Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Tëschent Piano an Dirigentepult
    Ënner dem Motto "Une crèche musicale de Noël" presentéiere Musikerinnen a Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat kammermusikalesche Wierker. Dat méindes owes, de 16. Dezember 2024 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. De Stil geet dobäi ganz kloer an d'Museksepoche vum Barock a Wiener Klassik.
    Fir de Pianist vum Concert, de Christoph König, ass et nieft senger Aarbecht als Dirigent bei groussen Orchesteren, eng wëllkommen Ofwiesslung.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwer seng Roll als Pianist an och iwwer seng nei Tâche als éischten Haaptgaaschtdirigent an der Geschicht vun der Warschauer Philharmonie.
    8 min
  • E Chrëschtconcert mat Liichtspektakel
    Beim “Noel en lumière 2.0” komme ganzer véier Chéier zu engem Ensembel zesummen, begleet vun engem Harmonium, enger Uergel, engem Piano an engem Blechbléiserquintett vu Paräis. D’Michelle Barthel war sech dës Woch déi éischte Prouf fir dee Concert ukucken an ulauschteren.
    5 min
  • Den Taysir Batniji huet et als Kënschtler gepackt, ...
    “Dis-Placed” ass den Titel vun enger Gruppenexpo, déi Dir nach bis den 19. Januar an d’Escher Konschthal kucke goe sollt. Eng Dosen international an national Kënschtler:innen thematiséieren, a ganz ënnerschiddleche Konschtdisziplinnen, den Deplacement, de Verloscht vum Heem, vu sengem Doheem, also net just vun enger Architektur oder engem Territoire, mee och vum Gefill vun der Sécherheet, der Zougehéieregkeet zu engem Grupp an all de Konsequenzen. E Curateuren-Team huet d’Crème de la Crème fir d’Expo gewanne kënnen, weist Aarbechte vum Omer Fast, vun der Marlène Dumas, vum Gregor Schneider, vun nationaler Säit vun der Lisa Kohl. An och vum Palästinenser Taysir Batniji, deen extra op Esch gereest war, an do bereet war, dem Kerstin Thalau Froen ze beäntweren.
    9 min
  • Jazz from Luxembourg and Bruxelles
    De leschte Weekend waren zu Bréissel e puer besonnesch Deeg fir de Lëtzebuerger Jazz. KulturLX huet an Zesummenaarbecht mat dräi Bréisseler Venues d‘Band Ciao Kennedy, dem Michel Meis säi Projet Colibri, dem Greg Lamy a Participantinne vum Neimënster sengem PropulsionWOMEN d‘Geleënheet ginn, d‘Relatioune mat der belscher Zeen ze fleegen. Och de Pianist, Batteur a Vibraphonist Jerome Klein an dee jonken Trompettist Daniel Migliosi ware mat dobäi an hu mat engem belsche Kolleeg an enger hollännescher Kolleegin ee Concert an enger neier Formatioun gespillt. Fir iwwer dës Erfarung ze schwätzen war de Jerome Klein bei eis am Studio.
    8 min
  • Bruch a Bizet
    Dee 25 Joer alen ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko trëtt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op a wäert dat Wierk spillen, deem de Komponist Max Bruch bis haut seng Reputatioun ze verdanken huet: de Geieconcerto Nr. 1 a Sol mineur. Och den Orchester féiert bekannte Repertoire op. Um Programm stinn dem Bizet seng populäersten Ouerewierm aus der Oper “Carmen”. An deenen zwou Orchester-Suitte vun der Bünemusek ginn d’Lëtzebuerger Philharmoniker vum Hankyeol Yoon dirigéiert.
    D'Natasha Ehrmann an de Christophe Mirkes ënnerhale sech iwwer de Concertsprogramm an iwwer de Solist.
    8 min
  • Vu Kollaborateuren, Attentisten a Resistenzler ...
    An dësem véierten Deel vun eiser Visite guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres weider duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg.
    Mir kucke méi prezis op d‘Verhale vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, weisen, wien d‘Kollaborateure waren, wat Attentiste waren, a wéi sech d‘Resistenz gebilt an entwéckelt huet.
    D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt. All Infoen zu dëser Expo an iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
    24 min
  • "Mythologie du .12" vum Célestin de Meeûs
    Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, an den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei rezenséiert de Jeff Schinker "Mythologie du .12" vum jonke belschen Auteur Célestin de Meeûs, dee fir säin éischte Roman eng Mention spéciale vum Prix Wepler krut.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners