Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "L'enfantôme"
    “L’enfantôme” ass déi lescht BD vum Fransous Jim Bishop. Et ass d’Conclusioun vun der “Trilogie de l’enfant” no "Lettres Perdues" a "Mon ami Pierrot". Et geet een der Geschicht vum “boutonneux” no, engem onglécklechen Teenager, deen drop an dowidder ass duerchzefalen. De Conseiller Morantano huet mam “boutonneux” sengen Elteren eng Noutfallléisung entwéckelt. Den Nicolas Calmes rezenséiert.
    4 min
  • Opwenneg a villschichteg Videoinstallatiounen zum Theema Zäit an Tiger am Mudam

    "Nëmme Mënsche mat Zäit kënnen et sech leeschten, doriwwer nozedenken, wat Zäit eigentlech ass", liest een ënner enger Videoinstallatioun vum Ho Tzu Nyen am Mudam. De plastesche Kënschtler koum 1976 am Stadstaat Singapur op d'Welt a gehéiert ewell zu de wichtegste Mixed-Media-Artiste vu senger Heemecht. A fir seng imposant Wanderexpo "Time and the Tiger" huet hie sech nawell vill Zäit geholl, och well hie fir d'Visiteure seng Gedanke konstruktiv eriwwer brénge wollt. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, sech mam Ho Tzu Nyen doriwwer auszetauschen.

    12 min
  • "Picture a day like this"
    "Picture a day like this" ass eng Oper, déi de brittesche Komponist George Benjamin 2023 um Festival d'Aix-en-Provence kreéiert huet. Et ass eng Koproduktioun tëschent verschiddenen Opere- an Theaterhaiser, ënner anerem dem Groussen Theater an der Stad an dem Royal Opera House zu London. Den 28. Februar steet déi Oper op der Affiche am Groussen Theater an der Stad. Mat dobäi sinn den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL), 5 Sängerinnen a Sänger, 3 Acteuren an natierlech d'Dirigentin vum OCL, d'Corinna Niemeyer.
    Et ass eng zäitgenëssesch Oper, déi awer och ganz universell an zäitlos ze verstoen ass. D'Co-Regisseurin Marie-Christine Soma beschreift se als "opéra intime et proche des gens et délicat".
    De Lex Kauffmann huet sech mat hir a mat der Corinna Niemeyer iwwer hir Zesummenaarbecht an dëse Projet ënnerhalen.
    8 min
  • Claudine Muno mat "ROFF"

    D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.

    24 min
  • Berlinale (3) Am Gespréich mat der Sophie Mousel

    Déi Lëtzebuerger Schauspillerin Sophie Mousel ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" spillt si der Haaptfigur Bernard hir Partnerin, an a "Reflet dans un diamant mort" eng vun de sëllege Fraefiguren, déi dem Geheimagent John D. iwwer de Wee lafen. De Jeff Schinker huet sech mat hir zu Berlin ënnerhalen.

    12 min
  • Filmkritik: "Rabia"
    E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino mam Michel Delage, Vesna Andonovic a Valerija Berdi
    9 min
  • Uergelwei an der Ecole Sainte-Sophie
    Zanter leschte Mëttwoch huet Lëtzebuerg eng Uergel méi am Gebrauch. A Presenz vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gouf an der Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad eng Uergel geweit.
    Speziell ass, datt dës Uergel an enger Schoul, an net wéi gewinnt an enger Kierch steet. Mee wat mécht d'Schoul mat dëser Uergel, a wéi leeft esou eng Uergelwei of?
    De Lex Kauffmann aus der Klassik-Ekipp war bei der Wei dobäi an huet mam Zeremoniar Jean-Pierre Reiners doriwwer geschwat.
    8 min
  • Lëtzebuerger Koproduktiounen op der Berlinale
    Mir sinn entretemps an der Hallschent vun der 75. Berlinale ukomm - an och d’Hallschent vun de Lëtzebuerger Koproduktioune si mëttlerweil zumindest an de Pressevirféierungen ze gesi gewiescht. De Jeff Schinker ass um Festival a mécht en éischte Bilan.
    17 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners