Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Mir testen eis Bicher un eisen eegene Kanner"
    D'Diane Orban an d'Myriam Karels hu rezent mat "Et rabbelt an der Broutgaass"(Editions Guy Binsfeld) schonn hiren zweete Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch gewonnen. Déi zwou Autorinne waren an der Wonnerbarer VaLibrairie op de Walfer Bicherdeeg invitéiert.
    14 min
  • The Penguin
    Eng Serie ëm den Antagonist aus dem Batman-Universum. Mir begleeden d'Figur beim Eropklammen an der krimineller Ënnerwelt vu Gotham City. De Simon Larosche huet d'Sendung gesinn a verréit eis méi.
    4 min
  • Hanner den Téin
    Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek an huet ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d’Musek aus eiser Zäit gesinn, wat si doru faszinéiert, wat si inspiréiert, a wat si domat ausdrécke wëllen. De Pit Brosius gëtt en Abléck an d'Hannergrënn vun dësem neie Podcast.
    7 min
  • Invasioun a Besatzung
    Zanter Mäerz ass am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter eng nei permanent Ausstellung ze gesinn. D‘Expo behandelt d‘Sujete ronderëm den Zweete Weltkrich. De Jim Goerres féiert mat exhaustiven Erklärungen duerch déi ganz Ausstellung, déi mir Iech a méi Deeler presentéieren. Hei, am zweeten Deel geet et ëm Exponaten, déi d’Invasioun, d’Besatzung an d’Reaktioun vum Vollek beschreiwen.
    D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt. (1. Deel: 21.11.)
    All Infoen iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
    13 min
  • "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht: Eine kritische Einführung“
    De Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch goung dëst Joer un den Yves Schmitz fir säi Wierk "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht: Eine kritische Einführung“. E Projet, dee vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 matgedroe ginn ass a bei Capybarabooks publizéiert gouf. Op de Walfer Bicherdeeg waren den Yves Schmitz, d‘Michelle Liesch vu Richtung 22 an d‘Editrice Susanne Jaspers d‘Invitéë beim Valerija Berdi a Michel Delage an der Live-Emissioun Déi wonnerbar Valibrairie.
    23 min
  • Spot on Brass
    Am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck ginn den 29. November nei Wierker an nei Arrangementer fir Blechblosquintett opgeféiert. En Deel vun dëse Stécker gouf vu Schüler aus der Kompositiounsklass, oder aus Ecrituresklassen op de Pabeier bruecht. D'Hornistin an Initiatorin vun dësem Concert, d’Isabelle Lord, verréit dem Christophe Mirkes am Gespréich, wéi een de Blechblosquartett mat Trompett, Cor, Trombonn an Euphonium bei dësem Optrëtt erlieft.
    7 min
  • Kim Deal - Nobody Loves You More
    Zanter den 1980er schreift d'Kim Deal an zwou groussaartege Rockbands Geschicht: The Pixies an The Breeders. Bal 40 Joer nom Ufank vun hirer Musekskarriär huet si elo just hiren éischte Soloalbum erausbruecht: "Nobody Loves You More". Dissonant Distortioun verhënnert Gefiller net, besonnesch wann deen ee Saz vun der Mamm den Titel däerf stellen. D'Claire Barthelemy huet déi nei Scheif fir eis gelauschtert.
    5 min
  • Margret Steckel an d‘Susanne Jaspers
    Sonndeg, de 17.11. hu mir eis Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroen. Invitéë beim Valerija Berdi a Michel Delage waren d‘Laureatinnen an d‘Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mir lauschteren elo en Extrait aus dëser Emissioun: D‘Gewënnerin vum Buchpräis an der Kategorie Literatur, d‘Margret Steckel mat hirer Novell “Mutterrache”. Derbäi ass och hir Editrice, d’Susanne Jaspers, vum Verlag Capybarabooks.
    14 min
  • Eng "stëll Chrëschtnuecht" mat Akkordeon
    "Et ass eng Häerzmassage" - esou beschreift d'Josée Bourg d'Wierk, dat si zesumme mam Akkordeonist Frin Wolter Sonndes, den 01.12.2024 am Mierscher Theater presentéiert. An dobäi ass all Concert anescht, mengt och de Museker Frin Wolter.
    Béid hunn éischter zoufälleg zesummefonnt a kuerzerhand ee Programm mat eegenen Arrangementer op d'Bee gestallt.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätze si doriwwer, wéi Ravel a Bach op Chrëschtdag passen. A wéi ee gesellschaftskritesch Theemen un ee jonke Public an u Kanner bréngt.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners