Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D’Aube Rey Lescure iwwert hire Roman "River East, River West"
    De Roman River East, River West koum ufanks lescht Joer bei den Editions William Burrow an Duckworth eraus. D’Geschicht spillt zu Shanghai a China. Erzielt gëtt se ofwiesselnd aus der Perspektiv vun der Teenagerin Alva an hirem Stéifpapp Lu Feng. Béid hunn eng komplizéiert Bezéiung zu der Sloan, hir Mamm respektiv Fra, eng Amerikanerin, déi den an USA net géing opfalen, a China awer ëmmer am Mëttelpunkt dierft stoen. D’Buch erfuerscht dobäi den Effekt vun der Sloan hirer exzentrescher Perséinlechkeet op d’Liewe vun hirer Famill. Déi franséisch-chineesesch-amerikanesch Autrice Aube Rey Lescure war dës Woch op Invitatioun vum Bicherclub Between the Lines an der City Bibliothéik fir d’Buch ze presentéieren. Den Nicolas Calmes duerft sech duerno mat hir ënnerhalen.
    Foto: Melvin Victorio
    12 min
  • Unlearn
    De Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3) huet elo en neien Album opgeholl. Den Trio stellt sech zesummen aus der Rachel Xi Zhang um Marimba, dem Laurent Warnier um Vibraphon an dem Pascal Meyer um Piano.
    Déi dräi hunn sech wärend hire Studien zu Amsterdam kenne geléiert.
    Fir hiren neien Album "Unlearn" hunn si mat ville Kënschtler zesummegeschafft, wéi mam Pol Belardi a mam Michel Reis. 
    De Release-Concert vum Album ass den 18. Januar 2024 um 8 Auer Owes op der Schmelz zu Diddeleng.
    D'Marie Schockmel huet sech mat der Rachel Xi Zhang an dem Pascal Meyer iwwert den Trio an de neien Album ënnerhalen.
    9 min
  • De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet
    Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100’000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:inne proposéiert, e Jury huet néng Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Déi indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d’Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer zum Beispill de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d’Kerstin Thalau hat d’Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.
    10 min
  • Eurosonic - wat ass dat iwwerhaapt?
    Haut fänkt den Eurosonic Festival un. Dat ass dee gréissten europäesche Showcase Festival. An der hollännescher Stad Groningen komme Professioneller aus dem Musekssecteur zesummen, fir nei Talenter z’entdecken. Fir eis op der Plaz sinn den Jamie Reinert an den Yves Stephany. Si erklären, firwat dëst Joer de Lëtzebuerger Museker Ryvage zu Groningen optrëtt, wéi eng Roll de radio 100,7 dobäi spillt, a wat dëst Joer Spannendes op der Affiche steet.
    6 min
  • Benjamin Kuithof gewënnt bei den ICMA
    De jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof kritt de Präis vum Young Artist of the Year den 21. Mäerz beim Galaconcert vun den International Classical Music Awards 2025 an der Tonhalle zu Düsseldorf iwwerreecht. Hie gouf vum radio an opus 100,7 nominéiert a vum Jury vun den ICMA als Gewënner erausgesicht. Dëse Jury setzt sech Vertrieder vun 19 Medien aus 16 verschiddene Länner zesummen. Lëtzebuerg ass iwwer pizzicato.lu an de radio 100,7 an dësem Jury vertrueden.
    7 min
  • Mënscherechter haut...
    Haut komme mer bei de leschten Deel vun eiser Visitt guidée duerch di permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter. An hei geet de Fokus op d‘Mënscherechter. Wat sinn déi verschidde Konventiounen? Gi se ëmgesat a respektéiert a wien ass dovu betraff? Eng Visitt gefouert vum Jim Goerres an engem Bäitrag vum Valerija Berdi.
    Déi ganz Visitt guidée ass an eiser Mediathéik ze lauschteren an et ass de Jim Goerres, deen duerch d‘Expo féiert. Weider Informatioun iwwer des Ausstellung an de Resistenzmusée sinn op mnr.lu ze fannen. Déi ganz Serie huet d‘Valerija Berdi zesummegestallt.
    9 min
  • Ladies Football Club
    Am Theatre du Centaure, där Klengster vun de Stater Bünen, leeft nach bis den 19. Dëses Mounts eng Kreatioun vum Stefanno Massini de Monolog “Ladies Football Club”. Duerno wandert d’Produktioun aus dem eegenen Haus fir zwee weider Datumer bei de Kopoduzent CAPE, den 23. A 24. Januar. Mir waren dëst Stéck fir
    Iech kucken an erzielen eis Impressiounen.
    8 min
  • Bande Dessinée: "Graines de voyous"
    "Graines de voyous" ass de mëttlerweil aachten Deel vun der Serie Les Vieux Fourneaux vun den Auteuren Wilfrid Lupano a Paul Cauuet. Et geet ëm d’Duerfliewen am Süde vu Frankräich, ëm Toulouse, wou eeler Häre mat de Schwieregkeete vum moderne Liewe confrontéiert ginn.
    6 min
  • Eraus, an d'Näischt
    Muer den Owend (14.1.) ass am Stater Conservatoire den Neijoerschconcert vum Ensemble Vocal du Luxembourg. Nieft dem "Gloria" vum John Rutter steet och eng Uropféierung um Programm. Et ass déi nei Kompositioun vum Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen. Am Mëttelpunkt steet de Weltall.
    De Christophe Mirkes huet mam Komponist, mat zwee Chouersänger a mam Dirigent iwwer d'Thema an d'Visioun hannert "Out, into the void" geschwat.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners