Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Margret Steckel - Doswidanja, Genosse
    D’Margret Stéckel erzielt d’Geschicht vum Lukas Braak, dee Schëffskapitän an der DDR war a wéinst Westkontakter säi Beruff huet missen opginn. Hien a seng Fra verléieren hir Aarbecht. Well si vun eppes liewe mussen, fänkt hien u bei der LPG, der Landwirtschaftlichen Produktionsgenossenschaft ze schaffen.
    De Lukas war ëmmer en treie Sozialist, huet iergendwéi un d’DDR an un de Sozialismus gegleeft. Seng Mamm hat d’Famill verlooss, wéi hien nach ganz kleng war a war an Amerika ausgewandert. Wéi de Lucas schonn als Kapitän geschafft huet, hat si op emol Loscht hire Fils erëmzegesinn, an dat war dann dee Westkontakt, deen de Lukas zum Fale bruecht huet.
    De Lukas fillt sech ongerecht behandelt a just éier d’Mauer fält, schreift hien dem Erich Honecker e Bréif, andeem hien deem proposéiert mat him ze schwätzen.
    D’Margret Steckel hëlt eis mat an d’Kandheet vum Lukas, säin Erwuesseginn, Kenneléiere vu senger Fra, alles ass u sech eng Skizz, mee mat esou enger Intensitéit, typesch Margret Steckel, si seet an engem Saz esou vill, wou anerer eng ganz Säit brauchen ... D’Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer d’Wierk, dat bei Capybarabooks erauskoum.
    9 min
  • Al Musek - ee Genre mat Zukunft zu Lëtzebuerg?!
    De Rosch Mirkes ass zanter hirer Grënnung am Joer 2001 Directeur artistique vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette. Ee Festival vu Januar bis Abrëll, dee sech der Aler Musek ugeholl huet a bei ville Leit aus der Klassikzeen Uklang fënnt. Hei trieden ausschliisslech international Kënschtler:innen op. Den Undrang bei de Museker:innen jiddefalls ass grouss, mee wéi gesäit et beim Public aus?
    Wéi grouss sinn d'Ännerunge vum Festival iwwer déi zwee Joerzéngten? Zitt Al Musek weiderhin zu Lëtzebuerg oder hëlt dee Genre a Publikum an u Popularitéit zu Lëtzebuerg of? Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann mam Rosch Mirkes ënnerhalen.
    8 min
  • Booker Prize: "Wandering Stars" vum Tommy Orange
    Mir liesen eis um 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher, déi fir de Booker Prize nominéiert goufen. Dës Kéier stelle mir eent vir, dat et net op d'Shortlëscht gepackt hat, mee wat trotzdeem immens liesenswäert ass. Et geet ëm “Wandering Stars” vum Tommy Orange - ee Buch, dat enger indigener Famill an Amerika iwwer e puer Generatioune begleet. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.
    7 min
  • Jean-Louis Schlesser - Ënner Bridder
    Am Jean-Louis Schlesser sengem Roman “Ënner Bridder”, deen am Verlag op der Lay erauskoum, léiere mir véier Bridder kennen: Den Néckel, den Aloyse, de Charel an de Jos.
    Eng Geschicht an eng Entwécklung, déi sech tëschent 1947 an 1972 ofspillt.
    Véier Bridder, déi net méi verschidde kéinte sinn, si stamen aus dem Éislek a verdeele sech am Laf vun hirem Liewen duerch d’Land - a genee dat ass wuel d’Absicht vum Schlesser, fir duerch d’Bridder e Bild vu Lëtzebuerg ze zeechnen - d’Politik, de Pafentum, de Fric an d’Aarbechterklass ... D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich
    9 min
  • Geméis
    No de Friichten ass et dës Woch d'Wuert "Geméis", op dat de Jean Portante seng etymologesch Lupp riicht.
    12 min
  • .Jhemp Hoscheit - Ouninumm
    E ganz sensibele Sujet geet de Jhemp Hoscheit hei un: Erzielt gëtt d’Geschicht vun der 13-järeger Connie, déi sexuell mëssbraucht gouf. Den Hoscheit féiert eis op zwee Niveauen duerch de Roman. Engersäits d’Perspektiv vum Connie, seng Gedanken, seng Onsécherheeten an Ängschten. Säi Courage a seng Analysen, déi duerch d’Therapie zum Virschäi kommen, dann awer déi neutral Erzielform, wou mir de Prozess vum Connie senger Revelatioun materliewen, d’Roll vun der Mamm a wéi hatt sech vum Ouninumm-Zoustand ze befreie probéiert. Keen einfache Sujet fir e Roman, deen de Jhemp Hoscheit awer mat vill Sensibilitéit, Empathie a Hannergrondwëssen op d’Blat bréngt. D’Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer “Ouninumm” vum Jhemp Hoscheit (Editions Guy Binsfeld)
    10 min
  • Der Germaine Hoffmann hire verdéngten Duerchbroch koum mat 90
    Um Enn vum Joer wëlle mir gären nach emol u Perséinlechkeeten erënneren, déi eis ënnerwee verlooss hunn. Esou zum Beispill d’Germaine Hoffmann: mat 94 Joer am Juli 2024. D’Germaine Hoffmann, Joergang 1930, koum aus enger bekannter lëtzebuergescher Kënschtlerfamill: hire Mann war de Schrëftsteller Leopold Hoffmann, hire Fils Frank huet sech am Theater en Numm gemaach, de Schauspiller André Jung ass hiren Eedem. Datt d’Germaine Hoffmann déi lescht 50 Joer selwer och Konscht gemaach huet, an zwar haaptsächlech interessant Collagen, war just engem klengere Krees bewosst. Bis dunn hir Enkelin, déi plastesch Kënschtlerin Sophie Jung, hir am Hierscht viru 4 Joer, eng Aart Retrospektiv am Casino organiséiert huet. D’Kerstin Thalau hat 2020 Geleeënheet, sech an deem Kontext mat der Germaine Hoffmann ze ënnerhalen.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners