruckner sengem 200. Gebuertsdag. Dat ass awer net deen eenzegen Anniversaire, deen op dësem Concert eng Roll spillt. Den Dirigent Marc Dostert verréit am Interview beim Christophe Mirkes, wéi eng Jubiläe mat dësem Concert nach gefeiert ginn.
    7 min
  • De Mathieu Clement gewënnt de "Junger Münchner Jazzpräis"
    Tëschent Köln, Amsterdam, Bayern a Lëtzebuerg evoluéiert dee jonken Drummer Mathieu Clement, Joergang 2001, zu engem villverspriechende Museker. Hien ass Member beim NRW JugendJazzOrchester a gouf doriwwer eraus déi lescht Woch zu München mat engem Präis ausgezeechent - gutt ee Joer no der Verëffentlechung vu sengem éischte selwer geschriwwenen Album. Zäit mat him de Point ze maachen, iwwer Musek ze schwätzen, an an d'Zukunft ze kucken.
    10 min
  • Am Gespréich mam Andrea Mancini
    Ewech vum kënschtlereschen Ego, hin zu enger kollektiver Aarbecht - dat war de Motto vum Lëtzebuerger Pavillon, deen den Andrea Mancini dëst Joer zesumme mat dem belgo-italieenesche Kollektiv Every Island, der Curatrice Joel Valabrega a véier Kënschtler:innen, déi de Pavillon iwwer déi lescht Méint ëmmer nees mat Performancë bespillt hunn. Ënner deem nämmlechten Titel wéi de Pavillonsprojet - "A Comparative Dialogue Act" - erschéngt elo eng Vinyl, déi Deeler vun de Performancë vun der Selinn Davasse, der Celin Jiang, der Stina Fors an der Bella Báguena afänkt. Fir hir Performancen hunn déi véier sech op eng gemeinsam Klangbibliothéik konnte baséieren. De Jeff Schinker ënnerhält sech hei mam Andrea Mancini, de Kënschtler, dee fir dëse Projet säin Ego esou wäit wéi méiglech zeréckgeschrauft huet.
    12 min
  • Filmkritik: "Gladiator 2"
    De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi hu sech am Grousse Kino gefrot, ob dem Ridley Scott seng Suite vu sengem 24 Joer alen Epos Sënn mécht oder net.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners