Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D’Kënschtlerin Nika Schmitt léisst eng “Moth” an der Cecil’s Box fléien
    Insekten, déi wéi geckeg ronderëm Luuchten zierkelen, ginn net méi belächelt: déi vum Mënsch verursaacht Liichtpollutioun an hir tragesch Konsequenze fir Fauna a Flora si bekannt, en Ëmdenke wier néideg. Duerch Recherchen ass d’Multimedia-Kënschtlerin Nika Schmitt dorop gestouss, datt Matten, zum Beispill, net mam Kapp no vir a Richtung Liichtquell ënnerwee sinn, mee deem hellste Punkt de Réck dréien. Op Basis vun dësem Constat huet si eng mechanesch Konschtinstallatioun fir d’Cecil’s Box kreéiert, also fir d’Ausstellungsvitrinn baussent dem Cercle Cité. D’Kerstin Thalau ass vun der Nika Schmitt méi iwwer hir Aarbecht “Moth” gewuer ginn.
    21 min
  • Propaganda, Verdreiwung a Widderstand zu Lëtzebuerg
    An dësem drëtten Deel vun eiser Visitt guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg.
    Dës Kéier kucke mir méi prezis op d’Auswierkung vun der Propaganda, de Versuch vun der Verdreiwung vu Judden an allen, déi dem aresche Gedanken net entsprach hunn, awer och op d’Zwangsrekrutéierung an de Widderstand. D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt.
    All Infoen zu dëser Expo an iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
    21 min
  • "Lightfall - La dernière flamme"
    Eng Fantasie-Rei vum New Yorker Tim Probert, déi déi lescht véier Joer vun der Welt Irpa erzielen. Viru Kuerzem koum eng franséisch Collector’s Editioun bei Gallimard eraus, an déi stellt den Nicolas Calmes vir.
    5 min
  • "Marc" vum Benjamin Stock
    Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat. An den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker “Marc” vum Benjamin Stock, dee fir säi fuerchtbar topegen a gläichzäiteg immens philosophesche Roman iwwer eng Gemeinschaft vu Marc-Levy-Lieser de Prix de Flore krut.
    6 min
  • Wantermelodien an de geschwate Sproochen zu Lëtzebuerg
    De Chouer vun der Uni.lu trëtt Ufank Dezember direkt 3 Mol hannereneen op. Gesonge gëtt en internationale Programm an de meescht geschwate Sproochen hei am Land. De Motto vun de Concerten ass Midwinter Melodies. De Christophe Mirkes huet sech mam Dirigent Thomas Gareau, deen de Chouer zanter 2021 leet, ënnerhalen a gefrot, firwat den Titel Wantermelodien ass an net Chrëschtmelodien.
    6 min
  • Och onscheinbar Kläng kënnen eis Kreativitéit a Fantasie stëppelen
    D’Aarbechtskultur, respektiv d’Aarbechtshygiène oder den Aarbechtsklima sinn haut wichteg an och sensibel Sujeten. Esou munch een deet sech schwéier tëschent Work-Life-Balance an Homeoffice seng tatsächlech Balance ze fannen. Do stellt sech da séier d’Gefill an, et wier een deen eenzegen, deen ëmmer um schaffe wier, iwwerdeems et sech déi aner gutt goe loossen. Just Gedäisch am Kapp? Fir eise Soundatlas hunn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen emol hir Kopfhörer ausgedoen a sech dorop konzentréiert, wat fir Niewegeräischer verschidden Aarbechtskolleege vum radio 100,7 produzéieren a woufir déi stinn.
    10 min
  • "Endspiel" am TNL
    Beckett am Schnellduerchlaf an op Däitsch - kann dat klappen? Brauch “Fin de partie” oder “Endgame”, hei eben “Endspiel”, net dat Laangt, déi Zäit, dat, wat een ier mécht, dat, wat d’Gedold strapazéiert?
    De Metteur en scène David Mouchtar-Samorai mengt Nee, kierzt d’Stéck op eng knapp Stonn a léisst zwou vun de véier Figuren der Schéier vun der Dramaturgie zum Affer falen. Op d'Inzenéierung nawell oder grad dowéinst funktionéiert - dat verroden de Marc Clement, Tom Haas a Jeff Schinker.
    16 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners